Mir musse schwätzen iwwer ons Demokratie an ons Walen. Et ginn nämlech Zoustänn zu Lëtzebuerg, déi mir net sou stoe loosse kënnen, soss kéint ons Demokratie drënner leiden. Nee, mir riskéieren net an en totalitäre System ze verfalen, eis Demokratie huet just Feeler, déi ausgebessert musse ginn. Eent dovun huet mat onse Walbezierker ze dinn.

Looss eis dofir mol schnell e puer Zuele vun de Chamberwalen 2018 ukucken. Net d’Resultater, déi sinn dofir oninteressant, mee d’Zuele vun de walberechtegte Leit zu Lëtzebuerg. Dat sinn alleguer déi volljäreg Lëtzebuerger:innen déi zu Lëtzebuerg oder am Ausland wunnen. Fir ze vereinfachen, nennen ech jiddereen:t wou walberechtegt ass an dësem Blog Wieler:innen. Bei de leschte Chamberwale goufen et 256.698 Wieler:innen.

Op déi ronn 257.000 Wieler:inne komme 60 Deputéiert:er an der Chamber. All Deputéiert:en vertrëtt also am Duerchschnëtt 4.278,3 walberechtegt Awunner:innen, dat sinn 1,67%. Okay, sou einfach ass et dann awer net. An der Verfassung ass nämlech festgehalen, dass mir 60 Sëtz an der Chamber hunn an déi op déi jeeweileg Walbezierker verdeelt ginn. Am Osten der 7, den Norde kritt der 9, den Zentrum 21 an de Süden 23. Kucke mir ons mol kuerz en Tableau dozou un:

BezierkWieler:innen 2018Sëtz
Osten36.3047
Norden46.7359
Zentrum71.57921
Süden102.08023
Total256.69860
Wieler:innen a Sëtz no Bezierk bei de Chamberwalen 2018

Hm. Moment mol. Den Zentrum huet e bësse manner wéi duebel sou vill Wieler:innen, wéi den Osten, awer 3x sou vill Sëtz, Gerecht ass dat net, well dat bedeit, dass d’Wieler:innen am Oste manner politesch Muecht hunn, wéi d’Wieler:innen am Zentrum. Fir dat Muechtverhältnis besser ze erkennen, kann een och nach e bësse ronderëm rechnen.

BezierkWieler:innen/Deputéiert:en 2018Prozent
Osten5.186,2914,29
Norden5.192,7811,11
Zentrum3.408,524,76
Süden4.438,264,35
Total4.278,31,67
Verhältnis vu Wieler:innen pro Deputéiert:en no Bezierk bei de Chamberwalen 2018

Mir gesinn also, dass en:g Deputéiert:en aus dem Norden ongeféier 5.193 Wieler:inne vertrëtt, wärend en:g Deputéiert:en aus dem Zentrum der just ongeféier 3.409 vertrëtt. Am Norden an am Osten hunn d’Wieler:innen also vill manner politesch Muecht, wéi am nationalen Duerchschnëtt. Als Wieler aus dem Osten ass also meng Stëmm 1,52x méi schwaach, wéi déi vu menger beschter Frëndin aus dem Walbezierk Zentrum. Gläichzäiteg gëtt et awer och de Probleem, dass et fir Mënschen aus dem Osten an aus dem Norde méi schwéier ass, e Sëtz an der Chamber ze ergatteren, wéi am Zentrum oder am Süden. Mee fir dee Probleem ze léisen, gëtt et immens schwéier, falls et iwwerhaapt eng ka ginn. Kann een dann awer de Probleem vum ongläiche Muechtverhältnis léisen?

Wann ee bei de 60 Deputéiert:en fir dat ganzt Land bleift, da kéint ee jo mol probéieren, d’Verdeelung vun den Deputéierten op déi verschidde Walbezierker unzepassen. Dofir kann een sech als Referenz dat nationaalt Wieler:innen zu Deputéiert:en Verhältnis ukucken, dat 2018 bei 4.278,3 Wieler:innen/Deputéiert:en louch. Dann kéint ee kucken, fir dat Verhältnis un déi verschidde Walbezierker unzepassen. Dofir rechne mir mol e bësse ronderëm:

BezierkWieler:innenSëtzVerhältnis
Osten36.30484.538
36.30494.033,78
Norden46.735104.673,5
46.735114.248,54
Zentrum71.579164.473,69
71.579174.210,53
71.579183..976,61
Süden102.080234.438,26
102.080244.253,34
Alternativ Sëtzverdeelungen

Déi aus der Vu vun de Wieler:inne gerechtste Verdeelung wier also, wann den Osten 9 Sëtz hätt, den Norden der 11, den Zentrum 17 an de Süde bleift bei sengen 23. Komplett fair wier dat net, elo wier den Oste liicht iwwerproportional vertrueden, mee et ass ëmmerhi méi gerecht, wéi dat wat mir am Moment hunn.

+-+ Update +-+
Ech hat vergiess unzeginn, wou ech d’Zuelen aus den Tabellen hier hunn. D’Zuelen sinn alleguer aus dësem Artikel:
👉 https://www.wort.lu/de/politik/die-zahlen-rund-um-die-wahlen-5bc2edad182b657ad3b958aa

Kategorien: Demokratie

0 Kommentare

Schreibe einen Kommentar

Avatar-Platzhalter

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.