Meme aus Pokémonspiller: "Wat d'adr entwéckelt sech? Gléckwonsch, d'adr huet sech zur AfD entwéckelt"

D’AfD’iséierung vun der adr ass ofgeschloss

Laang konnt beobacht ginn, wéi d’adr ëmmer méi vun enger riets-konservativer Partei entfernt an sech zu enger Sort AfD op lëtzebuergesch entwéckelt. Mëttlerweil ass dës Entwécklung ofgeschloss a si flirten ëmmer méi mat Schwurbler:innen a Rietsextremist:innen. An dësem Blogpost verallgemengeren ech reegelméisseg „den adr“, domat mengen ech eenzel Politiker:inne vun der Partei. Weiterlesen…

Lëtzebuerg mir musse schwätzen

Mir musse schwätzen iwwer ons Demokratie an ons Walen. Et ginn nämlech Zoustänn zu Lëtzebuerg, déi mir net sou stoe loosse kënnen, soss kéint ons Demokratie drënner leiden. Nee, mir riskéieren net an en totalitäre System ze verfalen, eis Demokratie huet just Feeler, déi ausgebessert musse ginn. Eent dovun huet mat onse Walbezierker ze dinn. Weiterlesen…