Fir dass e gudden a fairen Dialog an de Kommentare stattfanne kann, hunn ech dës Reegele opgesat, déi dir wgl. respektéiere sollt:

1. Bedenk, dass um aneren Enn och e Mënsch mat enger Meenung a Gefiller setzt, éier du eppes posts oder kommentéiers. 

2. Fleeg ëmmer en héiflechen a respektvollen Ëmgang.

3. Respektéier d’Meenunge vun anere Leit.*

4. Hate Speech an Opriff zur Gewalt sinn net erlaabt.

5. Deel keng Fake News oder Inhalter vu Quellen, déi net seriö sinn.

6. Respektéier d’Privatsphär vun anere Mënschen.

Beim Verstouss géint dës Netikett, huele ech mir d’Recht fir, de Kommentar ze läschen. Bei widderhueltem Verstouss oder bei engem schlëmme Verstouss gesi ech mech gezwongen, déi Leit ze blockéieren.

*Inhalter, déi net erlaabt sinn, also Rassismus, Antisemitismus, Xenophobie, Sexismus, Homophobie, Ableisme, etc. si keng Meenung, mee sinn Hate Speech a gi vu mir net toleréiert.