Dass den Inneminister Gloden keen Häerz huet, ass net nei. Dat wësse mir spéitstens säit hien der Stad Lëtzebuerg dat ëmgangssproochlech genannten Heescheverbuet erlaabt huet, wou hien a gudder aler Law and Order Manéier op déi schwächste Leit aus eiser Gesellschaft dropfacht. Mee seng Reaktioun op den illegitimme Vandalismus géint säi Privatbesëtz, weist just, dass hien dem Ministeramt net wierdeg ass.
Éier mir erëm virgeheit gëtt, ech wier déi Persoun gewiescht, déi dee Vandalismus begaangen hätt, loosst mech erlaben, mech dovun ze distanzéieren. An enger Demokratie ass et richteg a wichteg, dass Politiker*inne kritiséiert ginn. Dat mécht eis Demokratie aus. Et ass awer net legitim, bei Politiker*innen Heem ze goen an do Privatbesëtz ze besprayen a Pneue futti ze picken. Dat ass méi oder manner direkt eng Menace géint déi Persoun an hire Matmënschen, déi mat hir zesumme wunnen. Jiddereen, wou behaapt, déi Aktioun beim Gloden sengem Privathaus wier eng legitim Protestaktioun gewiescht, muss sech onbedéngt e reality check ginn, well dat ass et absolutt net.
De Minister Gloden huet awer elo an engem Interview mam l’essentiel1 behaapt, dass Kritik, wéi déi vum net onëmstriddene Politiker bei déi lénk a Museker Serge Tonnar Schold un deem Vandalismus bei him Doheem gewiescht wier. De Serge Tonnar huet op Facebook e Gedicht gepost2, deen dem Minister Gloden säin Heescheverbuet kritiséiert. Um Gedicht ass näischt verwerflech, et gëtt keng Beleidegung, Menace a scho guer net en Opruff zu Gewalt géint de Minister gestallt. Et kann een héchstens kritiséieren, dass de Serge Tonnar e KI Bild vum Minister mam Post eropgelueden huet. Do scheede sech aktuell jo d’Geeschter, ob KI Biller fir politesch Zwecker de mauvais Goût sinn oder net. Mee souguer um Bild selwer ass soss näischt verwerflech.
Déi Aussoe vum Minister Gloden am l’essentiel weisen, dass hien eng zweifelhaft Astellung géintiwwer legitimmer Kritik a géintiwwer der Konschtfräiheet huet, wat béides elementar wichteg Punkte vun eiser Demokratie sinn. Dobäi kënnt nach, dass hien déi polizeilech Info, dass um beschiedegten Auto vu sengem Bouf Fangerofdréck fonnt goufen, selwer an deem Interview verréit, ouni eng Kommunikatioun vun der Police selwer ofzewaarden. Ass dat als Inneminister, deen iwwert d’Police zoustänneg ass eng Form vu Muechtmëssbrauch? Ech weess et net, et liest sech awer ganz komesch.
Als een, deen elo schonn eng Rei Joer bei déi gréng aktiv ass, hunn ech wierklech oft matkrut, wéi gréng Mandataire Beleidegungen a Menacen ofkruten. Spontan fale mir de Kappschoss duerch e Walplakat mam Sam Tanson drop an, oder déi doudeg Kaz op engem Walplakat vun déi gréng Iechternach. Obwuel den Toun géint gréng op de soziale Medien déi lescht Joren och immens rau war an ee ganz vill onfair Kritik a Beleidegunge géint déi gréng liese konnt, ass kengem grénge Mandataire jeemools agefall, der legitimmer Kritik, oder souguer Kënschtler*innen, d’Schold u Beleidegungen a Menacen ze ginn.
Dat ass déi Dignitéit am Ëmgang mat sou Menacen, déi ech an dësem Fall beim Minister Gloden fuerchtbar vermëssen. Eng Dignitéit, déi ech mir vun der CSV-DP Regierung eigentlech erwaarden, wou meng Hoffnungen awer elo schonn no 50 Deeg ganz kleng sinn. Eng Dignitéit, déi eng gesond Demokratie onbedéngt vu Mandatair*inne brauch, fir ondemokrateschen Tendenzen, déi mir iwwerall am Ausland an och scho bei eis gesinn, kee fruchtbaren Nährbuedem ze ginn. Dat ass och firwat de Minister Gloden menger Meenung no sengem Amt net wierdeg ass.
0 Kommentare