Déi Fro dierften sech am Moment navell vill Leit zu Lëtzebuerg stellen, nodeems bannent kierzter Zäit, a kuerz virun de Chamberwalen, direkt e puer Fäll vu Rietsextremismus an aner Fäll mat Verbindungen zu Zeenen aus dem Verschwierungsmilieu opgedeckt goufen. Dat muss wuel eng rezent Entwécklung sinn, froen sech vill Leit. Villäicht säit de Keup mat sengem Wee 2050 der adr bäigetrueden ass oder säit de Gybérien a seng politesch Rent gaangen ass? An dësem Post wäert ech e puer Fäll aus der Vergaangenheet opzielen. Se alleguer stellen eng Verbindung tëschent adr a Rassismus, Xenophobie, geféierleche Verschwierungserzielungen an/oder Rietsextremismus duer. Ech resüméieren all Kéiers just dat wichtegst an ergänzen et mat Links zu verschiddenen zäitgenësseschen Artikelen, fir eng weider Lektür.

Wat fir Fäll si rezent geschitt?

Ugefaangen huet et am Juli, wou den adr Kandidat am Ostbezierk Alain Vossen vun der Lëscht geflunn ass, well hien an der Vergaangenheet op Facebook Hitler Witzer gedeelt hat a Fotoen a Gezei mat SS Runen drop gepost huet.[1]|[2] Elo kierzlech am September dann si Verbindungen tëschent dem adr an enger franséischer rietsextremer Sekt, déi eng vun de franséischen Autoritéite beobacht Partei ginn ass, opgedeckt ginn.[3]|[4] Direkt duerno gouf et de Fall, dass den adr Kandidat Dan Hardy d’Shaef Logo als Profilbild benotzt huet. D’Logo ass ënnert anerem bei de rietsextremen Räichsbierger beléift.[5]

De Fall Adrenalin 2011

2011 si 5 vu 7 Leit aus dem Virstand vum adrenalin ausgetrueden. Déi Leit sinn aus Protest wéinst “„unvertretbare[n] Äußerungen“ einiger Personen aus der Mutterpartei”[6] zréckgetrueden. Ze liesen ass ausserdeem, dass et zu ondrobare friemefeindlechen Äusserunge kéim an dass d’Partei net genuch maache géif, fir sech vu rietsem Gedankegutt ze distanzéieren.[7]

De Fall mam Liliana Miranda 2014

D’Liliana Miranda war vun 2013 bis 2014 Generalsekretärin vun der adr. Am Juni 2014 ass si demissionéiert an aus der Partei ausgetrueden. E laange Blogpost mat villen Erklärungen, léisst och haut nach déif an d’Partei blécken: D’adr distanzéiert sech um europäeschen Niveau net genuch vu rietsextreme Parteien, et gëtt op de Front National (haut Rassemblement National) eropgekuckt, an et ginn ze vill rassistesch a xenophob Leit an der Partei.[8] D’Versprieche, sech vu rietsem Gedankegutt ze distanzéieren, ass net agehale ginn.

De Fall Joe Thein 2017

Ënnert engem Facebook Post vum Fernand Kartheiser, deen den Ausseminister Jean Asselborn kritiséiert, schreift e User e Kommentar, dee wéi e Mordopruff géint den Här Asselborn ze liesen ass. De Joe Thein liket dee Kommentar, wat anere User opfält. Als Reaktioun flitt de Joe Thein aus der adr a grënnt eng nei riets Partei.[9]|[10]

De Fall Roy Reding

Säit de Roy Reding am Juni aus der adr ausgetrueden ass, well hien net als Spëtzekandidat op déi Stater Lëscht fir d’Gemengewale gesat gouf[11], spuert hien net mat Kritik un der adr. Dass hie selwer en immens ëmstriddene Personnage ass, weist ënnert anerem de Fakt, dass d’Spart “Kontroversen” bal d’Hallschent vu sengem däitsche Wikipedia Artikel ausmécht. Eng éischte Kéier als Antivax Aktivist ass hien am Dezember 2021 opgefall, wou hien d’Telefonsnummer vun engem Tageblatt Journalist an enger Antivax Telegram Grupp verëffentlecht huet.[12]|[13] Mëttlerweil huet hien seng eege Partei gegrënnt, där sech vill aus der rietser Antivax Verschwierungszeen bekannte Leit ugeschloss hunn a fir d’Chamberswale kandidéieren.[14]

De Fall Timon Müllenheim

De Fall Timon Müllenheim ass quasi d’Pandora’s Box an zitt sech wéi e roude Fuedem duerch déi lescht 10+ Joer adr Geschicht. Ugefaangen huet et 2012 mat sengem Parteiausschloss aus der adr. Hien ass deemols mat anere Membere gebiede ginn, wéinst dem Verbreede vun islamophobem a rietsextreemem Gedankegutt, aus dem adrenalin Comité an der adr auszetrieden.[15]|[16] Hien ass duerno a rietsextreme Gruppen, wéi der Amicitia – Lëtzebuerger Patriote Liga aktiv ginn.[17]|[18] Am Januar 2015 ass hie medial opgefall, well hien zu Köln mat engem roude Léiw Fändel un enger Pegida Demo deelgeholl huet. Pegida war eng islamophob a friemefeindlech Bewegung géint Migratioun wärend der Flüchtlingskris.[19] Wärend der Pandemie huet de Müllenheim sech och ënnert d’Demonstrant*innen vun den Antivax Bewegunge gemëscht.[20] Bis Haut deelt hien an de soziale Medien Inhalter vu rietsextreme Medie wéi dem Deutschland Kurier oder der jungen Freiheit, Inhalter vum rietsextreme Verdachtsfall AfD oder Inhalter vu chrëschtleche Sekten.

Mat der Distanzéierung vum adr zum rietsextremen Timon Müllenheim hat et awer ni sou richteg geklappt. D’Liliana Miranda hat schonn 2014 an hirer Erklärung Folgendes iwwert de Müllenheim geschriwwen: “Méi spéit ass e mat de Lëtzebuerger Patrioten a Kontakt getrueden[…]. Fir et kloer an däitlech ze soen: d’Lëtzebuerger Patrioten […] kann ee wuel mat enger NPD gläichstellen.” an “Et huet mech schrecklech schockéiert, datt éischtens den Timon Müllenheim op d’Kongresser vun der ADR komm ass (nodeems en erausgeheit gouf) an datt zweetens ech an der Partei drop opmierksam gemaach hunn a seng Präsenz als ganz normal empfonnt ginn ass (Zitat: « da setze mir en einfach hannen an de Sall, fir datt en net op d’Foto kënnt »)”.[21] Bis haut gouf et keng Distanzéierung zum rietsextreme Müllenheim a bis viru kuerzem war hien och op enger Rei Fotoen um Site an de sozialen Netzwierker vum adr ze gesinn. Déi kruten awer mëttlerweil kal Féiss an hu villes geläscht. Gutt dass de Müllenheim ganz vill Fotoe selwer eropgelueden huet, zB. um adr Summerfest 2023, um adr Nationalkongress 2023 oder och op engem Pub Quiz vum adrenalin zesumme mam Woroszylo.



Fazit

Säit e puer Deeg dierften déi Mannsten hannerfroen, dass d’adr op mannst deels rietsextrem ass. Mee eng kuerz a kleng Recherche, wéi déi heiten, beweist, dass et net réischt säit dem Gybérien senger Pensioun sou ass – “deen nach als leschten dee Buttek zesummegehalen huet”. Et ass och net réischt säit dem Zesummeschloss mam Wee 2050 an dem Verharmloser vun Naziverbriechen Tom Weidig oder dem Fred Keup säin “neie Stil”, dass d’adr méi extrem ginn ass. Vill Klengegkeete feelen an där Opzielung nach, vun M-Block bis Tatta Tom Hetzer*innen, wou d’adr mol méi mol manner offensichtlech mat ze dinn huet. Déi Entwécklung hin zum Rietsextremismus ass eng lafend Affär, déi säit op mannst 12 Joer undauert. Kee weess wéi dat weider verlafe wäert, mee eent ass kloer: “Wehret den Anfängen” gëllt net méi, well mir si matzen dran.


[1] https://www.wort.lu/politik/hitlerwitze-bei-der-adr/2233243.html

[2] https://www.tageblatt.lu/headlines/facebook-profil-mit-rechtsradikaler-symbolik-kandidat-der-adr-osten-macht-rueckzieher/

[3] https://www.tageblatt.lu/headlines/civitas-aufloesung-in-frankreich-hat-die-adr-kontakte-zur-rechtsextremen-partei/

[4] https://www.wort.lu/politik/warum-die-adr-mit-einer-religiosen-sekte-in-verbindung-steht/2852207.html

[5] https://www.tageblatt.lu/headlines/1007-adr-mann-hardy-nutzte-reichsbuerger-symbol-als-profilbild/

[6] https://www.tageblatt.lu/nachrichten/adrenalin-ist-am-ende-25140633/

[7] https://www.lessentiel.lu/de/story/junge-adr-loest-vorstand-auf-297532394382

[8] https://www.rtl.lu/news/national/a/545197.html

[9]https://www.tageblatt.lu/nachrichten/joe-thein-droht-adr-parteiausschluss-21661657/

[10] https://paperjam.lu/article/news-joe-thein-exclu-de-ladr

[11] https://www.wort.lu/politik/roy-reding-verlasst-die-adr/1852573.html

[12] https://www.tageblatt.lu/headlines/was-luxemburgs-lauteste-schwurbler-heute-treiben/

[13] https://www.tageblatt.lu/headlines/journalisten-verband-kritisiert-adr-abgeordneten-reding-scharf-und-fordert-konsequenzen/

[14] https://www.wort.lu/politik/roy-reding-geht-mit-eigener-bewegung-in-die-chamberwahlen/2108962.html

[15] https://www.lessentiel.lu/de/story/zu-weit-rechts-fuer-die-adr-796996058569

[16] https://www.woxx.lu/5683/

[17] https://www.wort.lu/luxemburg/gleich-und-gleich-gesellt-sich-gern/762025.html

[18] https://www.forum.lu/wp-content/uploads/2015/11/8163_353_Weber.pdf

[19] https://www.lessentiel.lu/de/story/was-macht-der-roude-leiw-bei-islamhassern-208343453812

[20] https://www.tageblatt.lu/headlines/das-sind-luxemburgs-gefaehrliche-schwurbel-influencer/

[21] https://www.rtl.lu/news/national/a/545197.html


0 Kommentare

Schreibe einen Kommentar

Avatar-Platzhalter

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.