D’Aktioune vun der Regierung a vu verschiddene Politiker*inne vun de Regierungsparteie loossen déif blécken. D’Fakte schwätze ganz haart géint dat repressiivt Heescheverbuet. Sou lues gëtt kloer, dass d’CSV an d’DP d’Sécherheetssituatioun am Garer Quartier an an der Stad am Allgemenge massiv iwwerspëtzt duergestallt hunn, fir mat den Ängschte vun de Leit Walkampf ze bedreiwen. Mir wësse mëttlerweil, dass de Probleem vum organiséierten Heeschen ni immens grouss war a souguer staark zréckgaangen ass an de leschte Joren. Mir wësse mëttlerweil, dass d’Heescheverbuet net rechtsstaatlech ass. Mir wësse mëttlerweil, dass doduerch déi wichteg Aarbecht vun der PJ ferm behënnert gouf an dass d’Sécherheet am Rescht vum Land op d’Spill gesat gouf, well massiv Polizist*innen an d’Stad ofgezu goufen.

Verantwortlech dofir ass de Minister Gloden. En neurotesche Ligener, egal ob et ëm däitsch Limousinne mat belsche Placke, Gesetzestexter, déi längst ofgeännert goufen oder un hien adresséiert Bréiwer vun der Procureur Général geet, wou hie fälschlecherweis einfach behaapt, déi wieren u seng Virgänger adresséiert gewiescht. E Minister, deem säi faktefräit Handele méi un eng Show erënnert, fir senge Wieler*inne virzegaukelen, hie géif eppes maachen. E Politiker, fir deen Konschtfräiheet kee wichtegen Deel vun der Demokratie ass. E Mann, dee mat Repressioune géint déi Äermst an der Gesellschaft reagéiert, fir d’Aarmut am Land vun de Stroossen ewech an ënnert den Teppech ze kieren. Dat entsprécht net der Dignitéit vun engem Minister.

D’Stater Buergermeeschtesch Polfer an hirem Law and Order Wahn freet sech, hire private Sécherheetstrupp aus der gesetzlecher Grozon entlooss ze hunn, déi duerch d’Polizist*innen ersat goufen, déi de Minister Gloden hir geschéckt huet. Dat maach och enger Députée-Maire net digne ze sinn, mee hirem Spëtznumm vun der Iron Lady mécht si domat awer all Éier.

Och net der Dignitéit vun hire Posten entspriechen d’Madamm Beissel an den Här Lies. D’Madamm Beissel, Stater Députée-Echevine vun der DP, “entschëllegt sech” fir hir antiziganistesch, rassistesch a klassistesch Aussoen a Gedanken aus engem Video mat, an ech zitéieren “[…] ech hunn net realiséiert, datt déi Wierder, déi ech gebraucht hunn, kéinte falsch opgeholl ginn.”, mat “[…] ech hunn dat sou am Eifer des Gefechts gesot […]” a mat “[…] ech entschëllege mech an ech man dat, well dat lo ugeholl gëtt, datt dat soll gemaach ginn […]”. Avis aux amateurs, fir mech kléngt dat no enger Nonpology wéi aus dem Billerbuch. Den Här Lies, Hesper Député-Maire vun der CSV, entschëllegt säi friemefeindlechen an hetzeresche Facebookkommentar mat dat wier aus dem Kontext gerappt ginn an dat wier him op Facebook als Message ugewise ginn. Rëm eng Nonpology, déi näischt besser mécht, am contraire. Doduerch, dass déi zwou Regierungsparteien dës Nonpologies akzeptéiert hunn an dat ouni weider Konsequenze fir déi Politiker*inne bliwwen ass, toleréieren an akzeptéiere si automatesch déi rassistesch a friemefeindlech Astellungen an hire Parteien.

“Mir vertrauen dësem Mann net! An du?” war eng Campagne vun eis, déi jonk gréng, aus dem Joer 2013. Dee Mann war den deemolege Minister Frieden, deem aus héije Kreesser virgeheit gouf, an d’Bommeleeër-Affär agegraff ze hunn an domat d’Gewaltentrennung a rechtsstaatlech Prinzippie verletzt ze hunn. Haut iwwerhëlt de Premierminister a CEO Frieden keng Verantwortung fir déi ganz Affären, ëm a ronderëm d’Heescheverbuet. Hie léisst och elo rëm zou, dass demokratesch a rechtsstaatlech Prinzippien ausser Kraaft gesat ginn. Mir vertrauen dësem Mann nach ëmmer net. Här Premier, Dir musst elo dringend Verantwortung iwwerhuelen an eppes ënnerhuelen.

Dës Shit Show vun der Regierung muss ophalen. Mir, déi jonk gréng, fuerderen, dass eis demokratesch Prinzippie rëm respektéiert ginn an dass all Mënsch, egal wat seng Plaz an eiser Gesellschaft ass, rëm respektéiert gëtt. De géigesäitege Respekt ass enorm wichteg. Dofir fuerdere mir, dass d’Heescheverbuet sou séier wéi méiglech réckgängeg gemaach gëtt. Ausserdeem fuerdere mir d’Récktrëtter vum Minister Gloden, der Madamm Beissel an dem Här Lies vun all hire Posten. Bekämpft d’Aarmut an net déi Aarm, un éischter Plaz déi Aarmut am Geescht.


0 Kommentare

Schreibe einen Kommentar

Avatar-Platzhalter

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.