Laang konnt beobacht ginn, wéi d’adr ëmmer méi vun enger riets-konservativer Partei entfernt an sech zu enger Sort AfD op lëtzebuergesch entwéckelt. Mëttlerweil ass dës Entwécklung ofgeschloss a si flirten ëmmer méi mat Schwurbler:innen a Rietsextremist:innen. An dësem Blogpost verallgemengeren ech reegelméisseg „den adr“, domat mengen ech eenzel Politiker:inne vun der Partei.

Meme aus Pokémonspiller: "Wat d'adr entwéckelt sech? Gléckwonsch, d'adr huet sech zur AfD entwéckelt"
Entwécklung vum adr zur AfD grafesch duergestallt

„Wann d’AfD net riets-konservativ ass, wat ass se dann?“ Riets-konservativ war d’AfD nach ni, mee se ass éischter als nei riets populistesch ze deiten, déi a verschiddene Bundeslänner och offiziell rietsextrem genannt dierf ginn. Den adr leet sech just e bësse méi geschéckt un wéi d’AfD an demaskéiert sech net direkt. An trotzdeem falen elo no an no d’Masken.

Grad beim Fernand Kartheiser verschäerft sech den Toun ëmmer weider. Seng Rieden an der Chamber sinn net seele mat rassistesche Ressentimenter gefëllt. Als Beispill kann een:t eng Ried an der Chamber vum 21. Mäerz 20211, nennen, an der de Kartheiser all Migrant:in als kriminell verurteelt huet a „nigerianesch Drogebanden“ fir d’Onsécherheet am Garer Quartier verantwortlech mécht. An der nämmlechter Ried instrumentaliséiert hien de Mord un engem Jugendlechen zu Bouneweg am Januar 2021 fir seng friemefeindlech Ideologie, wat fir mech en absolutten No Go ass. Sou änlech verbal Extremfäll huet et schonn zu Hauf bei der AfD ginn, un der hiren Extremismus déi verbal Ausfäll vun der adr nach net doru reechen.

Et ginn och nach aner Parallellen. Sou huet sech d’adr virun e puer Joer en eegent Videoformat ginn, wou si selwer hir Wielerschaft interviewen a mat Feelinformatiounen sou wéi mat aus dem Kontext gerappte Fakten offëllen. Klassiker sinn do d’Leegne vum anthropogene Klimawandel an déi weirdeste Behaaptunge géint d’LGBTIQA+ Community. Rezent ass d’Desinformatiounscampagne „Ech si Papp“ ze nennen, déi d’Stéphanie Empain gutt entlarvt huet.2, 3 Begleet gouf des Desinformatiounscampagne och vun enger reegelrechter Hetzcampagne géint d’Sam Tanson, déi vun der Internettrollarméi vum adr ausgefouert gouf.4 Dat nom adr Opruff „Léif Pappen: Wiert Iech!“

D’adr konnt par Rapport zu den aneren nei rietse Parteien an Europa bis elo a Walen nach keng grouss Gewënner eranhuelen. Dat kéint sech awer no an no änneren. Aktuell erhoffen sinn sech eng grouss Wielerschaft bei de Schwurbler:inne besetzen ze kënnen. Den 18. Oktober 2021 bei der Ofstëmmung vun engem Covid Gesetz gouf all Spriecher:in vu Schwurbler:innen op den Tribünen ausgebuht, bis op d’adr Politiker (ech muss net genderen, déi hunn jo keng Fra an der Chamber). Och virun der Dier op engem Protest vun de Schwurbler:inne goufen alleguer Politiker:innen, bis op déi vum adr, ausgebuht. Firwat? Ma well d’adr dozou gehéieren. Si deele Feelinformatiounen zur Impfung a maache groussaarteg mat. De Roy Reding huet engem Journalist vum Tageblatt seng Telefonsnummeren an engem Schwurbler:innen Telegramchannel gedoxt, wouduerch dëse massiv belästegt ginn ass.5 Net nëmmen ass dat e Schëllerschloss mat de Schwurbler:innen, mee och eng Attack géint déi fräi Press, déi och oft vun der AfD an Däitschland ze beobachten ass. Emmerhin huet d’AfD den Terme „Lügenpresse“ maassgeeblech gepreecht. Op der eskaléierter Demonstratioun vum 04. Dezember 2021 war och d’Sylvie Mischel present. Zwar huet si sech am Nohinein vun den Eskalatiounen distanzéiert, mee dat wäert just bei engem Lëpsebekenntnis bleiwen, wéi dat bis elo och bei den AfD-Politiker:innen de Fall war.6 Mir mierken also, d’adr fëscht massiv bei de Schwurbler:innen.

Sylvie Mischel mat 2 Schëlter. Um 1. Schëld steet "Fir e respektvollen Emgang mateneen, ob geimpft oder net!" Um 2. Schëld steet "Impfe Jo awer fräiwelleg!"
D’Sylvie Mischel grinst wéi e Paangech op der Maniff, déi eskaléiert ass.7

Mat der Meenungsfräiheet huet d’adr et och net sou wierklech. All Kéiers wann si fir iergendwellech diskriminéierend Aussoe kritiséiert ginn, konteren si mat der Meenungsfräiheet. „Ech dierf dat dach nach soen, mir si jo net an enger Meenungsdiktatur!“, sënngeméiss. Mee, wéi normal demokratesch Bierger:innen alleguer wëssen, sinn Diskriminéierungen net vun der Meenungsfräiheet gedeckt. Dat interesséiert den adr awer net. Par contre schränken si reegelméisseg d’Meenungsfräiheet vun aneren an. Jiddereen:t, wou schonn eng Kéier logesch a rationell op soziale Medie géint den adr argumentéiert huet, wäert et schonn erlieft hunn: Zack ass een:t op eemol vun de Politiker:inne blockéiert an d’Kommentare si geläscht. Ech selwer sinn och schonn op genuch Blocklists. Enner anerem scho laang beim Sylvie Michel op Facebook, scho laang beim Wee 2050 op Facebook, also vum Koup Freed an och ganz rezent beim Roy Reding op twitter, nëmme well ech an engem Tweet erwäänt hat, dass hien e Journalist gedoxt huet. Dir kennt mech, ech bleiwe bei sou Saachen ëmmer sachlech, ouni beleidegend ze ginn. Trotzdeem ginn ech blockéiert. A sou geet et ganz villen User:inne mam adr.

Vum Roy Reding op Twitter blockéiert :(
Vum Roy Reding op Twitter blockéiert 🙁

Déi ganz Entwécklung war e bësse virauszegesinn. Ugefaangen huet déi Entwécklung géint der Enn vum Gybérien senger Zäit als aktive Politiker bei der adr. Hien war quasi de leschten, nach e bësse méi Moderaten, deen de Buttek dovun ofgehalen hat, komplett an déi nei riets populistesch Schinn ze verfalen. Mee viru sengem Récktrëtt aus der Chamber, wou seng Muecht ugefaangen huet ofzehuelen, ass de Jickeclub adr ëmmer méi wäit no riets gedrift. A se huet scho wäit riets ugefaangen. Wéi no déi Partei nach weider a Richtung Rietsextremismus a Faschismus kënnt, ass net wierklech ofzegesinn, mee si wäerte ganz sécher an Zukunft nach méi Maske fale loossen.


Quellen an Noweiser

1https://www.facebook.com/AlternativDemokrateschReformpartei/videos/1020932385378227

2https://www.wort.lu/de/politik/gruene-werfen-adr-luegen-und-halbwahrheiten-vor-601e7a33de135b923655cc77

3https://www.facebook.com/watch/?v=785028165453470

4https://www.100komma7.lu/article/aktualiteit/sam-tanson-schockeiert-iwwer-online-polemik

5https://www.facebook.com/permalink.php?story_fbid=1266459160498065&id=321492504994740

6 https://twitter.com/MischelSylvie/status/1467428870873878529

7https://stock.rtl.lu/rip/1280/jS1_ZlzzBNt5dDGlCOkumXa9sxVNG3UQZOHBkK71RCE/watermark:1:sowe:0:0:0.18/watermark_url:aHR0cHM6Ly9zdGF0aWMucnRsLmx1L3dhdGVybWFya3MvcnRsX3Bfb2xpdmVpcmEuc3Zn/aHR0cDovL2ltYWdlcy5uZXdtZWRpYS5sdS9ydGwubHUvY21zL2ltYWdlZ2FsbGVyeS8yMDIxLzEyLzA0LzM1NzExL29yaWdpbmFsL2NmNzU3Y2U3NmQ4MmFiNjEzNmM3YTRmM2U2MTZjNmJiLmpwZw.jpeg


0 Kommentare

Schreibe einen Kommentar

Avatar-Platzhalter

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.