De Mord um Alex, e Student den an Idar-Oberstein an enger Tankstell gejobbt huet, schockéiert grad ganz Däitschland. Säin Mäerder – e Maskenverweigerer a Pandemieleegner.

Wat ass geschitt? De Mäerder wollt an der Tankstell, wou den Alex geschafft huet, Béier kafen. Mee well hie keng Mask unhat, duerft den Alex hien net zerwéieren. De Mäerder geet ouni Béier Heem. Dann deet hien sech anescht un, fir net erkannt ze ginn, peeckt eng Schosswaff an a fiert zréck op d’Tankstell. Do erschéisst hien den 20 Joer alen Alex. Wou d’Police hie befreet, gëtt hien un, dass hie vun der Pandemiesituatioun iwwerfuerdert wier.

Twitter Accounts denen de Mäerder followed

Dem Mäerder säin twitter Account konnt anscheinend identifizéiert ginn. Do lount sech op alle Fall e Bléck op d’Accounts, deenen de Mäerder followed: Deutschland Kurier, Hans-Georg Maassen, Julian Reichelt, Bernd Höcke, AfD Bayern, Boris Reitschuster, André Poggenburg, Junge Freiheit, Erika Steinbach, Jörg Meuthen, Beatrix von Storch etc. E Sammelbecken un rietskonservative bis rietsextremen Akt:ricë mat Ëmweeër an d’verschwierungserzieleresch Szeen. Ausserdeem huet hien an der Vergaangenheet op Twitter Gewaltundreeunge verbreet.

Leit, déi rietsextrem a Schwurbler:innen-Netzwierker infiltréieren, deelen zanterhier d’Reaktiounen aus dëse Kreesser op de Mord. Do gëtt de Mäerder gefeiert a weider Attacke ginn ugekënnegt. Des Netzwierker sinn eng geféierlech Echokummer, wou en:g Extremist:in een:t aner:t radikaliséiert. Schlëmm genuch, dass elo däitsch Politiker:innen, wéi de Friedrich Merz, dëse Mord verharmlosen an als Argument géint d’Maskenflicht benotzen. Moralesche Bankrott nennen ech dat.

Politikwëssenschaftlerin Natascha Strobl zu dem Merz sengem moraleschen Bankrott

Deen Mord do ass elo den éischten an Däitschland, wann net souguer europawäit, dee vun engem Maskenverweigerer begaang gouf. Mir dierfen awer net vergiessen, dass d’Querdenker:innen, sou wéi d’Maskenverweiger:innen an d’Pandemieleegner:innen sech selwer nennen (awer am generesche Maskulinum wat net cool ass), schonn oft eis demokratesch Wäerter ugegraff hunn. All eenzel Attack op en:g Journalist:in op Demonstratiounen ass eng Attack op eis Demokratie.

Dem Alex säi Mäerder followed an interagéiert net nëmme mat verschwierungserzielerschen Accounts a Gruppen, mee och mat rietsextremen a -radikalen Accounts a Gruppen. Dat ass keen Eenzelfall. Grenzen tësche Verschwierungserzieler:innen a Rietsextremist:innen existéiere kaum. Rietsextremist:inne benotze Verschwierungserzielunge souguer geziilt, fir hir Ziler ze erreechen.Do brauch een:t elo guer net sou wäit sichen ze goen, fir raus ze fannen, dass an de leschte Jore scho vill Leit Affer vun duerch riets(extrem) Verschwierunge provozéierten Attacke goufen:

De Christchurch Attentäter, deen 2019 51 Leit ëmbruecht huet, gleeft un d’Verschwierung vum “groussen Austausch”, an Däitschland och “Umvolkung” genannt.
Den Utøya Attentäter vun 2011, dee 77 Mënschen aus dem Liewe gerappt huet, gëllt als Virbild fir d’Terroristen, déi un d’Austausch-Verschwierung gleewen.
Den Halle Attentäter, deen 2019 op Jom Kippur eng Synagog ugegraff huet an 2 Leit ëmbruecht huet, gleeft un eng rietsextrem an antisemittesch Verschwierung, dass jiddesch Globalisten d’Weltherrschaft iwwerhuele wëllen. Dës Verschwierung huet vill Ähnlechkeete mat der vum “Great Reset”.
Den Attentäter vun Hanau huet 2020 11 Leit ëmbruecht. Hien war en Rassist, Holocaustleegner a Rietsextremist. Gegleeft huet hien ënner anerem un d’Rassentheorie, de groussen Austausch, de Great Reset an dass eng “Schattenregierung” d’Gedanke vun der Bevëlkerung kontrolléiert.
De Mäerder vum Kasseler Regierungspresident Walter Lübcke gleeft och un etlech rietsextrem Verschwierungen.
Beim Stuerm op d’US Capitol 2021 war eng helle Wull un Verschwierer:inne bedeelegt. Vill gleewen un QAnon, dass d’US-Wale manipuléiert waren, just den Donald Trump d’Welt virum Great Reset rette kann an dass d’Globaliste Kanner foltere fir onendlech laang ze liewen. Beim Stuerm si 5 Leit gestuerwen an zanter dem Stuerm hunn sech 4 Polizisten d’Liewe geholl, déi beim Stuerm am Asaz waren.

Des Opzielung ass bei wäitem net komplett. Mee si sollt e Bild dovu ginn, wou mir grad stinn an dass des Gefor fuerchtbar ënnerschat gëtt.

“Mee Lëtzebuerg ass eng Insel, hei ass alles Friede-Freude-Eierkuchen”.

Bei eis ass (nach) keng geschitt. Nee och bei eis ginn et rietsextrem a verschwierungserzieleresch Akt:ricen. Benenne wäert ech se hei net, Reklamm brauchen des Demokratiefeind:inne keng. Mee leider gëtt politesch och näischt géint déi Leit gemaach.

E Beispill: D’Schwurbler:innen, déi reegelméisseg duerch d’Stad “spadséiere ginn” an dobäi ouni Konsequenze géint all d’Hygiènesreegele verstoussen. Dass sinn ongehënnert hire Schäiss ofzéie kënne bestäerkt si just. Si menge leggit, dass de Gros vun de Lëtzebuerger:innen hannert hinne steet. Dat ass geféierlech. A wann näischt dogéint ënnerholl gëtt, ass et just eng Fro vun der Zäit, bis et och bei eis eng Kéier “knuppt”.

Dat ganzt ass e blöd a komplizéiert Thema. Fir sech do en Iwwerbléck ze verschafen ass wierklech schwéier an ech hunn deen och net. Mee dat Wëssen, dat ech doriwwer hunn, hunn ech mëttlerweil iwwer Joren ugeschaaft. Genee Quellenugabe sinn dowéinst schwéier. Mee wann dir nach motivéiert sidd, fir Weideres ze liesen, sinn hei e puer interessant Artikelen:

https://www.tagesschau.de/inland/idar-oberstein-103.html

https://www.tagesschau.de/inland/idar-oberstein-kritik-parteien-101.html

halle-attentaeter-stephan-balliet-glaubt-an-juedische-weltverschwoerung-a-1293330.html“>https://www.spiegel.de/panorama/justiz/halle-attentaeter-stephan-balliet-glaubt-an-juedische-weltverschwoerung-a-1293330.html

globale-rechte-formiert-sich-die-eiskaelte-der-voelkischen-ideologie/24139158.html“>https://www.tagesspiegel.de/politik/globale-rechte-formiert-sich-die-eiskaelte-der-voelkischen-ideologie/24139158.html

https://www.tagesschau.de/investigativ/hanau-video-101.html

https://www.nytimes.com/2021/01/09/us/capitol-rioters.html

luebcke-159.html“>https://www.tagesschau.de/inland/luebcke-159.html


0 Kommentare

Schreibe einen Kommentar

Avatar-Platzhalter

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.