Prinzipiell sinn ech ëmmer fir Gemengefusiounen, well ech der Meenung sinn, dass d’Awunner:inne wierklech dovu profitéiere kënnen. Grad fir déi, déi aus enger klenger Gemeng kommen, sou wéi ech och. Mir hunn einfach ze vill kléng Majorzgemengen. Wann aus sou enger Majorzgemeng eng Proporzgemeng gëtt, professionaliséiert d’Gemeng sech zwangsweis, well d’Leit am Gemengeconseil aus Lëschten eragewielt ginn a souwuel eng Koalitioun, wéi och eng Oppositioun an der Gemeng existéiere wäerten. Déi Leit stinn dann heefeg am Austausch mat gewielte Leit aus anere Gemengen an/oder mat der jeeweileger Partei, wouduerch déi Leit e ganz aneren Zougang zur Politik hunn, wéi sou munch gewielte Persoun a Majorzgemengen.

Schonn zanter Joren ass dovu riets, dass Bous eng Kéier mat enger anerer Gemeng fusionéiere wäert. Mol soll déi glécklech Partnergemeng Waldbriedemes sinn, da mol Réimech a Stadbriedemes. Elo steet awer schonn zanter enger Rei Jore fest, dass Bous mat Waldbriedemes de Bond vun der Fusioun agoe sollen. Mir ass et u sech egal, mat wéi enger Gemen g d’Fusioun geschéie soll, vu dass ech bei all Nopeschgemeng individuell Vir- a Nodeeler gesinn. Dass de Choix dann um Enn op Waldbriedemes gefall ass, dierft awer e ganz gudde sinn. De Referendum ass den 3. Abrëll. Op mengem Pult läit awer scho mäin Stëmmziedel, well ech aus mengem Studienexil aus per Bréifwal matmaache muss. De Choix fält mir awer net grad einfach.

Firwat?

Et ginn e puer Saachen, déi mech massiv stéieren. Dass d’Gemengenadministratiounen zesummeplënneren ass jo normal a verständlech. En plus ass d’Paschtoueschhaus zu Waldbriedemes e wierklech gudde Choix dofir, well dat Gebai d’Dierfer aus der potentieller Fusiounsgemeng gutt representéiert. Déi aktuell Gebaier vun den Administratioune solle bestoe bleiwen an och a Gemengerhand bleiwen. Mee ech verstinn net, firwat kee Bierger:innebüro an déi Gebaier amenagéiert gëtt. D’Bierger:inne misste fir all Klengegkeet op Waldbriedemes rennen. De Buergermeeschter vu Bous huet souguer nach betount, dass dat normal wier an d’Bierger:innen sech halt ëmgewinne missten, fir mam Auto op Waldbriedemes ze fueren. Nee, dat ass net normal! Aktuell gi vill Leit ze Fouss op d’Gemeng. Virun allem eeler Leit, déi keen Auto méi fueren. Dat muss an Zukunft nach méiglech bleiwen. D’Awunner:inne brauchen e lokale Bierger:innebüro, fir séier a flexibel gehollef ze kréien. Ausserdeem ass dat besser fir d’Ëmwelt, wann net all Mënsch mam Auto op Waldbriedemes renne misst. Am Froen an Äntwerte pdf steet, dass dat alles net virgesi wier, mee dofir méi op Digitaliséierung gesat gëtt. Dat ass och gutt, mee dat hëlleft den eelere Leit net, déi technesch net sou verséiert sinn. Mat der Digitaliséierung wier et problemlos méiglech, Bierger:innebüroen zu Trënteng an zu Bous anzeriichten, déi op de nämmlechte Server zougräife kënnen an déi nämmlecht bürokratesch Aarbechte maache kënnen, wéi an der Haaptadministratioun, déi op Waldbriedemes komme soll. An d’Bierger:inne géingen dovun enorm profitéieren. Nieft sou engem Bierger:innebüro wier an de Gebaier nach genuch Plaz fir déi geplangte Versammlungssäll fir kulturell Zwecker anzeriichten.

Plang vum Paschtoueschhaus zu Waldbriedemes mat dem geplangten Ausbau
Plang vum Paschtoueschhaus zu Waldbriedemes mat dem geplangten Ausbau

Mech stéiert awer och, dass d’Bierger:innen net wierklech vill informéiert ginn. Et freet mech wierklech, dass d’Bierger:inneversammlung opgeholl gouf an am Internet ka gekuckt ginn. Mee trotzdeem ass d’Informatiounslag relativ dënn, virun allem wann et em Sue geet. De Staat versprécht en eemolege Subside vu 6,5 Milliounen Euro. Dat kléngt den éischte Moment no vill Geld, mee et sinn och wierklech vill Projete geplangt. De Subside fält dowéinst menger Meenung no e bëssen ze kléng aus (virun allem mam Wëssen, dass d’Gemeng Waldbriedemes em eng Millioun Euro verschëllt ass) a wéi déi Projete soss finanzéiert ginn, ginn d’Awunner:innen net wierklech gewuer. Mir kréie just e puer eidel Phrasë wéi „Zesumme packe mir méi“ a „Zesummen hu mir méi Autonomie“ ze héieren. Wat awer feelt ass eng Rechnung wéi „d’Gemeng Bous huet an de leschten 10 Joer en duerchschnëttleche Montant X pro Joer vum Staat krut, d’Gemeng Waldbriedemes en duerchschnëttleche Montant Y pro Joer, no enger Fusioun wier dat en duerchschnëttleche Montant Z pro Joer, dat wier e Montant, dee souvill méi héich ass, wéi dee vun de jeeweilege Gemengen zesummen“. Déi Zuele mussen net op de Cent genee sinn, mee se sollen den Awunner:innen eng Idee kënne ginn. Soss maachen sech d’Awunner:inne suergen, dass d’Gemeng sech direkt no der Fusioun massiv verschëllt mat de ganze Projeten.

Och fannen ech Schued, dass nieft dem administrative Beräich vun der Gemeng, och de Service Technique komplett vum Bousser Gemengenterrain verschwanne wäert. Et gesäit sou aus, wéi wann de Fuerpark vum Service Technique komplett op Trënteng komme wäert. Dass de Gemengenatelier an e neit Gebai op Trënteng kënnt, ass verständlech, vu dass den aktuellen Atelier net wierklech dem aktuelle Standard méi entsprécht. Ech stelle mir do just d’Fro, firwat viru puer Joer réischt de Service Technique e neie Büro gebaut krut, dat wierkt komesch, well de Fuerpark an den Atelier op Trënteng komme wäerten.

Et gëtt och net wierklech u Vëlosweeër geduecht. Zwar heescht et ëmmer nees „jo, mir wäerten d’Dierfer verbannen“ an „et goufe schonn Terraine kaf“, mee Konkretes dozou gëtt et einfach net. Dat wier awer wichteg den Awunner:inne matzedeelen. Ech trauen der Gemeng nämlech net méi, mat deem wat si eis bis elo u „Vëlosinfrastruktur“ ubidden. Bei all deen neie Projete gesinn ech och néierens eng gescheit Abannung vu Vëlosfuerer:inne – wann iwwerhaapt Vëlosstaangen ofgebillt sinn, da sinn et der bei wäitem net genuch, mee iwwerall dominéiert e vun Autoen dominéiert Mobilitéitskonzept aus den 80er.

Please sicht iech nei Architekt:innen. Den Duerfkär vu Bous ass scho verschass mat der Maison Relais, déi iwwerhaapt net an d’Duerfbild rapasst. Ausserdeem war déi Idee, d’Gebai zur „Stroosseberouegung“ an d’Strooss ze bauen, gehierlos schlecht, well et d’Strooss just manner iwwersiichtlech fir d’Autosfuerer:inne gemaach huet an domat méi geféierlech fir d’Schoulkanner. De Plang vun der Crèche, déi aus dem Ëmbau vum Paschtoueschhaus zu Trënteng gemaach soll ginn, passt och absolutt guer net an d’Bild vun Trënteng a kéint et och soss op d’Lëscht vun den 10 ellenste Gebaier a ganz Lëtzebuerg packen. De geplangte Gemengenatelier gesäit nach ganz okay aus, genee sou wéi de geplangten Ëmbau vum Centre Culturel Jos Rennel. Ech hunn awer wierklech Angscht, dass den Ausbau un d’Paschtoueschhaus zu Waldbriedemes och en ultra futuristescht Design kréie wäert, dat absolutt net an de schéinen Duerfkär vu Waldbriedemes rapasst. Ëmmerhi steet am Froen an Äntwerte pdf de Saz „[d’Paschtoueschhaus] bitt dem
Gemengenhaus zum engen de representative Charakter deen eng Gemeng soll hunn
”. Jo, dat Gebai bitt déi Representatioun, well et eben eng typesch an traditionell Architektur fir d’Dierfer am Oste vu Lëtzebuerg huet. Deen Charakter vun den Duerfkären dierf net verluer goen, dofir sollten sou vill nei Gebaier wéi méiglech dëse Charakter verkierperen an net ausgesi wéi de Kierchbierg 2.0.

Plang vum elenen Embau vum Paschtoueschhaus zu Trënteng
Plang vum ellenen Embau vum Paschtoueschhaus zu Trënteng
Aktuellt Paschtoueschhaus zu Trënteng, dat an d'Duerfbild rapasst
Aktuellt Paschtoueschhaus zu Trënteng, dat an d’Duerfbild rapasst

Ech well awer net just meckeren. Et ginn nämlech och e puer Saachen, déi mech wierklech ganz positiv iwwerrascht hunn. D’Machbarkeetsstudie vum Sport- a Kulturzentrum zu Bous gesäit wierklech gutt aus. Och wann an der Broschür just ee Stack ofgebillt ass, der Präsentatioun vun der Bierger:innenversammlung awer der op mannst zwee ze erkenne sinn, versprécht dat scho villes. D’Kultur- a Sportliewe kéinten doduerch an der potenzieller Fusiounsgemeng enorm profitéieren. Ech versti just net, firwat esou vill Parkplazen nees virgesi sinn, wou dach vis-à-vis vum Sport- a Kulturzenter scho vill Parkplaze sinn. Déi Parkplaze kéinte menger Meenung no vir eppes Besseres benotzt ginn. Mat geschaten 10 Milliounen Euro huet dat awer natierlech och säi stolze Präis, dee just vun der Fusiounsgemeng kéint gedroe ginn.

Machbarkeetsstudie vum Sport- a Kulturzenter zu Bous
Machbarkeetsstudie vum Sport- a Kulturzenter zu Bous

Jo, mir ass Bewosst, dass ech ganz streng mat de Pläng vun der Fusioun sinn. Mee dat ass, well mir d’Gemeng wierklech immens wichteg ass. Bous ass eng schéi Gemeng, dat säi Potenzial bis elo ni ganz ausgenotzt huet. Vun deem wat ech vu Waldbriedemes kennen, zielt do dat selwecht. Zesumme wier et wierklech eng flott Gemeng, mee dat Potenzial muss wierklech komplett genotzt ginn. Dat gesinn ech awer mat den aktuelle Pläng net realiséiert. An dat fannen ech Schued. Gutt, verschidde Saache loossen sech och duerno oder niewebäi fixen, wéi zB déi verfeelte Vëlosinfrastruktur, mee verschidde Saachen, wéi dat schrecklecht Monstrum un Architektur, dat sech Maison relais nennt, loossen sech duerno net méi flécken. Dat ass wierklech Schued.

Ganz zum Schluss awer nach e puer positiv Wierder: Wéi héiert sech „Kiischtendallgemeng” als potenziellen Numm fir déi potenziell Fusiounsgemeng un? Ech denken, dass dee Numm gutt passe géing an de Kiischtebam géing och e gutt Logo duerstellen. Déi franséisch Iwwersetzung “Commune de la Vallée des Cerises” geet och erof wéi Botter 😉


0 Kommentare

Schreibe einen Kommentar

Avatar-Platzhalter

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.