Fréier hat meng Bom zu Réimech an der Maachergaass eng Epicerie. Dat war awer net just eng Epicerie, et war eng wichteg sozial Plaz zu Réimech; d’Leit hu sech ausgetosch, sech géigesäiteg ausgehollef, em Rot gefrot, jo souguer d’Kanner si mol en hallwen Dag an der Epicerie ënnerkomm, wann den Elteren eppes Wichteges dertëscht komm ass. Haut erfëllen déi kleng Butteker net méi sou vill Zwecker, wann et se dann iwwerhaapt nach gëtt. Mëttlerweil ass et souguer sou, dass et a ville klengen Dierfer iwwerhaapt keng Butteker méi ginn. Dat ass Schued an net gutt fir d’Gesellschaft.

„Dat war den Ufank vum Ënnergang vun de klenge Geschäftsleit“, sot meng Bom ëmmer, wa si doriwwer geschwat hat, wéi an den 80er zu Réimech e Supermarché vun enger grousser Chaîne opgemaach huet. Recht hat si. Am Plaz, dass d’Leit ze Fouss an de klénge Buttek em den Eck gaange sinn, sinn d’Leit léiwer mam Auto an de grousse Supermarché gefuer. D’Gewunnechten hu sech geännert; aus all Dag kuerz an de Buttek akafen, wat ee*nt grad sou brauch, ass de grousse Wochenakaf maache goe ginn. Dat am beschten zwee oder dräi Mol d’Woch. Déi kléng Geschäftsleit leiden dorënner an de klénge Stied an an de kléngen Dierfer. Ënnen a Réimech, wou Fréier all Strooss op mannst zwee Bäckeren hat, gëtt et zanter e puer Méint just nach een eenzegen an d’Zuel vun den Epicerien ass och drastesch zréck gaangen. Gutt, speziell Réimech ass de grousse Supermarché net eleng Schold un deem Réckgang, mee en huet sécher dozou bäigedroen. Méi schlëmm ass et an de kléngen Dierfer ronderëm Réimech: All Duerf hat Fréier seng eege Bäckeren, seng eegen Epicerien, seng eege Caféen. A verschiddenen Dierfer gëtt et villäicht nach de leschten Duerfcafé, mee soss ass näischt méi iwwreg bliwwen. D’Awunner*inne vun deenen Dierfer mussen elo fir all Akaf, egal wéi grouss oder wéi kleng, mam Auto an de nächste Supermarché fueren.

Zum Gléck ännere sech d’Akafsgewunnechte vun de Leit awer nees: Ëmmer méi Leit wënsche sech, am eegenen Duerf, ze Fouss oder mam Vëlo, hier Akeef maachen ze kënnen, well si ëmmer méi d’Virdeeler dora gesinn. Et ass manner stresseg, well een*t net méi an den Auto klamme muss, e puer Kilometer fuere muss an dann am iwwerfëllte Parking eng Parkplaz siche muss. Nee, du kanns einfach ze Fouss dohin trëppelen. Dat kann och besser mat aneren Aktivitéite verbonne ginn, déi ee*nt souwisou am Duerf maache muss, wéi z.B. d’Kanner an d’Schoul bréngen oder siche goen, oder um Réckwee vum Busarrêt nach eemol séier an de Buttek am Duerf.

De Comeback vu Butteker an den Dierfer hätt net just perséinlech Virdeeler am eegen Zäitplang an ekologesch Virdeeler, well den Auto fir d’Akafen stoe bleift, mee och sozialer. Butteker kënnen d’Duerf beliewen an de géigesäitegen Zesummenhalt am Duerf stäerken. Net just well Nopere mateneen un d’Schwätze kommen, déi sech länger net méi begéint sinn, mee och well virun allem eeler Leit mol nees autonom kënnen akafe goen. Wéi vill eeler Leit si bei sou banale Saachen wéi den Akeef op aner Leit ugewisen? Well si sech net méi trauen Auto ze fueren a kee Buttek méi am Duerf ass, mussen aner Leit fir si dës Akeef iwwerhuelen. Mat Butteker an den Dierfer kéinten déi Leit nees selwer akafe goen, kéime méi virun d’Dier an hätten e Stéck Onofhängegkeet zréck.

Grad an de kléngen Dierfer gëtt et awer nach en anere grousse Virdeel, wann et nees méi Butteker géif ginn – d’Ënnerstëtzung vu lokale Produktiounen. E Buttek am Duerf kéint sech mat lokale Produzenten, wéi landwirtschaftleche Betriber, zesummeschléissen, fir deenen hir Produiten ze verkafen. Dat ënnerstëtzt dës Produzent*innen, suergt awer och fir kuerz Transportweeër, wat dann alt nees eng Kéier gutt fir d’Ëmwelt ass.

Virdeeler vu Butteker an den Dierfer ginn et der vill, nach vill méi wéi a menger kuerzer Opzielung hei. De Versuch, d’Duerfbutteker zréck ze bréngen, ass a verschiddene Gemenge scho gestart ginn an hat op ville Plaze schonn e grousse Succès. Och zu Bous gëtt et déi Iddie, déi awer nach net konkret ginn ass, wat awer definitiv schonn e Liichtbléck ass. Menger Meenung no, gehéiert et awer definitiv zu den Aufgabe vun de Gemengen, sech em de Comeback vu Butteker ze këmmeren. Egal ob et Bäcker, Epicerien, Metzler, Caféen oder wat och ëmmer ass. Och wann d’Gemengen dofir heiansdo e bësse kreativ musse ginn.


0 Kommentare

Schreibe einen Kommentar

Avatar-Platzhalter

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.