Wéi vill Ostgemengen, huet och Bous-Waldbriedemes zu de Stousszäite moies an owes e Probleem mat staarkem Individualverkéier. Den Trend gesäit vir, dass de Verkéier net wäert manner ginn, mee dass en an Zukunft souguer nach zouhuele wäert. Dofir musse mir eis Stroossen elo sou séier wéi méiglech sécher fir Foussgänger*innen, d‘Vëloen an aneren Alternativen zum motoriséierten Individualverkéier ginn.

Jo, déi zweet Phas vum Bousser Contournement kéint tatsächlech dozou féieren, d’N2 bis erop op Mutfert ze entlaaschten. Allerdéngs wäert et warscheinlech ni dozou kommen, well de Staat dat net zouloosse well. De ganze Verkéier géif dann nämlech op Éiter gebëndelt ginn, déi selwer och elo scho mam Verkéier iwwerfuerdert sinn an déi aktuell eng nei Cité am Schraasseger Bierg bauen. Dowéinst musse mir eis domat zefridde ginn, dass et wuel ni zum 2. Deel vum Contournement komme wäert, ëmsou méi wichteg ass et, eis Stroosse sécher ze gestalten.

Ech begréissen ausdrécklech, dass de Bousser Gemengerot eng Vitesslimitt vun 30km/h op de Gemengestroosse gestëmmt huet, dat ass eng éischt gutt Mesür. Elo muss just nach bei P&Ch Drock gemaach ginn, fir Vitesslimitte vun 30km/h oder fir den Ufank vu 40km/h och op den Haaptstroossen duerchsetzen ze kënnen. Mee et ginn och aner Methoden, fir op eise Stroossen fir Entschleunegung ze suergen, do kann ee sech och gutt un den Zoustänn an Holland inspiréiere loossen, déi no un der Perfektioun vun der Verkéierssécherheet dru sinn.

Eent vun deene Konzepter, ass dat vum Continuous Sidewalk, oder och Trottoir traversant genannt. Am Plaz dass d’Strooss den Trottoir ënnerbrécht, geet hei den Trottoir riicht virun. Fir den Auto ass dat da wéi eng Bremsknupp an e fiert automatesch méi lues. Ausserdeem huet et den Effekt, dass d’Foussgänger*innen éischter gesi ginn, well se méi héich sinn, wéi d’Strooss. Niewebäi sinn déi Trottoiren och méi inklusiv, well et keen Trëtt méi gëtt, deen en Hindernis fir Rollstill a Poussetten duerstellen. Déi Continuous Sidewalks kënnen natierlech net un den Haaptstroossen entstoen, mee och do kéinten d’Zebrasträifen op den Niveau vum Trottoir ugehuewe ginn. Och hei: d’Leit ginn éischter gesinn, et gëtt keen Trëtt als Hindernis fir Rollstill a Poussetten an et ass gläichzäiteg eng Bremsknupp.

Niewestroossen, déi gären als Schläichweeër ëm den Trafic benotzt ginn oder an deene gären ze séier gefuer gëtt, kënnen zu Sakgaassen ëmgebaut ginn, déi just nach en Trëppelwee zouloossen a fir de landwirtschaftleche Gebrauch op sinn. Oder se kënne mat Schikanen a beplanzte Verkéiersinselen entschleunegt ginn.

Och Parkplaze laanscht de Stroosse sinn eng gären ënnerschate Gefor am Verkéier. Grad an enger Zäit, wou d’Autoen ëmmer méi grouss ginn, ass et keng Seelenheet méi, dass e Spillschoulskand méi kléng wéi de Capot vun engem SUV ass a vum Verkéier séier iwwersi gëtt. Op laang Dauer missten dofir dës Parkplaze verschwannen. Fir d’éischt mussen awer duerch an den Dierfer verdeelte Parkinge genuch Parkalternative geschaf ginn.

Alternativen zum Auto mussen an eiser Gemeng awer och ausgebaut a gefërdert ginn. De geplangte Shared Space am Duerfkär zu Bous ass do eng fantastesch Iddi, fir méi Plaz fir Foussgänger*innen, Vëloen, Trottinetten asw. ze schafen. Allerdéngs ass den aktuelle Plang fir de Shared Space massiivst ausbaubedürfteg: Fir d’éischt muss dee Shared Space vun der Kräizung op d’Rue d’Oetrange bis d’Kräizung op d’Rue de Statdbredimus erweidert ginn. D’Kräizunge misste souguer eventuell integréiert ginn, fir och déi ze entschäerfen. Da muss dee Raum, deen dann nach vun den Autoe ka benotzt ginn, ageschränkt ginn. Dat mat Gréngflächen, well un deenen an u Beem feelt et definitiv nach um Plang. Fir dass de Shared Space och wierklech Sënn ergëtt, muss en elo just nach u Vëlosweeër ugebonne ginn (wat eng Iwwerleidung!).

Ech hu schonn am November 2021 meng Iddi vu Wander- a Vëlosweeër an der Gemeng Bous hei gedeelt. Ech hunn déi elo iwwerschafft an och Waldbriedemes, Réid, Trënteng an Ierseng mat agebonnen.


Wichteg! Dat ass keng Etüd oder Machbarkeetsstudie! Ech hu mir just laang aktuell an al Kaarten ugekuckt a mir Gedanke gemat, wou eventuell Weeër entstoe kéinten. Dat ass kee Plang! Dofir sidd wgl. net rosen, wann hei e Wee iwwert e Privatterrain gezeechent ass.


Bous-Waldbriedemes huet eng mega Chance: dat landwirtschaftlech gepräägte Landbild. Doduerch ginn et vill Feldweeër, déi elo scho gutt kënne benotzt ginn. Allerdéngs misste verschidde Weeër ausgebaut oder nach matenee verbonne ginn.

Mäi Grondusaz war: Dierfer ënnertenee mat sécher vun de Stroosse getrennte Weeër verbannen. Duerno Weeër an d’Nopeschdierfer vun anere Gemenge fannen. Agedeelt hunn ech a Vëlosstroossen a Wander- a Vëlosweeër. D’Vëlosstroosse kënne weiderhi vun Autoe benotzt ginn, Wander- a Vëlosweeër net. Déi mussen awer weiderhin fir landwirtschaftlech Zwecker kënne benotzt ginn. Do wou et méiglech ass, sollen d’Wander- a Vëlosweeër och mat Bamalleeën an enger intelligenter Beliichtung ausgerüst ginn. De Belag vun de Weeër soll asphaltéiert sinn, soudass en Hierscht- a Wanterdéngscht méiglech ass.





0 Kommentare

Schreibe einen Kommentar

Avatar-Platzhalter

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.