An de leschte Joren hunn Staarkreeneventer ganz no bei eis vill Schued ugeriicht. Virun allem d’Eventer vum Juni 2021, dat staarkt Héichwaasser un Uelzecht a Sauer ausgeléist hunn a vum 1. Juni 2018, dat vill Schued zu Greiweldeng ugeriicht huet. Bei deem Staarkreenevent ass och d’Asselbaach aus sengem Bett geklommen an huet d’Duerfstrooss, sou wéi d’Bréck op der Éiterstreck iwwerschwemmt an och keen Halt virun enger Rei Kellere gemaach.

De Projet vun der Gemeng Bous géint d'Héichwaasser un der Asselbaach op enger Kaart
De Projet vun der Gemeng Bous géint d’Héichwaasser un der Asselbaach op enger Kaart

Duerch de Klimawandel wäerten sou Staarkreeneventer statistesch gesinn nach méi heefeg virkommen. Bei den zwee virdru genannten Eventer, si mir nach mat engem bloen Aen dervu komm, wa mir eis Situatioun mat der vu Greiweldeng oder Iechternach vergläichen. Dofir musse mir eis an Zukunft géint d’Gefore vum Staarkreen schützen. D’Gemeng Bous huet do och schonn éischt Schrëtt ageluecht. Aus dem Projet vun engem Waasserréckhaltebecken um Schlësselfeld, éier d’Asselbaach ënnert der Éiterstreck passéiert, ass en anere Projet ginn. Den Iwweltäter ass nämlech e Rouer, dat ënnert dem Stënzenger verleeft – dat ass ze kléng, wann et vill reent, kann net genuch Waasser oflafen a staut sech virun deem Rouer, bis et iwwerleeft, an d’Strooss leeft a Kelleren iwwerschwemmt. Dat Rouer gëtt wechgeholl an tëschent dem Stënzenger an der Haaptstrooss wäert d’Asselbaach renaturéiert an un der fräier Loft plätscheren dierfen. D’Kommunikatioun vun der Gemeng hunn ech ënne verlinkt.1

De Projet vun der Gemeng Bous géint d'Héichwaasser un der Asselbaach op enger Staarkreengeforekaart
De Projet vun der Gemeng Bous géint d’Héichwaasser un der Asselbaach op enger Staarkreengeforekaart

Wa mir eis d’Staarkreengeforekaart op geoportail.lu ukucken, gesi mir, dass dee Projet d’Haiser bei der Asselbaach, also ronderëm dem Stënzenger an der Rue du Brill, virum Héichwaasser schütze wäert. Op der nämmlechter Staarkreengeforekaart ass awer och een aneren, risege roude Fleck ze erkennen, bei dem de Projet un der Asselbaach net hëlleft. Eppes faszinéiert mech un dem groussen, roude Fleck: Bei Staarkreen sammelt sech d’Waasser net an der Aalbaach, mee e puer Meter nërdlech vun der Aalbaach. Wéi kënnt et dann, dass d’Waasser sech net an der Aalbaach sammelt? Mäin net-vu-mir-historesch-recherchéierte Guess ass, dass d’Aalbach viru ville Joren ëmgeleet ginn ass, fir d’Landwirtschaft ze vereinfachen. Dem Reen ass dat awer leider zimmlech egal a stellt elo eng Gefor fir déi Leit duer, déi un der Haaptstrooss an un der Rollengerstrooss wunnen. Do existéiert och den nämmlechte Probleem wéi aktuell nach ënnert dem Stënzenger, d’Baach leeft nämlech ënnert der Rollengerstrooss duerch e kléngt Rouer, dat d’Waasser opstaue kann.

Meng Idee vun enger renaturéierter Fläch mat Waasserréckhaltebecken un der Aalbaach op enger Kaart
Meng Idee vun enger renaturéierter Fläch mat Waasserréckhaltebecken un der Aalbaach op enger Kaart

Meng Idee fir do d’Gefor vum Héichwaasser ze reduzéieren, wier eng Renaturéierung vun der Aalbaach op der ganzer Fläch vun der Rollengerstrooss bis op d’Kräizung vun der Rue de Luxembourg mat der Strooss op Waldbriedemes. Dat soll dann als Auefläch fungéieren, wou d’Baach vill Meander mécht. Bei Staarkreen soll d’Baach da genuch Plaz hu fir sech auszebreeden, ouni de Leit an de Keller eranzelafen oder iwwer d’Strooss ze lafen. Éier d’Baach hannert dem éischten Haus zu Assel leeft, soll och e Réckhaltebecken entstoen, fir bei Staarkreen de Waasserfloss an d’Duerf besser kontrolléieren ze kënnen. Dat soll d’Haiser un der Rue de Luxembourg a ronderëm der Rollengerstrooss virum Waasser schützen.

Meng Idee vun enger renaturéierter Fläch mat Waasserréckhaltebecken un der Aalbaach op enger Staarkreengeforekaart

D’Schlammwiss2 tëschent Iwwersiren a Menster ass do menger Meenung no e gutt Virbild. Déi renaturéiert Fläch kéint souwuel dem Schutz vun de Mënsche virum Héichwaasser déngen, awer och dem Natur- an Ëmweltschutz. D’Waasserqualitéit kéint sech erhuelen an Déiere- souwéi d’Planzenvielfalt kann nees zouhuelen. Ausserdeem kéinten d’Leit do dann och gutt an hirer Fräizäit spadséiere goen.


Ech sinn natierlech net vum Administration de la Gestion de l’Eau oder vun Natur & Ëmwelt. Ech kann net berechnen, op dat, wéi ech mir meng Idee zesumme gebastelt hunn, och an der Praxis funktionéiert. Villäicht seet d’Administratioun och, dass wann d’Baach géif renaturéiert ginn, se sou vill Waasser ophuele kann, dass kee Waasserréckhaltebecke gebraucht gëtt. Villäicht soen Ëmweltorganisatiounen, dass eng Auelandschaft net gutt ass, mee e Fiichtgebitt, wéi d’Schlammwiss, besser wier. Dat kann ech alles net beurteelen. Sécher ass awer, dass op der Plaz e Projet fir den Héichwaasserschutz muss realiséiert ginn an dat mat Natur- an Ëmweltschutz ka verbonne ginn.


Links:

1 https://bous.lu/mesures-anti-crues-a-assel/

2 https://www.naturemwelt.lu/de/lieux/schlammwiss/


0 Kommentare

Schreibe einen Kommentar

Avatar-Platzhalter

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.