D’Gemeng Bous huet virun e puer Deeg d’Konzept vum Shared Space am Duerfkär virgestallt. Ech sinn tatsächlech iwwerrascht, well d’Pläng sinn net sou schlecht, wéi ech et geduecht hat. Gutt sinn se trotzdeem net.

Ech fänke mol mat de positive Saachen un: D’Autosparkplaze sollen am Duerfkär komplett verschwannen. Domat hätt ech net gerechent, mee et ass déi richteg Decisioun, fir d’Sécherheet an d’Wuelbefanne vun all Mënsch. Och sinn op de Konzeptbiller déi eng oder aner Vëlosstaangen ze gesinn. Dat heescht et goufen sech Gedanke gemaach, wéi de Vëlo mat agebonne ka ginn. Och schéngt d’Konzept vun der Beliichtung gutt ze sinn, vu dass et sou ausgesäit, wéi wann un d’Ofschierme vun der Luucht an un Beweegungssensore geduecht gouf.

Dat war et mam Positivem.

Et fält op, dass keen zesummenhänkend Konzept existéiert. An de Pläng sinn z.B. nach ëmmer Zebrasträifen agezeechent. Dat ka just e Feeler sinn, well an engem Shared Space soll et keng Zebrasträife ginn. Och soss fält op, dass et kee Konzept gëtt. De Shared Space hällt op der enger Säit schonn hannert dem aktuelle Gemengenhaus op, op der anerer Säit scho virun der Afaart vun de Parkplazen hannert der Schoul. Duerno gëtt et zu enger Strooss. Eigentlech misst de Shared Space sech bis d’Kräizungen zur Éiter Strooss an zur Stadbriedemesser Strooss zéien, fir en optimaalt Konzept.

Not so Fun Fact: am Plang si keng Vëlosweeër vun an op de Shared Space virgesinn.

Dat mengen ech domat, dass et keen zesummenhänkend Konzept gëtt. „Jo, de Shared Space ass fir all bedeelegte Mënsch am Stroosseverkéier geduecht, wéi du mam Vëlo dohi kënns, ass eis awer Schäiss egal“. Och fält op, dass et just erstaunlech wéineg Vëlosstaange ginn, Eng Kéier bei der Kierch an eng Kéier beim Bushaische virun der Schoul. Et sinn awer keng Plaze fir Cargobikes virgesi – Grad eng Schoul brauch déi Plazen, fir dass Elteren hir Kanner mat engem Cargobike ofsetze kënnen, oder d’Schoulpersonal Material mat Cargobikes transportéiere kann. Schonn nees Saachen, déi wéinst feelendem Konzept ignoréiert goufen. Wéi Bous mat engem kompetenten Ausbau vu Vëlosweeër ausgesi kéint, hunn ech an engem anere Blogpost scho beliicht1.

Et sinn ëmmer nach ze vill Steng a Bëtong.

„Professionelle“ Verbesserungsviirschlag: Eng Insel mat Wëllblummen, Hecken an dräi Beem.

Déi Stengplacke gesi villäicht schick aus (och wann ech fannen, dass et absolutt net an eist Duerfbild passt, genee sou wéi déi ellen Annexe vun der Schoul, mee dat ass wuel Affaire de Goût), mee et ass einfach ze vill. Dat wéineg Gréngs, dat ageplangt gëtt, geet bei wäitem net duer, fir am Summer eng méi angeneem Temperatur an dee Steenuewen ze kréien, deen sech Duerfkär nennt. Zu allem Iwwerfloss, gi bei ville Beem och nach de Buedem mat eisene Staange versigelt. Firwat net de Buedem fräi loossen? Wëllblummewisse ronderëm d’Beem planzen, fir der Déiere- an Insektewelt e Gefalen ze maachen? Och grad virun der Schoul ass et immens plakeg. Ech verstinn net, firwat do net matzen an der Strooss eng kleng Insel mat 3 Beem, Hecken a Wëllblummen hikënnt. Ech schenken iech och elo eng Iddie Gemeng: Planzt virun der Schoul lauter verschidde Beem – Ahorn, Bierk, Käschtebam, Ginkgo, asw. beschrëft se mat flotte Schëlder a verschiddene Sproochen an da kënnen d’Kanner all Dag déi verschidde Beem identifizéiere. Eppes fir d’Ëmwelt plus e pedagogeschen Effekt gläichzäiteg erreecht. Eng Fro un d’Gemeng hätt ech och nach: Kënnen déi Virgäert vun den Haiser vis-à-vis vun der Schoul sou vun der Gemeng gestallt ginn, oder sinn déi a Privatbesëtz?

Fazit

Dat hei sténkt no Prestigeprojet. Et sinn e puer gutt Iddien agefloss, mee déi goufen och net bis un d’Enn geduecht. Hei wäerten herno bal 8 Milliounen Euro rafléissen, mee de Bierger:inne vu Bous wäert net vill domat gehollef sinn. Firwat? Well d’Gesamtkonzept feelt. Et gi keng ugebonne Vëlosweeër, am Summer wäerten de ville Bëtong an déi ganz Steng d’Duerfkär ëmmer nach enorm ophetzen, vu dass et keng Sens Unique wäert ginn, wäerten ëmmer nach ganz vill Privatautoen duerch fueren, d’Natur kënnt ëmmer nach ze kuerz, soudass vill Stied souguer méi gréng sinn, wéi den Duerfkär vu Bous. D’Gemeng misst sech dat do nach eng Kéier duerch de Kapp goe loossen, well 8 Milliounen an en hallef gebaackend Konzept ze investéieren, wäert alle Bierger:inne Wéi doen.


Kuckt och:

1Meng Iddie fir d’Gemeng Bous mat zesummenhängendem Vëlosweenetz:

D’Presentatioun vum Projet vun der Gemeng:

https://bous.lu/wp-content/uploads/2022/01/16536_Presentation_03022022_-1.pdf


0 Kommentare

Schreibe einen Kommentar

Avatar-Platzhalter

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.