Verschiddener wäerten et villäicht scho matkrut hunn. Op Youtube hunn ech e Video fonnt, an deem d’Marie-Paule Dondelinger, si ass Member am Präsidium vun de Piraten, iwwer Sauerstoffmangel duerch d’Droe vu Maske schwurbelt. Op en tweet, an deem ech dat ëffentlech gemaach hunn, hunn och de Sven Clement an de Marc Goergen geäntwert. Mat hirer Duerstellung, sinn ech net ganz averstanen, dofir hunn ech iech dëse Blogpost geschriwwen, an deem ech méi wäit aushuele kann, wéi op twitter.

D’Piraten hunn e Verschwierungsproblem. D’Piraten hunn eng Rëtsch (Ex-)Memberen, déi nawell kee kléngen Don fir Verschwierungserzielungen hunn. Dat wësse mir spéitstens säit dem Peter Freitag. De Freitag, deen als eng vun den Haaptpersonnagen an der Schwurbelzeen zielt, war eemol Member bei de Piraten, éier hien ausgetrueden ass. Mee hien ass net deen eenzegen (Ex-)Pirat, dee Verschwierungserzielunge méi Glawe schenkt, wéi Fakten a Wëssenschaft. Op de Youtube Interview mat der Madamm Dondelinger sinn ech wierklech just duerch en Zoufall gestouss. Eigentlech war ech am Gaang, zu enger Persoun ze recherchéieren, déi op sëllegen Telegramchannel prominent ënnerwee ass. Doduerch sinn ech op de Youtube Channel gelant, den den Interview mat der Madamm Dondelinger gemaach huet.


Den Interview selwer, ass nach relativ harmlos. Do behaapt d’Madamm Dondelinger „just“, dass d’Masken e geféierleche Sauerstoffmangel bezwecken an dass d’Stäbecher vun de Covid Tester Schued uriichten. De Youtube Channel ass dem Esoterikdeel vun der Schwurbelzeen zou ze uerdnen. Um Kanal gëtt et nach en anere Video, an deem Stëmmung géint d’Impfung gemaach gëtt an um Telegram Channel vum Kanal ginn och Desinformatiounen zur Impfung gedeelt, souwéi Tipps aus der Alternativer Medezin och. D’FAIR-Beweegung, déi laut Moderatorin, d’Madamm Dondelinger an den Här Hilger gegrënnt hunn, deelt och op hirem Google Drive Server Desinformatiounen zur Pandemie.

Op Twitter hunn ech dann de Video, mat der Info, dass d’Madamm Dondelinger Member am Präsidium ass, gedeelt.1 D’Piratepartei, de Sven Clement an de Marc Goergen hunn ech am tweet getaggt. De Marc Goergen huet nach den Owend selwer geäntwert, de Sven Clement de Moien duerno. An elo gëtt et tricky. Hir Äntwerte sinn eigentlech gutt a genee dat, wat mënsch sech erwaart, wann sou e Video entdeckt gëtt. Fänke mir beim Här Goergen un. Hien äntwert, dass de Video him net bekannt war, dass d’Madamm Dondelinger net méi bei Präsidiumsentscheedungen dobäi war an dass de Präsidium do konsequent reagéiere wäert. Dat sinn alles Saachen, déi ech sans Doute gleewen. Natierlech ka mënsch net wëssen, wat all eenzelne Member privat mécht an a wéi enge Videoen déi optauchen. An dass elo, wou dat public ass, konsequent wäert gehandelt ginn, gleewen ech och. Dat ass och dat eenzegt richtegt, wat d’Piratepartei elo maache kann.

Komme mir elo zur Äntwert vum Här Clement. Och hien huet de Video net kannt, si géingen sech an de Gremien drëms bekëmmeren an hien huet op seng Riede verwisen. Och hei: ech gleewen, dass him de Video onbekannt war an dass d’Parteigremien sech konsequent domat beschäftege wäerten. Seng Rieden an der Chamber zu de Masken, awer och zu den Demonstratioune vun de Schwurbler:inne sinn och ëmmer gutt. Hien fënnt ëmmer déi richteg Wieder an u sech stëmmen ech him och ëmmer zou. Allerdéngs konnt ech him déi Wieder awer ni ganz gleewen. Dat läit dorun, dass a parteiinterne Kreesser scho laang bekannt ass, dass d’Madamm Dondelinger sou een Don fir Verschwierungserzielungen huet.

Okay, dat si keng harmlos Virwërf vu mir. Beweiser, sou wéi Aussoe vun Ex-Membere vun de Piraten, ginn et der vill. Um Enn wäerten trotzdeem d’Froe bleiwen, wéi vill déi Häre Clement a Goergen wossten a firwat si bis elo näischt ënnerholl hunn.

Als éischt Beweiser zielen ech hei zwee tweets vum Jeff Cigrand op, déi hien als Reaktioun op mengem tweet gepost huet. An engem éischten tweet heescht et vum Ex-Pirat a Parteipresident vun der Partei d’PARTEI, dass déi ganz PID sou war an nach ëmmer sou ass, dass et e Kritikpunkt vu ville Membere vun de Pirate war, wou et zur Kollaboratioun komm ass, dass d’Madamm Dondelinger vum PID bei d’Pirate gewiesselt ass an dass si net déi eenzeg Schwurblerin ënnert de PIDler:inne wier. An engem zweeten tweet, geheit de Jeff Cigrand dem Sven Clement an dem Marc Goergen (Kapitän an éischten Offizéier) fir, dass si elo sou géinge maachen, wéi wann hinnen déi Tendenzen net opgefall wieren. Dobäi wier et parteiintern bekannt gewiescht an d’Madamm Dondelinger hätt den Don fir Verschwierungen och net verstoppt.


Als weidere Beweis zitéieren ech e Saz aus engem Blogpost vum Andy Maar: „Well d’PID och de Ruff hat Memberen ze hunn, déi gewësse Sympathien fir Verschwörungstheorien hunn […]”. An deem Blogpost huet den Andy Maar ënnert anerem och ugekënnegt, dass hien net méi weider Member bei de Pirate well sinn. Och ganz aner, interessant Interna sinn an dësem Blogpost vum Mäerz 2020 beschriwwen. Ennen hunn ech iech de Blogpost verlinkt.2 Hm. Mäerz 2020? Okay, den Andy Maar huet keng Nimm genannt, mee hie beschreift schonn am Mäerz 2020, dass 2018 bei der beschlossener Koalitioun vu Piraten a PID gewosst war, dass eng Rei Membere vum PID en Don fir Verschwierungen hätten. Vum Jeff Cigrand wësse mir, dass d’Madamm Dondelinger vum PID iwwergaangen ass an dass dat alles parteiintern bekannt war.

De Coordinateur vum PID, de Christian Isekin, ass selwer och e Schwurbler. An engem Pressecommuniqué vum Abrëll 2020 fuerdert hien de Récktrëtt vun allen Regierungsmemberen an Deputéiert:en, well Covid just e banale Virus wier an alleguer Hygiènesmesuren iwwerdriwwe wieren. Mee den Här Isekin ass nach eng ganz aner Geschicht fir sech, op déi ech hei net agoe well. Ech soe just d’Stéchwuert Bierger fir Bierger.3

Zréck bei d’Madamm Dondelinger. Si huet nämlech en anonymme Facebook Account, ob deem si ënnert engem Pseudonym “Anne Bonny”, massiv Verschwierungen deelt. Duerch e puer Pirate bezunne Posts an duerch e Selfie, ass den Account och kloer hir zou ze uerdnen. A Piratekreesser ass dësen Account och scho laang bekannt. Per Privatnooriicht sinn ech vun engem Ex-Pirat iwwer den Account informéiert ginn. Dat scho virun iwwert engem Joer. Aktiv ass den Account och schonn zanter 2019, also virun der Pandemie. Mee zanter dem Ufank vun der Pandemie deelt d’Madamm Dondelinger op dësem Account déi komeschste Verschwierungen. Et ass wierklech e Sammelsurium, vun allem ass dobäi: Chemtrails, New World Order, Adrenochrome, QAnon etc. Dobäi kënnt natierlech eng reegelrecht Flut un Desinformatiounen zur Pandemie. Ganz interessant um Facebook Account “Anne Bonny” ass, dass si domat eng Foto gedeelt huet, op der ganz vill prominent Membere vun de Pirate markéiert waren. Dorënner de Marc Goergen, de Sven Clement, de Starsky Flor, de Christian Welter, d’Lucie Kunakova an nach anerer. Déi missten also alleguer eng Benoriichtegung vun dem Share krut hunn. Potenziell wëssen also och si iwwer de Facebook Account vun der Madamm Dondelinger Bescheed.


Op de Facebook Account ugeschwat, huet de Sven Clement op twitter probéiert aus ze wäichen. Hien hätt mat der Madamm Dondelinger bannent engem Joer just eemol geschwat an anere Memberen dëst Joer gesot, se sollen sech en aneren Hafe sichen. Also proposéiert d’Piratepartei ze verloossen. Dat gleewen ech him och, dat ass net och mäi Probleem. Mäi Probleem deen ech mat der ganzer Situatioun hunn, ass dass Leit, wéi d’Madamm Dondelinger, ganz ferme Verschwierunge verbreeden. Dëst scho virun der Pandemie. Parteiintern war dat gewosst. Wien dat zu wat fir engem Degré wosst, ass onkloer. Trotzdeem schwurbelt do eng Persoun zanter bal 2 Joer zu geféierleche Feelinformatiounen zur Pandemie. Déi Persoun gëtt souguer an de Präsidium gewielt, trotz Don zu anere Verschwierunge virun der Pandemie. Dat gëtt mir d’Bild, wéi wann d’Piratepartei Verschwierungen toleréiert.

Vu dass de Facebook Account “Anne Bonny” villen (Ex-)Pirate bekannt ass a potenziell och ville prominente Piraten, stellen ech mir nach vill Froen. Souwuel den Här Goergen, wéi och den Här Clement verweisen op twitter op hir kloer Parteilinn wat Verschwierungen a Pandemie ugeet. Do ginn et a mengen Ae just nach zwou Méiglechkeeten: 1. D’Parteimemberen, déi sécher iwwer dëse Facebook Account Bescheed wossten, halen et net sou mat der Parteilinn an hunn weder den Här Goergen, nach den Här Clement iwwer de Facebook Account bzw. aner Schwurbeltendenze vu verschiddene Memberen informéiert, oder 2. Déi Häre Goergen a Clement wosste wuel Bescheed doriwwer, mee hunn déi eege Parteilinn net ganz Eescht geholl an net gehandelt.

Dofir appelléieren ech un den Här Clement an un den Här Goergen elo “Reinschiff” ze maachen. Ech si mir sécher, dass d’Gremie vun de Piraten de richtegen Ëmgang mat der Madamm Dondelinger fanne wäerten. Trotzdeem mussen den Här Clement an den Här Goergen elo opklären, wéi laang a wéi vill si doriwwer Bescheed wossten. Dat sinn si hire Wieler:inne schëlleg. Soss klénge ganz vill vun hire Rieden an der Chamber op eemol no “Waasser priedegen a Wäin” drénken.


Update 20.12.2021:

Den 20. Dezember 2021 ass d’Madamm Dondelinger aus der Piratepartei ausgetrueden. Dat setzt e wichtegt Zeeche géint Pirate mat antidemokrateschen Tendenzen. Ech begréissen dee Schrëtt. Ech fannen et wichteg, dass antidemokratesch Tendenzen erstéckt ginn, éier se grouss Schied un eiser Demokratie uriichte kënnen.

Allerdéngs sinn domat déi Verschwierungstendenze bei de Piraten nach net ganz verschwonnen. Et ginn och nach aner, prominent Kandidat:innen, déi et net ëmmer sou mat der Demokratie an dem Rechtsstaat hunn. Ech hoffen, dass domat elo eng Entwécklung innerhalb vun de Pirate lassgetrëppelt ginn ass, déi zu weidere Schrëtter féiert.

Eng Opklärung, firwat dës Schrëtt, net scho virun 2 Joer gefall sinn, feelt den Ament nach. Falls eng no kënnt, wäert ech de Blogartikel deementspriechend Updaten.

Tweet vun @gomarc777:
"Mme Dondelinger ass ab Haut net méi Member an der @Piratepartei"
Tweet vum @svnee
"No informellen Diskussiounen huet d'Madamm dee Choix getraff."

Links a Verweiser:

1
2 http://andymaar.eu/?p=733
3 https://www.woxx.lu/verschwoerungstheorien-das-schwurbel-virus

0 Kommentare

Schreibe einen Kommentar

Avatar-Platzhalter

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.