De Perimeter, deen am oppenen Debat vum Premier Bettel ugekënnegt gouf, an dem de Weekend vun den Impfgéigner:innen dierf demonstréiert ginn, ass e geféierlecht aknécke vun der Regierung.

D’Zil vun der Regierung ass et, dass mat dem Perimeter manner Leit op déi Maniff vun dësem Weekend goe sollen an et och net zu enger Eskalatioun komme sollt, wéi et de leschte Weekend de Fall war. De Perimeter wäert awer genau fir de Géigendeel suergen.

Éischtens gëtt de Perimeter den Demonstrant:innen eng weider Méiglechkeet, antisemittesch an antidemokratesch Messagen am ëffentleche Raum ze verbreeden. Dat si Messagen, déi absolut net vun enger Demokratie dierfen toleréiert ginn. De Perimeter allerdéngs, gëtt den Demonstrant:innen eng Chance, déi Messagen ze transportéieren. Ausserdeem wäert de Perimeter den Demonstrant:innen de Message ginn, dass hir antisemittesch an antidemokratesch Vuë vun der Meenungsfräiheet gedeckt wieren, wat absolut net de Fall ass. Domat huet de Staat sech moralesch selwer ausgespillt.

Zweetens wäert et d’Demonstrant:inne rëm an hirer Bild, dass d’Police op hirer Säit wier, well déi jo net agräift, bestäerken. Dat ass fatal, vu dass dëst Bild der Police, an domat mat der Exekutiv vun eiser Demokratie, an der Integralitéit weider schued.

Drëttens wäert de Perimeter d’Argument vun der „net autoriséierter Maniff“ ophiewen. Doduerch, dass extra e Perimeter fir d’Demonstrant:innen opgestallt gëtt, kann d’Stad déi nächst Demonstratiounen net wierklech verbidden. Dat wäert vill Leit, a virun allem déi moderat Leit an der heterogener Mëschung, déi dës Maniff uschwätzt, d’Bestätegung ginn, awer op déi Maniff ze goen. „Se ass jo net verbueden, et gëtt extra e Raum, an deem Demonstréiert dierf ginn, also kann et jo net sou schlëmm sinn“.

Véiertens ass dee largen Ëmgang mat den Demonstrant:inne wärend der ganzer Pandemie enorm schiedlech gewiescht. Si hunn hir Grenze permanent verréckelt. Et huet ugefaangen, dass si sech iwwer d’Hygiènesmesuren ewech gesat hunn. Dann hunn si no an no méi radikal Messagen transportéiert, well si och do keng Konsequenzen ze spiere krut hunn. Mëttlerweil hunn d’Demonstrant:innen de Staat sou wäit bruet, dass de Staat dës Demonstratiounen offiziell erlaabt. D’Demonstrant:innen hu geléiert, dass si der Regierung op der Nues ronderëm danze kënnen.

Fazit zum Perimeter:

  • De Staat erméiglecht d’Verbreede vun illegale Messagen, déi der Gesellschaft schueden
  • D’Police wäert weiderhi Spillball vun den Demonstrant:innen
  • Duerch déi erlaabten Demo, gi méi Leit motivéiert bei der Demo deelzehuelen. Domat klëmmt d’Potential vun enger Eskalatioun.
  • De Staat léisst sech vun den Demonstrant:innen ausspillen

Am Debat hunn verschidde Regierungsmembere widderhuelt dorop Opmierksam gemaach, dass si d’Biller aus dem Ausland net zu Lëtzebuerg wëlle widderhuelen. Mee de Perimeter wäert genee dat provozéieren. Un der Ausso, huet d’Regierung mir bewisen, dass si d’Situatioun am Ausland net richteg suivéiert hunn. De nämmlechte Weekend, wou zu Lëtzebuerg 2.000 Demonstrant:inne waren, waren zu Tréier der just 100. Och zu Dortmund, enger Stad 600.000 Awunner Stad an der Ruhrmetropol mat 5,1 Mio Awunner ware just eng 150 Demonstrant:innen. Firwat leeft dat an Däitschland aneschters? Ma well an Däitschland ALL Coronademonstratioun komplett verbuede gëtt. Doduerch ginn alleguer moderat Leit dovun ofgehalen, op déi Maniffen ze goen. Et ass just nach e klénge „haarden“ Kär, deen op déi verbuede Maniffe geht. Dat wierkt sech och an der Gesellschaft aus – d’Impfbereetschaft ass um klammen an den Undeel u Leit, déi den Verschwierungserzielunge gleewen, senkt.

Dofir bieden ech d’Regierung, dës Decisioun vum Perimeter ze iwwerdenken.

Kris Hansen

Kategorien: Demokratie

0 Kommentare

Schreibe einen Kommentar

Avatar-Platzhalter

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.