De 4. Dezember ass d’Marche Blanche Demo vun de Schwurbler:innen nawell eskaléiert. Ech sinn doriwwer frustréiert, rosen, traureg an ech schumme mech. Ech well an dësem Blogpost eng Kéier probéieren ze analyséieren, wat do geschitt ass. Ech war net sur Place. Ech benotze Material aus Artikele vun online Zeitungen an aus de soziale Medien. Ech hoffen, ech kréien dat iergendwéi hallefwegs iwwersiichtlech hin.

Antisemitismus a Verharmlosung vun de Verbrieche vum Drëtte Räich

Ech fänken direkt mat dem Bild un, dat mir am meeschte wéigedoen huet. Et ass e Screenshot aus engem Tiktok Video. Dorop ass ze gesinn, wéi Leit um Sockel vun der Gëlle Fra stinn. An der Wull ass och ee bekannte Rietsextremist aus Lëtzebuerg ze gesinn. Zwee Demonstrant:innen halen en Transparent, op dem ënnert anerem „[…] ne pas mentez!“, „[Democr]atie = Solidarité au peuple!“ an „on y est!“ steet. Do drënner steet en QR Code, deen de Covid Check duerstelle soll, = e Juddestär. Dat ass absolutten Antisemitismus. D’Schwurbler:inne vergiessen, dass jüddesch Leit sech net eraussiche kënnen, jüddesch ze sinn. Si konnten sech och net eraussichen, vun de Nazie verfollegt an industriell ermort ze ginn. En Impfgéigner par Rapport kann sech eraussichen, sech net impfen ze loossen a muss deementspriechend mat Konsequenze liewen. Konsequenzen, déi a kenger Hisiicht vergläichbar si mat dem, wat eis jüddesch Matbierger:innen zur Zäit vum Nationalsozialismus erlieft hunn, wann sie d’Chance haten, déi Zäit ze iwwerliewen.

Am Paragraph driwwer ass d'Bild beschriwwen

Zur Erënnerung: D’Gëlle Fra gouf nom Éischte Weltkrich zur Éier vu Lëtzebuerger Zaldoten, déi an der franséischer Arméi géint d’Preise gekämpft hunn a gefall sinn, opgeriicht. Wou Nazidäitschland Lëtzebuerg iwwerfall huet, hunn si d’Gëlle Fra mat enger Dampwalz vum Sockel gerappt, well fir si war d’Gëlle Fra e Symbol vun der däitscher Néierlag an e Symbol fir déi lëtzebuergesch Natioun, wat hinnen net gepasst huet. Wou d’Gëlle Fra wärend dem Krich war, ass net ganz kloer. Gewosst ass, dass si nom Krich kuerz opgedaucht ass, mee direkt duerno rëm verschwonnen ass. Réischt 1981 ass se rëmfonnt ginn. D’Politik huet sech wéineg fir d’Gëlle Fra interesséiert a réischt duerch eng national Aktioun fir Suen ze sammelen, gouf se restauréiert an 1985 nees opgeriicht an ageweit. An der Tëschenzäit goufen nach Plaquetten ubruecht, zu Éieren u lëtzebuergesch Zaldoten, déi am Korea Krich an am spuenesche Biergerkrich gekämpft haten. Duerch hir Geschicht ass d’Gëlle Fra also net nëmmen e Symbol fir gefale lëtzebuergesch Zaldoten, mee och en Symbol géint de Faschismus.

Dat Ganzt verdäitlech nach eng Kéier, wéi geschichtsrevisionnistesch d’Schwurbler:inne sinn. Si stellen sech als Affer duer, si gesinn sech als modern Versioun vu jüddesche Leit am Zweete Weltkrich. Dat ass alles net vergläichbar an domat verharmlosen si d’Verbrieche vun de Nazien.

Eng aner Verharmlosung ass op enger Foto ze gesinn, déi RTL.lu gepost huet, ouni se an den historesche Kontext ze setzen, wat net gutt ass. Ze liesen ass op dem Schëld „Le code de Nuremberg a été mis en place après les nazis pour que les gens ne soient plus jamais forcés ni contraints de suivre des traitements médicaux”. Ech deiten dat als e Verglach vun den Impfunge mat den Experimenter vun de Nazien u Leit, déi an de KZer gefaange waren, wou jo virun allem de Numm Dr Mengele eng traureg Berümtheet erreecht huet. Dat ass also schonn erëm als eng Verharmlosung vun den onmënschleche Verbrieche vun de Nazien an ze sortéieren.

Am Paragraph driwwer ass d'Bild beschriwwen

Op enger anerer Foto, déi de RTL.lu och net historesch asortéiert huet, huet en:g Demonstrant:in eng Macron Mask op an hält e Schëld am Grapp op deem “Non au paSS Nazitaire” steet, mat SS-Runen a Juddestär, op dem “sans Vaccin” steet. Same Procedure: sech als Affer duerstellen, obwuel een:t keen:t ass, antisemittesch Verharmlosung vun de Naziverbriechen an onreflektéiert benotze vun de SS-Runen. Bei hinnen ass btw näischt reflektéiert, Spoiler.

Am Paragraph driwwer ass d'Bild beschriwwen

Géint eng fräi Press

Wéi och am Ausland bei Schwurbler:innendemoen, sinn se och bei eis géint eng fräi Press. Fir eng éischt Opreegung huet am Ufank vun der Woch den adr Deputéierte Roy Reding gesuergt. De Roy Reding ass nämlech best buddies mat de Schwurbler:innen, dat huet hie scho puer mol an hiren Telegram Channels an op Social Media gewisen. An engem Telegram Channel huet hien dann och e Screenshot vun enger Mail gepost, déi hie vun engem Tageblatt Journalist krut1. Op deem Screenshot war och d’Telefonsnummer vun dësem Journalist drop, wouropshin hie vu Leit belästegt gouf. Dat gëtt doxing genannt – Sensibel privat Infoe vu “Feinden” deelen, fir dass des “Feinden” kenne belästegt, oder souguer ugegraff ginn. Virun allem an Däitschland gëtt des Method ganz oft bei Neo-Nazis benotzt.

Not so Fun Fact niewebäi: D’Sylvie Mischel vum adr war och bei der Maniff dobäi.

Awer och op der Marche Blanche selwer, hunn d’Schwurbler:inne Journalisten ugegraff. De Quotidien mellt, dass Knupperten op Pressephotographe geschoss goufen.2

Gewalt géint Polizist:innen

-Triggerwarnung Gewalt-

Op soziale Medien zirkuléiert och e Video, op deem ze gesinn ass, wéi eng grouss Mass u Schwurbler:innen um Winterlights Wantermaart bei der Gëlle Fra, Polizist:innen ënnert engem Kontrollzelt ugräift. Enner anerem geheien se eng Barrikad op d’Polizist:innen. Kuckt iech d’Videoë net un, wann dir Gewalt net kënnt gesinn.

Op anere Videoen ass ze gesinn, wéi genau dat nämmlecht um Winterlights op der Plëss geschitt. D’Police konnt der Mass u Leit och net laang Stand halen. D’Schwurbler:innen hunn doropshin d’Wantermäert reegelrecht gestiermt. Et ginn Aenzeien, déi solle gesinn hunn, wéi Knupperten a Richtung vu Famille mat Kanner geheit goufen. Bestätege kann ech dat net.

Antidemokratesch Tendenzen

D’Schwurbler:inne sinn zu Lëtzebuerg, wéi och iwwerall op der Welt, géint demokratesch Wäerter. Mat enger Demokratie kënnen se näischt ufänken. Firwat? Well si tatsächlech just eng Minoritéit sinn a sou hir Iddien an Ziler nimools op eng demokratesch Aart a Weis ëmsetze kënnen. Dofir wëllen si eise System futti maachen. Si wëllen sech selwer un d’Spëtzt setze fir als Minoritéit eis Gesellschaft ze terroriséieren.

Déi antidemokratesch Tendenze konnten och op der eskaléierter Demonstratioun gesi ginn. Sou eng Riedner:in op der Maniff op der Kinnekswiss: “[…] Gesellschaft net flécken. Dat wëlle mir net, sou kraaftvull si mir net. Mir wëllen och net zréck an d’Normalitéit, well déi war virdrunner och schonn net gutt, also wëlle mir eppes aneschters maachen”.  Hinne läit absolut näischt un eisen demokratesche Wäerter an eiser fräier Gesellschaft. Dat wëllen si alles net mee “eppes aneschters”, nämlech déi Diktatur, an der si sech selwer anscheinend ëmmer gesinn.

Hir antidemokratesch Tendenze konnten och dorun erkannt ginn, dass schonn Uganks der Woch Schwurbler:inne beim Premier Bettel a bei der Ministesch fir d’Famill an d’Integratioun Cahen virun de Privatwunnengen opgedaucht sinn an eng “Mini-Demo” ofgehalen hunn. Bei der Marche Blanche sinn d’Schwurbler:inne scho rem beim Här Bettel senger Privatwunneng laanscht komm. Déi hunn se da mat Eeër beschmass an en Auto virun der Dier zerkraazt. Do gouf eng Grenz tëschent professionellem Werdegang vu Politiker:innen an hirem Privatliewen absolut iwwerschratt. Et gëtt och gläichzäiteg de Message “Pass op, mir wësse wou du wunns a wou mir dech siche kommen” of, deen absolut eekleg ass. An oha oha kuck eemol un, et gi scho Screenshots aus de Schwurbler:innen Telegram Channels, wou Individuen ugekënnegt hunn, méi oft bei de Bettel laanscht ze kommen, well se jo elo wëssen, wou hie wunnt. Dat si faschistesch Methoden.

Warnunge goufen Ignoréiert

Wat mech immens frustréiert, ass dass et ganz vill Aktivist:inne gouf, déi virun sou Eskalatioune laang am Viraus gewarnt hunn. Wéi kann dat sinn, dass déi dat am Viraus wossten? Ganz einfach: Déi Leit liese bei de Schwurbler:inne mat a se kucken, wat d’Schwurbler:innen am Ausland alles scho gemaach hunn. Déi Leit hu probéier d’Police ze warnen, d’Stad ze warnen an d’Politiker:innen ze warnen. Ech gehéieren dozou. Ech selwer sinn net an de Schwurbler:inne Channels, mee ech kréie vill Screenshots gedeelt an ech kucke mir ganz vill un, wat an däitschen an an éisträichesche Stied bis elo sou geschitt ass.

Wat ech bis elo ni verstanen hunn, ass firwat d’Police ni bei Demoen agegraff huet, wann d’Hygiènesmesuren net agehale goufen. Dat war vun Ufank un vun der Pandemie de Fall, wou “normal” Bierger:innen net ouni Grond raus goen duerften. Mee déi Häipie vu Schwurbler:inne sinn ouni Konsequenzen ouni sech un Hygiènesmesuren ze halen duerch d’Stad marschéiert. Wat ass de Probleem dorun? Si hunn d’Police op hirer Säit gefillt. An dësem Screenshot, deen ech zanter dem Januar (!) op mengem PC hunn, ass ze gesinn, wéi sech en:g Schwurbler:in bei der Police bedankt huet, well si gewäert gelooss goufen! Am Januar! Aktivist:innen hunn d’Police deemools schonn dorop opmierksam gemaach, dass dat villäicht net dee richtegen Ëmgang mat de Schwurbler:inne wier. Ech hunn deemools souguer mat engem Politiker doriwwer geschwat. Mee et schéngt sou, wéi wann dat ni ukomm wier. Et ass frustréierend. An et ass immens frustréierend, dass ech am Quotidien gelies hunn, dass d’Schwurbler:innen d’Police op der Maniff gelueft hätten, dass si schonn nees sou gewäert gelooss goufen.2

"Ech wëll nach eppes zu eiser Police-Eskorte soen. Si waren sou diskret am Hannergronn, dat een si baal net bemierkt hun. An, wat ech hinnen ganz héich urechnen, dat si extrem large duerch d'Fangere gekuckt hun, wat Distanzen ënnert de Spazéiergänger ugeet. Ech fannen dat sollt erwähnt ginn."
Luew un d’Police vun Schwurbler:in vum Januar 2021

D’Police war net op dës Maniff preparéiert. An hirer Kommunikatioun hunn si behaapt, si wären de Wee vun der Deseskalatioun gaangen. Nee. Dat war keng Deseskalatioun. Dat war e Laissez-Faire. Dat war mat der Sécherheet vun alle Leit op de Wantermäert gespillt. Dat war mat der Sécherheet vum Premier Bettel a senger Famill gespillt. Dat war mat der Sécherheet vun äre Polizist:inne gespillt, déi am Kontrollzelt komplett iwwerfuerdert waren. Awer virun allem war dat eng Frechheet un dat ganzt Personal aus eise Klinicken. D’Schwurbler:innen hunn hinnen net just an d’Gesiicht gespaut, mee reegelrecht an d’Gesiicht gekatzt. An d’Stad Lëtzebuerg, déi dës Maniff zougelooss huet, souwéi d’Police, déi dës Maniff sou eskaléiere gelooss hunn, hunn dem ugekatzte Personal nach eng Kéier an d’Schinnebee gerannt.

E puer Wuert un d’Leit geriicht

Ech hoffen, dass keen:t wou ech kennen op dëser Maniff war oder sech mat deene Leit solidariséiert. A jiddereen:t wou dat mécht: Dir musst iech Bewosst sinn, dass dir just Instrumenter sidd. Instrumenter vu Faschist:innen, déi eis Demokratie zerstéiere wëllen, eiser Gesellschaft d’Fräiheeten entzéie wëllen an deenen dir Schäiss egal sidd.

Ech kann net verstoen, wann du dech net wëllst impfe loossen. Ech fannen dat net gutt, mee et ass eng eegen Entscheedung. Dat akzeptéieren ech. MEE wann een:t sech net well impfe loossen, da muss een:t halt aneschters fir seng eege Sécherheet an d’Sécherheet vun den anere suergen. Dat heescht sou nëmmen nach Doheem bleiwen. Awer ongeimpft mengen, et misst een:t iwwerall alles matmaache kënnen ass egoistesch, onsolidaresch an e risegen Aarschlach Move. Denk mat. Denk un all déi Leit, déi krank sinn, oder al sinn, deenen eng Covid Infektioun en Doudesurteel ka sinn. An distanzéiert iech vun deene Faschist:innen. #EtGeetDeckDuer

Als lescht, liest wgl. dësen Twitter Thread


Transparenz:

An enger fréierer Versioun vum Blogpost hat ech stoen, dass d’Schwurbler:innen bei der Privatwunneng vun der Gesondheetsministesch Lenert stoungen. Dat ass falsch. Si stoungen bei der Privatwunneng vun der Ministesch Cahen. Außerdeem hunn ech de Numm Lenert och nach falsch geschriwwen. Dat deet mir Leed, dat hätt ech am Viraus nach eng Kéier nopréife sollen. Hei kënnt dir et nach eng Kéier noliesen:

https://www.wort.lu/de/politik/impfgegner-bei-bettel-vor-der-haustuer-61a754bade135b92360fe8d3


Quellen an Noweiser:

1https://100komma7.lu/article/aktualiteit/tageblatt-preift-juristesch-schrett-geint-roy-reding

2https://lequotidien.lu/a-la-une/luxembourg-debordements-lors-du-rassemblement-contre-les-mesures-sanitaires/

Beitragsbild: Screenshot vu LW: https://www.wort.lu/de/lokales/turbulente-anti-corona-demo-61ab941cde135b923666d45b

Kategorien: Demokratie

0 Kommentare

Schreibe einen Kommentar

Avatar-Platzhalter

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.