Zanter Méint spillen ech mëttlerweil scho mam Gedanken, fir d‘Gemengewalen 2023 ze kandidéieren. Dowéinst maachen ech mir och schonn zanter Méint Gedanken doriwwer, wat zu Bous alles kéint verbessert ginn, wou ech mech asetze kéint asw. An dësem Blogpost well ech dofir meng gréissten Iddie präsentéieren, an déi scho vill Gedankeschweess gefloss ass.

Mee éier ech op déi Iddien aginn, wollt ech nach kuerz meng allgemeng Ziler uginn, déi sech duerch meng Ziler rauskristalliséiert hunn. Dat wieren:

  • D’Liewensqualitéit vun den Awunner:inne verbesseren.
  • Den Zesummenhalt an der Gemeng stäerken. Dat Zesummenhaltsgefill, dat een:t eigentlech aus den Dierfer kenn, rëm zréck an d’Dierfer bréngen.
  • De kulturelle Beräich stäerken.
  • Den ëmweltfrëndlechen Ausbau an der Gemeng wieder undreiwen.
  • D’Mobilités douces an der Gemeng ausbauen (besser ze Fouss, mam Vëlo a mam Bus ënnerwee sinn).
  • Méi Bierger:innenbedeelegung an der Gemeng erméiglechen.

Nach eng kuerz Umierkung: Ëmmer wann ech vu Gemeng schwätzen, mengen ech d’Gemeng Bous. Mir ass bewosst, dass d’Gemengefusioun bei de nächste Gemengewale schonn a sécheren Dicher wäert sinn. Mee ech hunn mech virun allem mat der Gemeng Bous befaasst, well ech d’Gemeng Waldbriedemes net sou gutt kennen an deementspriechend net sou gutt Iddie liwwere kann.

De Projet Shared Space, Vëlosstroossen a Vëlos- & Wanderweeër.

Lass geet et mat menger gréisster Iddien, déi eigentlech direkt e ganze Projet ass. Dëse Projet dréint sech ronderëm e Shared Space, Vëlosstroossen, souwéi Wander- & Vëlosweeër. D’Mobilités douces sinn d’Zukunft, virun allem de Vëlo. D’Politik well eng Zukunft, an der d’Elteren hir Kanner mam Cargobike an d’Schoul féieren, wou d’Leit ze Fouss oder mam Vëlo hir Frënd:innen am Duerf besichen an den alldeeglechen Akaf och mam Vëlo gemaach gëtt. Mee d’Politik vergësst, dass dat net einfach sou vun Haut op Muer geschitt. Éier dat geschéie kann, mussen eis Dierfer a Stied dorun ugepasst ginn. Well soubal et sécher an einfach genuch ass, fänken d’Leit vum selwen un, d’Mobilités douces am Plaz vum Auto ze benotzen. Virum Detail, weisen ech dir hei eng Kéier de kuerze Resumé vun den Ziler vun dësem Projet:

  • Verschéinerung vum Duerfkär.
  • Verbessert Liewensqualitéit vun den Awunner:innen.
  • Besser Verhältnisser a méi Sécherheet fir d’Schoulkanner an d’Kanner aus der Maison Relais.
  • De soziokulturellen Zesummenhalt stäerken.
  • Sécher Begéignungsräim fir Foussgänger:innen, Vëlosfuerer:innen an Autosfuerer:innen.
  • D’Dierfer sécher duerch Weeër matenee verbannen, déi vun de Stroossen getrennt sinn.
  • Besser Accessibilitéit u schéin a flott Plazen an der Bousser Gemeng.
  • Sécher a gutt Ubannung un dat nationaalt Vëlospistennetz („Jangeli“ zu Ierpeldeng)

De Shared Space am Bousser Duerfkär.

Mäin Plang vum Shared Space, Vëlosstroossen souwéi Wander- a Vëlosweeër zu Bous, Assel a Rolleng
Mäin Plang fir Bous, Rolleng an Assel

Jo, d’Iddie fir den Duerfkär vu Bous zu engem Shared Space ëmzewandelen ass keng nei. Dass de Gemengerot dës Iddien och huet, ass schonn heiansdo duerchkomm. Allerdéngs wëssen d’Awunner:inne bis elo net, wéi dat ausgesi soll. Wéi och, d’Kommunikatioun vum Gemengerot hält sech jo och a Grenzen… Mee vun dem, wat ech bis elo matkrut, hunn ech Angscht, dass de Gemengerot en ëmweltfeindlechen an domat och mënschefeindleche Shared Space draus mécht.

Wéi sinn ech dann op d’Iddie vum Shared Space am Duerfkär iwwerhaapt komm? Ech hunn mir den Duerfkär méi genee ugekuckt. Et fält direkt op, dass sech keng Persoun gären a laang am Kär ophält. Grënn ginn et der vill: Den Trottoir ass ze schmuel, et stinn ze vill Autoe laanscht d’Strooss et si generell ze vill Autoen ënnerwee, d’Strooss ass net iwwersiichtlech genuch an et fillt een:t sech onwuel wann een iwwer d’Strooss geet, d’Architektur vun der neier Maison Relais passt net an d’Duerfbild, am Summer gëtt et kee Schiet, well de Kär just aus Bëtong an Asphalt besteet, soudass et onméiglech waarm am Kär ass asw. Zwar kennt een:t vum Kär séier an d’Natur, mee de Kär selwer kennt keng Natur. Et gi souguer Stied mat méi Grénges wéi eisen Duerfkär.
Lo froen déi éischt Leit scho „an du wëllst déi ganz Probleemer mat engem Shared Space léisen?“ – Jo, mat engem Shared Space mat engem gudde Konzept kritt een:t dat hin! Ausser déi nei Maison Relais, déi ass net ze retten… (Firwat geet déi iwwerhaapt sou an d’Strooss eran ? Déi kënstlech Verengung mécht d’Strooss nach manner iwwersiichtlech an doduerch just méi geféierlech fir Foussgänger:innen… ech verstinn et net…)

Am Shared Space gëtt et keen Trottoire méi, well déi ganz Strooss gëtt den Trottoire. Autoen a Busse si just nëmmen nach „Gäscht“ am Shared Space. Si dierfe just am Schrëtttempo fueren. Fir d’Autoe gëllt eng Sens Unique. Ausserdeem mussen Auto a Bus hir Prioritéiten un de Vëlo an d’Foussgänger:innen ofginn. Wärend de Vëlo an d’Foussgänger:innen de ganze Shared Space benotze kënnen, mussen sech de Bus an den Auto riets halen. Do wou Niewestroossen op de Shared Space treffen, soll d’Prinzip vum „Continuous Sidewalk” ëmgesat ginn. Beim Continuous Sidewalk ënnerbrécht net d’Strooss den Trottoir, mee ëmgedréint. An Holland ginn et scho vill Continuous Sidewalks an eng flott Niewewierkung vun dësen ass eng Reduktioun vu geféierlechen Accidenter mat Foussgänger:innen. Op heefeg frequentéiert Plaze sollen och Vëlosstänner opgestallt ginn. Dozou zielen ënner anerem d’Schoul, d‘Busarreten, d’Kierch an d’Gemeng.

Am Shared Space selwer sollen Inselen aus Beem, Hecken a Blummen entstoen. Doduerch soll sech d’Klima am Kär verbesseren an d’Autosfuerer:inne gi motivéiert méi lues ze fueren. D‘Gebäier, déi der Gemeng gehéiere kréien eng „vertikal Begrünung“ zum Shared Space hin. Déi suerge fir e bessert Klima am Shared Space, sollen och d’Käschte fir Killen an Heize vun de Gebaier selwer reduzéieren an awer och de Kaméidi besser dämmen, also ideal fir d’Schoul. Déi onbenotzt Fläche sollen och genotzt ginn, fir dass d’Awunner:inne selwer heemesch Planzen uplanze kënnen, an och Raschtméiglechkeete wéi Bänke kréien. Den Duerfkär gëtt also rëm eng Plaz, wou d’Leit sech begéinen an Zäit matenee verbréngen. Un de Shared Space sollen am Idealfall e Bäcker an/oder eng Epicerie kommen. Da mussen d’Awunner:innen net ëmmer fir all Klengegkeet an d’Nopeschdierfer fueren, mee kënnen och ganz einfach bei de Bäcker, wann si z.B. d’Kanner aus der Primärschoul siche ginn. En Deel vum Shared Space soll fir Evenementer kënne benotzt ginn. Gréisser, sou wéi kléng Evenementer awer och en wëchentleche Maart.

Vëlosstroossen

Mäin Plang vun de Vëlosstroossen souwéi Wander- a Vëlosweeër zu Ierpeldeng
Mäin Plang fir Ierpeldeng

D’Vëlosstroosse sinn e Konzept, dat och aus Holland lues a lues eriwwergeschwappt. An der Stad ginn et souguer och schonn e puer wéineg Vëlosstroossen. A mengem Konzept soll all Niewestrooss an der Gemeng eng Vëlosstrooss ginn. „Schocker, de Kris ass e Vëlosextremist“, wäerten elo verschidde Leit denken, mee esou ass dat net, loosst mech dat kuerz erklären. Déi meescht Niewestroossen an der Gemeng si souwisou scho Spillstroossen oder sou schmuel, dass een:t do net séier mam Auto duerchfuere kann. An enger Vëlosstrooss ass et sou, dass d’Vitesse fir Autoen op 20 km/h limitéiert gëtt, also dat, wat an der Realitéit an de meeschte Stroossen och schonn sou nëmme ka Gefuer ginn. Wat fir Autoen dobäi kënnt, ass dass sinn hir Prioritéiten un de Vëlo mussen ofginn a just a Garagenafaarten oder gezeechente Parklücke parken dierfen. D’Vëlosfuerer:innen dierfen awer déi ganz Breet vun der Strooss benotzen, ausser bei Géigeverkéier, do mussen och si Plaz maachen an op déi aner Deelhueler am Verkéier Récksiicht huelen. Ausserdeem muss net vill gemaach ginn, fir dës Stroossen a Vëlosstroossen ëmzebauen. Et musse just nei Markéierunge gesat an nei Schëlder opgestallt ginn.

Wander- a Vëlosweeër

Fir eng besser a virun allem sécher Verbindung tëschent de verschiddenen Dierfer aus der Gemeng ze garantéieren, braucht d’Gemeng eng Rëtsch nei Wander- a Vëlosweeër. Déi meeschte Weeër ginn et schonn als Feldwee, wou keng Autoe fueren dierfen. Déi kéinte relativ einfach zu séchere Weeër ausgebaut ginn. Et ginn awer och e puer nei Weeër gebraucht, déi et entweeder nach guer net gëtt, oder déi et fréier mol gouf, awer mëttlerweil verschwonne sinn. E puer vun deenen ale Weeër kann een:t souguer nach ob ale Loftopname gesinn.

Dës Weeër mussen e puer Viraussetzungen entspriechen: Jiddereen:t soll se mat einfachen Transportmëttel zu all Zäit benotze kënnen. Mat einfachen Transportmëttel mengen ech ze Fouss, mam Vëlo, mam Skateboard, mat Inline Skater, awer och mam Cargobike, mam Rollator, mat Vëloe fir Leit mat Behënnerungen, mat der Poussette asw. Si mussen awer och de landwirtschaftleche Betrib aushale kënnen an accessibel si fir eng Ambulanz fir op all Fall virbereet ze sinn. De Belag soll entweeder glate Pawee oder Asphalt sinn, fir dass een d’Weeër markéiere kann an am Hierscht wéi am Wanter raume bzw. streeë kann. De Kräsi, wéi en aktuell op Deeler vum Kiirchepad läit, ass katastrophal – wann et dreschen ass, stëbst et ze vill, de Bremswee ass méi laang wéi néideg a verschidden Transportmëttel hunn domat hir Schwieregkeeten. D’Haaptweeër sollen och mat Luuchten equipéiert sinn, déi no uewe gutt ofgeschiermt sinn a mat Beweegungsmelder gesteiert ginn, fir onnéideg Liichtverschmotzung ze reduzéieren.

D’Weeër sollen der Natur an der Ëmwelt och eppes zréck ginn. Do wou et an d’Landschaft passt, solle Bamalleeën entstoen an um Rand solle Wëllblummewisen a Gehécks kommen. Doduerch gëtt et och méi angeneem, d’Weeër ze benotzen. Wann d’Weeër duerch d’Wéngerte ginn, da kommen zB. keng Bamalleeën hin, well dat der Landwirtschaft schued an awer och net an d’Landschaftsbild vu Wéngerte passt. Op verschiddene Plaze sollen och Wildbienenhoteler, Kéip aus Steng a Kéip aus Totholz um Rand hikommen, well d’Flora an d’Fauna dovu profitéieren.

D’Weeër sollen d’Leit aus der Gemeng och méi no un déi kulturell an historesch Plazen aus der Gemeng bréngen. Plaze wéi de Gipsbroch, d’Rollenger Millen, de Wäschbuer an nach e puer méi ginn dorun ugeschloss. A reegelméissegen Ofstänn solle kléng Raschtplaze mat Poubellen entstoen Am Kiirchepad ronderëm der renaturéierter Baach soll e klenge Fräizäitdeel entstoen, deen ech mol einfach „Zierkel“ genannt hunn. Well do elo scho vill Leit ënnerwee sinn, wier et fir d’Sécherheet fir jiddereen:t net verkéiert, fir Vëlosfuerer:innen do eng Sens Unique em ze setzen.

Et gi relativ vill nei Infrastrukture gebraucht. Virun allem awer Kräizungen, déi no den neiste Sécherheetsstandarden ëmgesat musse ginn. Dat heescht rout Luuchten, awer och en den Iwwergang un der Kräizung selwer ass erhéicht. An Holland gouf rausfonnt, dass doduerch manner schlëmm Accidenter geschéien. Et ginn och e puer kléng Brécken iwwer d’Aalbach an aner kléng Baache gebraucht. Leider bräicht et och nach eng wieder Ënnerféierung ënnert der N2, fir dass et optimal opgeet, wou ech mir d’Fro stellen, firwat dat net scho viru bal 20 Joer gemaach gouf.

Fazit

Ech fannen, dass net nëmme Stied dorun denke sollen, sech ee méi vëlo- a foussgänger:innenfrëndlechen Ustréch ze verpassen. Och Dierfer a Gemenge sollen dorun denken. Bous huet do a mengen Ae souguer e richteg gutt Potential, dat onbedéngt ausgenotzt muss ginn. Dat Potential ass souguer sou grouss, dass Bous an der Saach zum Virbild fir all aner Gemeng am Land ka ginn. Mir gesinn eis ëmmer e bëssen als Provënzregioun vun der Stad, mee dat ass eng massiv Selbstënnerschätzung. Bous ass nämlech eigentlech eng richteg schéi Gemeng mat enger richteg schéiner Naturlandschaft ronderëm sech. A wann mir mat engem gudde Konzept, wéi dat heiten, d’Gemeng uerdentlech erausbotzen, dann ass dat eng Plaz, wou jiddereen:t gären seng Fräizäit verbréngt. A wann mir dat richteg gutt hikréien, da verbréngen net just mir Bousser, Ierpeldenger, Rollenger an Aasseler eis Fräizäit an eiser Gemeng, mee da kommen se vun iwwerall aus dem Land an aus der Regioun a wënschen sech, op sou enger flotter Plaz ze wunne wéi mir. Alles wat mir dofir brauchen ass e gutt Konzept.


1 Kommentar

Shared Space am Bousser Duerfkär – Dem Kris säi Blog · Februar 12, 2022 um 12:20 pm

[…] Meng Iddie fir d’Gemeng Bous […]

Schreibe einen Kommentar zu Shared Space am Bousser Duerfkär – Dem Kris säi Blog Antworten abbrechen

Avatar-Platzhalter

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.