D’Bierger:inne vu Bous gi kaum an Entscheedungen agebonnen, déi d’Gemeng trëfft an d’Informatiounen, déi d’Gemeng raus gëtt, sinn och relativ limitéiert. Dat ass en Zoustand, deen absolut net mengem Demokratieverständnis aus dem 21. Joerhonnert entsprécht.

Wat mécht eng Gemeng aus, déi aus klengen Dierfer besteet an eng Majorzgemeng ass? Genau, den enke Kontakt tëschent Bierger:innen an dem Gemengerot, dem Schäfferot a Buergermeescht:esch. Mee den enke Kontakt ass zu Bous quasi net existent. Villäicht schwätzt de Kontrollfreak aus mir raus, oder awer mäin déif abetonéierte Besoin u politescher an demokratescher Participatioun, mee ech fannen et schrecklech, wéi verschidde Saachen an der Gemeng lafen.

Déi eenzeg Kommunikatioun déi et tëschent Gemeng a Bierger:inne gëtt, ass de Rapport du Conseil am Gemengebuet an um Internetsite vun der Gemeng. A souguer do ass déi Kommunikatioun immens limitéiert. Ugefaangen domat, dass de Site quasi komplett op franséisch ass. Domat hunn ech kee Probleem, mee am 21. Joerhonnert muss een am multikulturelle Lëtzebuerg sou ee wichtege Site nach op mannst op Däitsch oder Englesch lafen hunn. Déi Kommunikatiounen am Rapport sinn dann och nach zimmlech kuerz a knapp gehalen. Oft heescht et da just, dass doriwwer geschwat gouf, en Terrain fir en eventuelle Projet ze kafen. De Projet gëtt net wieder präziséiert a woufir de Gemengerot sech final entscheet huet, gëtt och net weider uginn. Ausserdeem verschwannen d’Pläng vu gréissere Projeten och reegelméisseg vum Site, soudass een:t als Bierger:in och kee Suivi hale kann. Ganz komesch ass och, dass déi meescht Bauprojeten trotz Ausschreiwungen un de nämmlechten Architekturbüro geet. Ein Schelm, der Vetternwirtschaft riecht.

Okay, genuch ronderëm de Bräi geschwat, ech kommen elo mol mat konkrete Beispiller.

Länger ass scho bekannt, dass an der Monté des Vignes e Sozialwunnengsprojet sollt realiséiert ginn. Viru Méint hat ech dozou mol eng Kéier Pläng um Site fonnt, déi ech elo net méi rëmfannen. Entweeder spillt mir meng Erënnerung eppes vir, oder se si vum Site verschwonnen. Béid Zenarie kënnen de Fall sinn. Mee elo, wou déi Pläng net méi ze fanne sinn (falls se mol online waren) kann een:t de Projet als Bierger:in net méi suivéieren. Villäicht fënnt een:t jo als Bewunner:in vun der Strooss, dass de Projet net dohi passt, oder an der Form net dohi passt. Villäicht misst de Projet jo op enger anerer Plaz an der Strooss oder souguer an der Gemeng realiséiert ginn, no den Awunner:innen. Mee do huet een:t elo keen Afloss.

Viru Méint hat ech am Rapport eng Kéier gelies, dass iwwer en méigleche Kaf vun engem Terrain, fir e Vëloswee, diskutéiert gouf. Dat war et. Méi stoung net dobäi. Gouf sech fir en Kaf decidéiert? Wou sollt dee Vëloswee entstoen? Dat gouf een:t alles net gewuer. Well d’Gemeng scho Vëlosweeër komplett verschass huet (dat mengen ech Eescht, de Vëloswee am Duerfkär ass geféierlech, ënner aller Sau an daacht just fir an d’Poubelle), hunn ech mir schonn déi schlëmmsten Zenarie virgestallt. Fir mech ze berouegen, hunn ech e RDV mat enger Persoun aus dem Gemengerot gemaach. Wou ech virun der Dier stoung, hunn ech nach schnell eng Foto vum Vëloswee am Duerfkär gemaach. An jo, kuerz nodeems ech déi Foto gemaach hat, ass en Vëlosfuerer op der Strooss laanscht gefuer. Ech kann et der Persoun net iwwel huelen, well um Vëloswee wier en viru kommen net méiglech gewiescht. An der Gemeng ukomm, wosst keen:t vu mengem RDV. Déi Persoun, mat der ech de RDV ausgemaach hat, war krank an huet sech net bei mir gemellt. Do kënnt een sech als Bierger veraarscht vir, wéi wann ee komplett egal wier. Ech sinn dann an d’Gespréich komm mat engem Mataarbechter vun der Gemeng. Anscheinend géing et sech bei dem Vëloswee em e Projet tëschent Bous a Stadbriedemes handelen. Dat huet mech dann e bësse berouegt. Awer wierklech just e bëssen. Mëttlerweil gëtt am Rapport och méi detailléiert uginn, dass et de Projet vun engem Vëloswee Bous-Stadbriedemes gëtt, wat zu dem Zäitpunkt net sou präziséiert gouf.

Firwat mécht mech dat eigentlech sou rosen? Ma well mir zu Bous schonn e puer Mol erlieft hunn, dass do Saachen entstane sinn, déi an der Form wou et se gëtt einfach nëmme schlecht sinn. Zum Beispill dee vu mir genannte Vëloswee am Duerfkär. Deen Vëloswee ass 20cm breet, Gullideckele befannen sech um Vëloswee, de Wee fänkt einfach sou un an hält och einfach sou op an e befënnt sech tëschent Trottoir a Parkplazen. Allem an allem: Mega geféierlech fir Vëlosfuerer:innen a komplett ouni Konzept. Déi Sue fir d’Planung a fir d’Faarf hätt een sech komplett spuere kënnen. Mee Haaptsaach Bous huet e Vëloswee.

Vëloswee op der Haaptstrooss zu Bous. Dësen ass geféierlech well ënner anerem Autoen op dem Wee parken, souwéi Gullideckelen op dem Wee sinn an de Wee an engem schlechten Zoustand ass.
Liewensgeféierlechen, onbenotzbare Vëloswee am Bousser Duerfkär.

En anert Beispill ass déi nei Annex vun der Primärschoul, wou d’Crèche ran kënnt. Dat Gebai gouf definitiv gebraucht, mee sou wéi et ëmgesat gouf ass eng absolut Katastroph. Dat Gebai passt architektonesch absolut net an d’Duerfbild an sou wéi et an d’Haaptstrooss era reecht ass total geféierlech. Déi kënschtlech Stroosseverengung erziilt nämlech net dass d’Autosfuerer:innen méi lues fueren. Se erreecht just, dass d’Autosfuerer:innen sech trotz Géigeverkéier duerch déi Verengung duerchquëtsche wëllen a just drop oppassen, dass sinn sech hir Autosspigelen net wechfueren. Sinn dee Moment aner verkéiersbedeelegt Leit op der Strooss, wéi zB. Vëlosfuerer:innen, Foussgänger:innen oder einfach just Kanner aus der Schoul oder aus der Crèche, da well ech mir net virstellen, wéi dat ausgoe kann.

Mir mierken also: D’Iddie vun der Gemeng si gutt, mee d’Ëmsetzung ass ënnerierdesch schlecht.

Dat mécht mir enorm Suergen. D’Gemeng huet nämlech aktuell vill Iddien, déi ech am Fong gutt fannen, mee wou ech mir mega Suergen em d’Ëmsetzung maachen. Am aktuellste Rapport liest ee vun engem Shared Space, wat eng richteg gutt Léisung wier. Mee da liest een awer och vun engem Konzept aus Betonsplacke virun der Kierch, wat en absolutten Horror ass. D’Duerfkär vu Bous ass méi schlëmm zoubetonéiert wéi déi meeschte Stied. Am Summer kann een:t net duerch d’Duerf spadséieren, well een:t vun der Sonn an der Hëtzt, déi vun iwwerall ausgestraalt gëtt, reegelrecht gegrillt gëtt. E Shared Space soll eng Plaz sinn, wou een:t sech wuel fillt an do gehéiere keng Betonsplacken hin, mee Gréngs wéi Beem oder soss Gréngflächen. Soss kritt een:t e Shared Space wéi zu Diddeleng, wat zwar gutt ausgesäit, mee einfach liewensfeindlech an onangeneem ass.

Mee bon, credit is due, where credit is due. Et ass schonn zanter Jore bekannt, dass Bous eng Gemengefusioun virbléit. Dat ass eng gutt Saach, keen Zweiwel. Aktuell sinn d’Gemengefusiounsgespréicher mat Waldbriedemes voll am Gaang. Ufanks huet een:t zwar och hei absolut keng Detailer kritt an och hei ginn et zur Zäit e puer Informatiounen, déi mir déck Suerge maachen. Mee et gouf elo eng Rei u Versammlungen ugekënnegt, fir d’Bierger:innen ze informéieren a Froen ze beäntwerten. Ech si wierklech dorop gespaant an hoffen, dass d’Bierger:innen endlech eng Méiglechkeet hunn, sech abezéien ze kënnen.

Ech wäert déi Rei u Blogartikele betreffend Bous och nach weiderféieren. Ech well nämlech net just meckeren, mee och Léisungen ubidden. Also kënnt dir iech villäicht nach fir déi eng oder aner Iwwerraschung preparéieren.


0 Kommentare

Schreibe einen Kommentar

Avatar-Platzhalter

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.