Et ass Februar, dat heescht d’Eurovision Season 2022 leeft schonn op Héichtouren. D’Final ass de 14. Mee zu Turin an déi meeschte Länner wielen hir Kandidat:innen an nationale Virentscheeder. Déi 6 Kandidat:inne fir Däitschland goufen Haut de Moie präsentéiert, komm mir kucken eis dat eemol un.

Den däitsche Virentscheed Germany 12 Points wäert den 4. Mäerz um 20:15 an den drëtte Programmer vum ARD ze gesi sinn. D’Kandidat:inne goufen Haut virgestallt. Ab dem 28. Februar, kann all Mënsch online fir säi Liiblingsact wielen, mee just déi Stëmmen aus Däitschland wäerte gezielt ginn. Déi Stëmmen zielen zu 50%, déi aner 50% wäerten d’Televoting un der Show selwer ausmaachen. Da wäerte mir wësse wéien:eng Kandidat:in Däitschland zu Turin vertrëtt. Mee elo zu den Acts:


eros atomus – alive

Den eros atomus war op der däitscher Tëlee scho bei The Voice of Germany ze gesinn. A senge Lidder kritt seng Gittare och nach eng sympathesch Nieweroll a muss och mol als Bongo duerhalen. Säi Lidd alive soll voll vu positive Vibes sinn. Leider ass et awer och relativ flaach a bitt wéineg Dimensiounen nieft der „Feel Good“ Stëmmung, déi et eriwwer brénge soll. Et ass radiotauglech, sou schnell géing kee Mënsch de Radio ausmaachen, wann et lafe géing. Et géing sech awer och kee Mënsch d’Lidd wierklech verhalen. Wann ech d’Lidd lauschteren, kënnt et mir sou fir, wéi wann et dat perfekte Lidd fir eng Rentenlotterie Reklamm am ëffentlech rechtleche Fernsee wier. Méi och net. Et ass net schlecht, awer och net immens gutt. En „okay“ also.


Felicia Lu – Anxiety

D’Felicia Lu huet Angschtzoustänn, sou wéi all anere Mënsch och vun Zäit zu Zäit Angscht huet. Och wann déi Meescht probéieren se ze verstoppen, akzeptéiert d’Felicia dës Ängschten als Deel vu sech a well sech net méi selwer beléien. Dorëms geet et am Lidd Anxiety. Obwuel de Message vum Lidd éischter düster a melancholesch kléngt, ass d’Lidd awer eng zimmlech popesch Nummer mat richtegem Ouerwuermpotenzial. Eng Diskrepanz déi mir perséinlech gutt gefält. Och dem Felicia seng Stëmm ass ganz angeneem unzehéieren an erënnert e bëssen un d‘ESC Gewënnerin Lena. Fun Fact: De Museksvideo huet hat eleng Doheem an der Corona Quarantän opgeholl a geschnidden, sou kënnt et dann och mol fir, dass d’Buedzëmmer als Dréihkuliss ausdénge muss. Alles an allem e gudde Song, deen eppes versprécht.


Maël & Jonas – I swear to God

Wou Maël & Jonas ugekënnegt goufen, hat ech e klénge Fanboy Moment. E puer vun hire Lidder aus de leschten 2 Joer hunn eng Stammplaz a menge Playlists fonnt. Wou d’Lidd virgestallt gouf, huet sech meng Freed e bëssen agestallt. D’Lidd ass gutt, awer leider kee sou e Banger wéi déi aner Lidder. An och fir hier Verhältnisser ass dat Lidd erstaunlech radiotauglech. D’Lidd selwer géing ech a Richtung Post Punk-Rock meets Camp Rock aschätzen, wou ech mir grad vum Punk-Rock Deel méi gewënscht hätt an trotzdeem ass d’Growing Potenzial héich bei deem Lidd. Den Text ass staark, et gëtt em eng Situatioun, déi ville Leit bekannt virkommen dierft: „Fuck, dat do hunn ech jo mol richteg verbockt“. Talentéiert sinn déi Koblenzer Jongen op alle Fall, zitt iech hir Single Alone ran, do ass hinnen hiert d’Potenzial gutt ze erkennen. Mee fir den ESC geet et mengen ech net duer.

Heavy Banger vun Maël & Jonas – Alone

Emily Roberts – Soap

Am Museksvideo bréngt de Fliger eis straight an en amerikanesche College Girl Summer Break. Ongeféier sou kléngt d’Lidd och. Zolidd produzéiert, talentéiert Sängerin. Mee iergendeppes feelt mir an ech kann et tatsächlech net ganz ausmaachen. Laut de Lyrics well d’Emily sech de Kapp eng Kéier mat Seef auswäschen, well hat net méi un eng gewësse Persoun denke well, wann hat scho rëm eng Kéier bis 5 Auer kee Schlof fënnt. D’Lidd selwer an de Video vermëttele mir awer éischter e Bild vun enger glécklecher Bezéiung. De Message, dass hat déi Persoun onbedéngt vergiesse well, kënnt net wierklech bei mir un. Schued eigentlech, mat der zousätzlecher Dimensioun wier et warscheinlech e ganz gutt Lidd ginn.


Malik Harris – Rockstars

De Malik Harris geheit eis direkt a säi Lidd a beweist säi Gesangstalent. An der Hallschent vum Lidd wiesselt hien an de Spriechgesang, kuerz drop rëm zréck an de Gesang. Déi Wiessel sinn authentesch a stéieren de Flow vum Lidd net. Béides kritt hien och ganz gutt hin. Op mannst mol am Museksvideo, wéi dat Live ausgesäit, gesi mir réischt am Mäerz. D’Message vum Text kann sou zimmlech all Mënsch novollzéien: Heiansdo gëtt alles ze vill, einfach mol eng aner Persoun si fir en Dag wier flott, am beschten e Kand, ouni Suergen, ouni Responsabilitéiten, de ganzen Dag just dreemen. Dëse melancholesche Message kritt d’Lidd och am gesamte gutt eriwwer bruecht. Mat Zäiten erënnert et mech e bëssen un Twenty One Pilots, grad d’Lidd Car Radio gëtt mir déi nämmlecht vibes. A mengen Aen huet de Malik Harris déi beschte Chancen, bei ville Leit an d’Playlists ze landen an op Turin ze fueren. Mam Lidd liwwer den Harris genuch Emotiounen, fir europawäit gutt unzekommen.


Nico Suave & Team Liebe – Hallo Welt

Ui. Wou soll ech ufänken? Also sange kënnen déi Leit zweiwelsfräi. Platt Texter an eendimensional Lidder schreiwen, dat kënnen se och. D’Lidd ass radiotauglech a virun allem relativ zäitlos: Genee dat Lidd do hätt och virun 20, 15 oder 10 Joer rauskomme kënnen. Op et awer deemools schonn op villen iPods a MP3 Player gelant wier, bezweifelen ech. Och d’Message kënnt immens naiv an onauthentesch eriwwer a virun allem komplett ouni Emotiounen. Leit déi keen Däitsch kënnen, erkennen och unhand vun den Emotiounen net, wourëms et geet – ganz schlecht fir den ESC. An och no der drëtter Kéier um Radio bannent zwee Deeg, géing och de leschten de Radiosender bei deem Lidd wiesselen.


Firwat kléngen déi Lidder eigentlech alleguer sou änlech? A firwat sinn se all sou radiotauglech?

Dat huet domat ze dinn, dass „d’ARD-Popwellen“, also déi däitsch ëffentlech rechtlech Radiosender, déi virun allem Pop Musek bréngen, d’Kandidat:innen ausgewielt hunn. Déi wielen sech natierlech déi Kandidat:innen zesummen, déi um Radio gutt lafe kéinten. Dat ass fir den ESC awer richteg fatal, well beim ESC zielt net nëmmen d’Lidd, mee och d’Inzenéierung, also d’Büneshow. Bei 4 vun dëse 6 Lidder, kann ech mir beim beschte Wëlle keng gutt Büneshow virstellen. Bei deenen aneren zwee gëtt et schwéier, awer net op mannst onméiglech.

Mee de gréisste Problem ass, an dat mécht mech éierlech gesot och e bësse mad, Däitschland huet sech domat eng riseg Chance entgoe gelooss: Eskimo Callboy, eng international zimmlech bekannte Metal Band aus dem Ruhrgebitt, haten sech als Kandidat gemellt! Si hunn eng richteg gutt Metal-Dance Nummer op d’Been gestallt, déi bannent zwee Méint 8 Millioune (!) Clicks op Youtube gesammelt huet. Och hiren Humor aus dem Museksvideo géing beim ESC Publikum richteg gutt ukommen. Metal kënnt beim ESC Publikum och besser un, wéi ëmmer geduecht gëtt: 2021 huet Måneskin mat Zitti e buoni fir Italien mat enger Rock/Metal Nummer gewonnen, Blind Channel huet mat Dark Side eng gutt 6. Plaz fir Finnland agefuer an 2018 sinn AWS mat Viszlát Nyár ëmmerhi mat enger Metal Nummer an d’Finall komm. Mat Eskimo Callboy wier eng Top 5 Positioun zimmlech sécher gewiescht, virun allem mat hirer internationale Bekanntheet an der Zeen. Mee dass Däitschland tonneweis Feeler beim Choix vun de Kandidat:inne mécht, ass leider näischt Neies.


Wéi gesäit et eigentlech bei eisen aneren Noperen aus?

D’Belsch mécht mëttlerweil traditionell keng Virentscheeder. Dëst Joer huet d’Wallonie den The Voice of Belgium Gewënner Jérémie Makiese intern ausgewielt, fir d’Belsch ze vertrieden. D’Lidd ass nach net bekannt.

Frankräich gëtt de 16. Februar d’Kandidat:inne fir hire Virentscheed „C’est vous qui décidez“ bekannt. Wéini de Virentscheed stattfënnt, ass och nach net bekannt.

Eis portugisesch Matbierger:innen dierfen sech op de Festival da Canção freeën, op dem traditionell de portugiseschen ESC Act gewielt gëtt. Déi éischt Halleffinal ass de 5. Mäerz, déi Zweet de 7. Mäerz an d’Final den 12 Mäerz op RTP ze gesinn. Och wann ech kee Wuert portugisesch verstinn, ass de Festival da Canção ëmmer nees spannend ze kucken, virun allem well am Portugal ganz gären an der Mammesprooch gesonge gëtt. Op der Internetsäit vum RTP (https://media.rtp.pt/festivaldacancao/edicao/cancoes-2022/) kënnt dir iech d’Kandidat:inne vum Festival da Canção schonn ulauschteren.


0 Kommentare

Schreibe einen Kommentar

Avatar-Platzhalter

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.