Gëschter war basically en Eurovision Super Saturday, well deelweis gläichzäiteg véier national Virentscheeder stattfonnt haten. Dat waren Estland, Lettland, Litauen, also d‘Baltikumlänner an d’Ukrain. Dës national Virentscheeder hunn eis souguer déi eng oder aner Iwwerraschung. Loosst eis mol zesummen e Bléck drop geheien.

Estland – Eesti Laul 2022

40 Kandidat:innen, véier Véierelsfinallen, zwou Halleffinallen, eng Final an eng Superfinal. Dat kléngt no engem richteg décke Programm, ass et eigentlech och. Am November an am Dezember waren d’Véierelsfinallen, d’lescht Woch waren d’Halleffinallen a Gëschter ware souwuel Final, wéi och d’Superfinal. An ech muss och direkt soen, dass d’Final vum Eesti Laul, déi interessantste vun all de Virentscheeder vu Gëschter, fir eng Persoun, déi keng vun deene Sprooche versteet, war. Dat läit och net dorun, dass „kaks“ estesch fir zwee ass, wéi dat englescht Wuert fir e männlecht Geschlechtsdeel ausgeschwat gëtt an dräimol gesot gëtt, wann den Titel vun der Sendung „Eesti Laul 2022“ ugekënnegt gëtt. Okay, e bësse schonn, am Kapp sinn ech ëmmer nach 14 Joer al. Mee nee, d’Show selwer war immens gutt, kënschtleresch opgebaut: All Kandidat:in ass mat engem kuerzen, awer gutt produzéierte Clip virgestallt ginn, e bësse wéi mir et vun de klasseschen ESC Postcards kennen. Déi Clips waren entweeder komplett artsy oder haten eppes mat der estescher Kultur ze dinn; eng Kandidatin huet op eng traditionell Aart Kierze gemaach wärend zwou Kandidat:innen  op eng kreativ Aart e Bild gemaach hunn, andeems si Eeërschuele mat Fuerw gefëllt hunn an op eng Leinwand gepeffert hunn. A reegelméissegen Ofstänn sinn och héichwäerteg produzéiert, witzeg Clips gewise ginn. Dobäi goufen typesch Fernseeformater wéi Krimien oder Thriller op d’Schëpp geholl. Dës Clips ware meeschtens och ouni Sproochkenntnisser just duerch d’Ëmstänn oder duerch d’Mimik zimmlech amüsant.

Dat ass dann och de Punkt, wou ech mir d’Fro stellen, firwat mir zu Lëtzebuerg dat net och maache kënnen. I mean, Estland huet 1,3 Milliounen Awunner:innen, also net eemol duebel sou vill wéi mir. A si kréien et hin, eng richteg gutt Show, mat insgesamt 40 Kënschtler:innen op d’Been ze stellen. Zu Lëtzebuerg feelt et och definitiv net un de Kënschtler:innen oder un de Sue fir sou eppes ze maachen.

Bon, ech schwäifen of. Den Eesti Laul 2022 huet eis nämlech eng Iwwerraschung parat geluecht gehat. An der Final gouf et eng Punkteverdeelung vu 50% internationaler Jury a 50% Televotes. Déi dräi bescht Kandidat:inne sinn nach eng Kéier an d’Superfinal viru komm, wou nach eemol fir 15 Minutten Televotes ofgehale goufen. Hei gouf et da schonn déi grouss Iwwerraschung: An de Wetten an och bei allen Ëmfroen hat de Museker Stefan mam Titel Hope d’Nues kloer vir, awer d’Jury hat Minimal Wind ft. Tiffany mat What To Make Of This virun de Favorit gesat. Iwwerraschend war dat, well dëse Bäitrag an de Wette kloer op der leschter Plaz louch an och an den Ëmfroen net sou gutt ukomm ass. D’Televotepunkte vun den dräi Kandidat:innen, déi an d’Superfinal komm sinn, goufen net verroden. No 15 laange Minutte vum Televoting a 5 weidere Minutten Auszielung ass da bekannt ginn, wien Eesti Laul 2022 gewonnen huet: de Stefan mat Hope an 62% vun de Stëmmen, dohannert Minimal Wind ft. Elisabeth Tiffany mat What To Make Of This an 31% a mat just 6% Elysa mat Fire.

Fir mech perséinlech ass What To Make Of This definitiv dat bessert Lidd. Et wäert och sécher an enger Playlist vu mir landen. D’Gittar an de Bass iwwerhuelen eng primär Roll am Lidd an ech hu scho laang keen sou spannenden Asaz vun enger Gittar méi an engem aktuelle Lidd héieren. Den Text huelen ech mat e bëssen Humor, den Zenario deen eis verzielt gëtt, geet definitiv an d’Top 3 worst Dates of all time an: Den Date kuckt eis déi ganzen Zäit déif an d’Aen, dréit awer kaum dem Dialog bäi, soudass mir quasi dat ganzt Gespréich eleng droe mussen.

What To Make Of This huet awer (leider) net gewonnen, dofir loosst eis eemol de Gewënner ukucken. Dem Stefan säin Hope ass eng Western Country Nummer déi mech net wierklech iwwerzeege kann. Jo, de Genre läit mir net, mee et sinn einfach ze vill Stereotyppen. D’Lidd wierkt weder authentesch, nach eenzegaarteg. Plus kléngt et réischt beim drëtte Kéier lauschteren net méi sou, wéi wann de Stefan e ganzt Lidd aus dem Intro vum Mans Zelmerlöw sengem Heroes gemaach hätt. Et kléngt trotzdeem nach no enger weirder Versioun vu Lovers of the Sun vum David Guetta, engem Lidd, dat sou munch Leit gären aus dem Kollektivgedächtnis fir ëmmer verbanne wéilten. Ech si villäicht e bësse streng mam Museksgenre, mee et hëlt mech absolutt net of. Ech well awer als Positivbeispill fir Western Country beim ESC nennen, nämlech de Waylon, deen eng Kéier 2014 mam Ilse DeLange zesummen als The Common Linnets mat Calm after the Storm an 2018 mat Outlaw In ‘Em zwou zolidd, authentesch Country Nummeren op d’Eurovision Bün bruecht huet. Ech denken, dass de Stefan mat sengem Lidd zu Turin just da real Chancen op eng gutt Placéierung huet, wann hien och eng gutt Show bréngt. An d’Final dierft hie mat dem Titel awer op jidder Fall kommen.

Lettland – Supernova 2022

Fir de lettesche Virentscheed gouf et eng Halleffinall an eng Final. D’Show selwer war e bësse langweileg, dofir huet Lettland déi Bün mat de schéinste Biller vum Owend geliwwert. Vun Ufank un war eng fir Eurofans bekannte Sängerin déi kloer Favoritin an Ëmfroen an an de Wette – D’Aminata. 2015 huet d’Aminata mam Lidd Love Injected zu Wien eng 6. Plaz fir Lettland agefuer – déi mat Ofstand beschte Placéierung fir Lettland an de lescht Joren. Wann dir d’Lidd nach net kennt, dann huelt dat definitiv no.

Dem Aminata säi Lidd I’m Letting You Go fir Supernova 2022 kënnt awer net un Love Injected erun. Dat wäert warscheinlech och de Grond sinn, firwat et net fir eng Victoire duergaangen ass. Gewonnen hunn nämlech Citi Zēni mat Eat Your Salad –  enger witzeger upbeat Hymne fir en ëmweltfrëndleche Liewensstil. D’Lidd fänkt dach tatsächlech mat der Line „Instead of meat I eat veggies and pussy“ un. Ech sinn e Fan vu witzege Bäiträg beim ESC dofir hunn si sech e bëssen a mäin Häerz performed. Mee ech muss hinnen absolutt Recht ginn, wann si „Being green is hot, Being green is cool, Eat your salad, save the planet, Being green is sexy as fuck” sangen 😉

Litauen – Pabandom iš naujo 2022

A Litauen hunn, no enger Ofso, 34 Kënschtler:inne beim Virentscheed fir d’Eurovision matgemaach. Dëse Virentscheed huet sech iwwer dräi Qualifikatiounsronnen (Heat genannt), zwou Halleffinallen an d’Final Gëschter erstreckt. Wierklech spannend a flott unzekucke war et als Persoun ouni litauesch Sproochkenntnisser net. Just d’Präsenz vun The Roop, de litauesche Kandidate vum ausgefallenen ESC 2020 a vun 2021, an der Jury hu mir e Fanboy Moment besuergt. En Optrëtt, deen ech iech net verheemleche well, ass dee vu Lolita Zero mam Titel Not your Mother. En dragqueenesquen Optrëtt zu enger electro psychedelic Nummer. Souwuel bei der Jury wéi och beim Televoting ass déi Nummer ukomm an op déi Drëtt bzw. Zweet Plaz gewielt ginn.

Mat zweemol 12 Points kloer gewonnen huet d’Monika Liu mam Lidd Sentimentai. Si war och mat Ofstand d’Favoritin vum Owend. Dat Lidd ass net fir all Mënsch eppes, et bitt eng interessant Mëschung aus moderniséiertem Soviet Disco an der Ära vun de franséische Grandes Dames aus den 20er an 30er Joren. Mir perséinlech gefält et, well et zimmlech eenzegaarteg a kreativ ass. Ob et awer generell gutt ukënnt bezweifelen ech.

Ukrain – Vidbir 2022

Eng Live Show, 8 Kandidat:innen. Sou huet dat Gëschter beim ukrainesche Virentscheed ausgesinn. Vill Gedold a Nerven hunn ech missen als Viewer ouni déi néideg Sproochkenntnisser matbréngen, well et gouf viiiiiiiiiiill geschwat. Mee hey, ëmmerhin huet Go_A d’Show opgemaach an d’Jamala, d’ESC Gewënnerin vun 2016 war an der Jury, genee sou wéi d’Tina Karol, ESC Kandidatin vun 2006. Béid hunn och als Interval Acts gesongen. Et wier och net d’Ukrain, wann sou en Event ganz ouni Probleemer oflafe géing – direkt am éischte Lidd ass et zu enger technescher Pann komm a si duerfte ganz zum Schluss nach eng Kéier performen.

Op déi Drëtt Plaz koum de Wellboy mat Nozzy Bossy, fir dat westeuropäescht Ouer e bësse friem, e gebuerenen Entertainer ass de Wellboy awer op jidde Fall. Op déi zweet Plaz koum d’Kalush Orchestra mat Stefania. Stefania ass un d’Mama Stefania gewidmet a bitt eng richteg erfrëschend Mëschung vun osteuropäeschem Hip Hop an traditioneller ukrainescher Musek. Gewonnen huet awer d’Alina Pash mat Tini Zabutykh Predkiv. D’Alina Pash beséngt a sengem Lidd en Deel vun der Geschicht vun der Ukrain, awer och déi slawesch Mythologie. Westlech Kultur gëtt och am Lidd besongen, op Picasso, dem Dumas seng Mousquetaires, d’Gebidder Grimm oder de Shakespeare. D’Eurovision 2022 versprécht schonn, wéi 2015, politesch ze ginn. Och wa Russland dës Kéier net als Feindbild fungéiert, ass awer kloer ze erkennen, dass d’Alina Pash d’Zukunft vun der Ukrain am Weste gesäit. Trotz all dem politeschen, fannen ech, dass „Remember your ancestors But write your own history” eng immense poetesch Zeil ass. Och soss gefält mir d’Lidd an et ass eent vun den villverspriechendsten Acts bis elo. D’Alina Pash vermëttelt d’Emotiounen a verkierpert déi ukrainesch Folklor perfekt, d’Ukrain huet sech also richteg entscheed.


0 Kommentare

Schreibe einen Kommentar

Avatar-Platzhalter

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.