De Mëttwoch huet France 2 op enger Pressekonferenz déi 12 Kandidat:inne präsentéiert, déi de 5 Mäerz am franséische Virentscheed géinteneen untriede wäerten. An der Ukrain gouf et gläichzäiteg eng onerwaarten Entwécklung…

Eurovision France, c’est vous qui décidez

De 5. Mäerz um 21:10 op France 2 ass de franséische Virentscheed fir d’Eurovision. Virun de Kandidat:inne gouf virgestallt, wéi de Virentscheed oflafe wäert: an enger éischter Etapp entscheeden d’Televoter fënnef Kandidat:innen, déi an de „vote ultime” viru goe wäerten. E sechsten Act, den „euro-ticket” gëtt vun der Jury an de vote ultime viru gewielt. Am vote ultime wielen dann Televoters an d’Jury am 50/50 Verhältnis de:d’Kandidat:inne vir Turin aus. D’Jurymembers goufen och präsentéiert, dorënner och de Gjon’s Tears, deen d’Schwäiz dat lescht Joer op der Eurovision vertrueden huet.

Bild
De Walsystem vun Eurovision France, c’est vous qui décidez

Ënnert den 12 Kandidat:innen ass vir bal all Mënsch eppes dobäi: Balladen, Poplidder, Hip Hop, klassesch, franséisch Chanson etc. Eng Band probéiert souguer mat enger op bretonesch gesongener Electro Folklor Nummer de Public vu sech ze iwwerzeegen. Op der Liveiwwerdroung vun der Pressekonferenz war de Sound net gutt ofgemëscht an e puer Kandidat:inne waren och gutt nervös, sou dass net ëmmer al Toun gutt souz. Mee dofir huet Eurovision France eis eng Youtube Playlist mat alle Lidder a gudder Qualitéit eropgelueden, soudass mir eis fir d’Kandidat:innen entscheede kënnen. Déi Videoe sinn allerdéngs net op der Pressekonferenz entstanen, mee am Viraus.

Bild
D’Jury vun Eurovision France, c’est vous qui décidez

Menger Meenung no kënnt kee vun den Acts och nëmmen usazweis un d’Barbara Pravi erun. Mee dat war och en aussergewéinlech gutt Lidd, wou et wierklech schwéier ass un deem Erfolleg unzeknäppen. Am stäerkste fannen ech bis elo SOA mat Seule an d’Pauline Chagne mat Nuit Pauline. Fir Ënnerhalung suergt awer och d’Hélène in Paris mat Paris mon amour, och wann d’Lidd zweiwelsfräi net dat beschten ass.

D‘Alina Pash wäert d’Ukrain awer net zu Turin vertrieden

Dat nodeems zwee Skandaler ronderëm d’Gewënnerin vum Vidbir 2022 entstane sinn. Den éischten ass direkt bei der Punktauszielung geschitt: Nodeems sech de Moderator verschwat hat, ass d’Technik ausgefall. De Rescht vun de Punkten huet d’Jury dann op engem Ziedel selwer opgeschriwwen an ausgerechent. Dobäi huet d’Alina Pash da mat engem Punkt Virsprong zum Kalush Orchestra gewonnen. D’Bandmembers vum Kalush Orchestra hunn d’Resultat vun Ufank un net unerkannt an dem Sender Manipulatioun virgeworf – si welle souguer mat rechtleche Schrëtter géint de Sender virgoen.

Spéider sinn op eemol Gespréicher opkomm, d’Alina Pash wier 2015 iwwer Russland an d’Krim agereest. Dat kléngt no enger Bagatelle, mee ass an der Ukrain illegal: Zanter der illegaler Annexioun vun der Krim duerch Russland 2014, ass et an der Ukrain just erlaabt iwwer d’Ukrain op d’Hallefinsel anzereesen. Wien dogéint verstéisst, dierf beim Vidbir eigentlech net matmaachen. De Mëttwoch de Moien huet d’Alina Pash dann zouginn, dass e Member aus hirem Team do effektiv verschidden Dokumenter gefälscht hätt. Dësen Teammember ass den nämlechten Dag nach aus dem Team geflunn. Ob d’Alina Pash elo wierklech illegal op d’Krim agereest ass, ass nach onkloer. Ongeféier eng an eng hallef Stonn duerno huet d’Alina Pash dann ugekënnegt, d‘Ukrain net op der Eurovision ze vertrieden. Dat well den Drock aus der Gesellschaft ze grouss wier, well hatt massiv Menacen a Beleidegungen op Social Media kritt. Mëttlerweil gouf d’Kalush Orchestra gefrot, d’Ukrain am Plaz ze vertrieden, eng kloer Äntfert hunn si nach net ginn.

Wien dann elo d’Ukrain an Italien vertrëtt an op d’Ukrain iwwerhaapt optrëtt, ass also weiderhinn onkloer. 2019 gouf et en änleche Fall. D’Gewënnerin vum Vidbir huet net dierfen zu Tel Aviv optrieden, well spéider rauskomm ass, dass si illegal op d’Krim gereest war. Doropshi goufen déi aner Musiker:inne vum Vidbir gefrot, fir d’Ukrain ze representéieren. Déi haten awer alleguer ofgesot, soudass d’Ukrain um Enn guer net opgetruede war. Wien dann 2022 d’Ukrain, wann iwwerhaapt, um ESC vertriede wäert, wäerte mir wuel réischt an den nächsten Deeg gewuer ginn.

Virentscheeder Haut den Owend

Haut den Owend ginn et gläich 6 Finalle vu Virentscheeder: De norwegeschen Melodi Grand Prix 2022, Tu bije serce Europy a Polen, d’kroatescht Dora 2022, EMA 2022 a Slowenien, MESC 2022 op Malta an Una Voce per San Marino.


0 Kommentare

Schreibe einen Kommentar

Avatar-Platzhalter

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.