An de leschte Méint hu sech direkt e puer Leit aus der méi oder manner intellektueller Zeen vu Lëtzebuerg, a Meenungsbäiträg a verschiddenen Online-Medien, zur Cancel Culture geäussert. Mat enger Ausnam, goufen déi Bäiträg alleguer vu wäisse Männer mëttleren Alters verfaasst, also dem klassesche Prototyp vum „Boomer“ entspriechend. Dass déi Diskussioun bannent e puer Wochen direkt sou heefeg ugeschwat gouf, beweist jo, dass an der Gesellschaft de Besoin besteet, doriwwer ze diskutéieren. Dobäi dierfe mir net riskéieren, just op d’Argumenter aus der Generatioun Baby Boomer ze lauschteren, mee mir mussen och d‘Meenunge vun der jonker Generatioun respektéieren. En Appell.

Et gëtt eng Saach, déi an all dëse Meenungsbäiträg virkënnt: De Winnetou. Ënnerm Stréch gëtt iwwer eng Cancel Culture geschriwwen, déi d’Winnetou Bicher well verbidde loossen. Well a verschiddene Bäiträg no engem Faktencheck gefrot gouf, gi mir elo zesummen duerch déi ganz Story: Am August ass de Kannerfilm „Der junge Häuptling Winnetou“ an d’Kinoe komm. Dëse gouf direkt scho bei der Ukënnegung kritiséiert, well domat am Joer 2022, al, rassistesch a virurteelbehaft Klischeeën an engem neie Kannerfilm reproduzéiert ginn. Ravensburger, déi passend zum Film e Kannerbuch, e Stickerheft an e Puzzle produzéiert haten, goufe mat der selwechter Kritik konfrontéiert. Si hu sech doropshin aus eegene Schrëtt dozou entscheet, dës Produkter zréck ze zéien. Dee Moment gouf et net eemol e „Shit Storm“. Deen ass réischt opgezunn, nodeems ‚ultra seriö‘ Zäitschrëften, wéi d’Bild an d’Welt, iwwert eng erbäi gelunne Cancel Culture geschriwwen hunn, déi Ravensburger zu dëse Schrëtt gezwongen hätt an déi alleguer d’Winnetou Bicher verbidde loosse wéilt, obwuel dat ni zur Debatt stoung.

Fazit zum Winnetou: Déi Diskussioun ass reng aus „Fakten“ entstanen, déi onseriö Springer Zäitschrëften erfonnt hunn. Zu der Kenntnis ass déi däitsch Gesellschaft scho längst komm an diskutéiert dowéinst och net méi doriwwer. Dofir schwätzt och d’Tessie Jakobs, déi eenzeg net-Boomer*in, déi sech bis elo an déi Lëtzebuerger Diskussioun agemëscht huet, och vun engem Debat, dee keen ass.1 D’Fakten op deenen e berout si keng.2

Ob mir wierklech un der Spëtzt vun der intellektueller Elitt aus eisem Land ukomm sinn, hat ech mech da gefrot, wou ech e Meenungsbäitrag aus dem 100komma7 gelauschtert hat.3 Den Direkter vum Resistenzmusée schwätzt do ganz onironesch vu Bicherverbrennung, eidele Muséeën a verdeedegt eendeiteg antisemittesch Konschtwierker aus enger däitscher Ausstellung, ënnert der Prämiss vun der Konschtfräiheet.4 An dat obwuel d’Geschicht gewisen huet, dass Nazie Weltmeeschter*innen an der Bicherverbrennung, dem Zerstéiere vun der sougenannter „entarteter“ Konscht an dem Antisemitismus waren a grad dësen Här sech mat den Naziverbriechen auskenne misst. Och den onreflektéierte Verglach vun der Cancel Culture mat engem Maulkuerf ass mir batter opgestouss, wou dach dat versichte Maulkuerfgesetz ee vun den ondemokrateschste Momenter aus der Geschicht vun der Lëtzebuerger Demokratie war. D’Fro ob dësen Här, dee sech ganz onglécklech an onsensibel ausgedréckt huet, wierklech Meeschter a sengem Feld ass, stellen ech mir bis Haut. Meng zukünfteg Visitten am Resistenzmusée wäerte mech op alle Fall mat engem komesche Gefill am Hannerkapp begleeden.

Wou ech dem Philosophiesprofesser Norbert Campagna seng Äntwert5 op dem Tessie Jakobs hiren Text gelies hat, wosst ech, dass mir wäit ewech vun der Spëtzt vun der Lëtzebuerger, intellektueller Elitt sinn. Hie geheit dem Tessie Jakobs vir, weder genuch ze differenzéieren nach genuch ze recherchéieren. Am selwechten Artikel behaapt hien, en Times Artikel doriwwer gelies gehat ze hunn, dass Kannergeschichte vum Mark Twain aus amerikanesche Bibliothéike rausgeholl goufen. Den Artikel géing hien awer net méi fannen. Ech konnt dee mat menge Google Skills och net fannen. Wat ech am Plaz fonnt hunn, ass dass eenzel Schoulen an de Vereenegte Staaten d’Buch Huckleberry Finn vum Schoulplang geholl hunn, well et ze rassistesch ass. Ëmmerhi kënnt an der Originalversioun iwwer 200 Mol d’N-Wuert fir. Aus de Schoulbibliothéike gouf d’Buch awer net verbannt.6 Op dat elo heuchleresch vun him ass, dass hie seng Virwërf selwer net anhält kann all Mënsch fir sech selwer decidéieren.

Als Beispill vu Cancel Culture zitt hien d’Kathleen Stock erbäi, déi bis 2021 Philosophieprofessorin op der Uni Sussex war a virun allem wéinst Transphobie opgefall ass. Sou huet si 2018 folgendes behaapt: „Trans women are still males with male genitalia”7, wat eng diskriminatoresch Ausso géintiwwer trans* Fraen ass, well si hinnen hir Weiblechkeet ofschwätzt. Spéider huet si e Buch geschriwwen, wou si ënnert anerem och Gender Studies thematiséiert. Hir Theorië ginn awer vu Fuerscher*innen aus de Gender Studies fir hir Onwëssenschaftlechkeet ofgewisen. Nodeems si da Student*innen, vun deene si wéinst hiren transphoben Aussoe konfrontéiert gouf, aus hire Coursë rausgeheit huet, ass déi Saach eskaléiert: D‘Student*innen hunn dofir demonstréiert, dass si rausgeheit gëtt an och an de soziale Medien huet sech déi Situatioun eropgeschaukelt, bis si selwer gekënnegt huet.8 Jo, et si vereenzelt Extremist*innen ze wäit gaangen an hu si menacéiert, dat dierf net toleréiert ginn.

De Campagna behaapt, dass dëse Fall beweist, wéi vulnerabel d’Fuerschungsfräiheet ass. Dobäi ass awer a Wierklechkeet d’Fuerschungsfräiheet a Gefor, wann zu Lëtzebuerg en Akademiker eng Professorin aus Groussbritannien verdeedegt, déi op enger net wëssenschaftlecher Basis hir transphob Agenda op de Pabeier bréngt. De Campagna selwer ass schonn an engem Lieserbréif vum Juni 2022 mam Titel „L’école luxembourgeoise et le drapeau LGBTIQA+“ trans- a generell queerphob opgefall.9 „Il est par ailleurs aussi très problématique qu’une école, une instance qui enseigne la vérité scientifique, arbore un drapeau derrière lequel se cache une idéologie qui rejette les vérités biologiques les plus fondamentales et qui accepte un «raisonnement» comme le suivant: «Si je me sens femme/homme/rien des deux, alors je suis femme/homme/rien des deux». Avec cette logique, je pourrais tout aussi bien dire: «Si je me sens Dieu, alors je suis Dieu»“. 1. Schwätzt hien domat allen trans* Mënschen hier Existenz of, wat enorm diskriminéierend ass an 2. Huet hie mat der Ausso d’Weeër vum wëssenschaftleche Konsens verlooss. Faktelag beseet folgendes: Dat biologescht Geschlecht (de ‚sex‘) ass komplett onofhängeg vun der Geschlechtsidentitéit (den ‚gender‘). Dat erkläert och, firwat et wëssenschaftlech komplett legitim ass, wann zum Beispill enger Persoun vum männleche sex hiren gender weiblech ass.

Mee firwat kann den Här Campagna dann iwwerhaapt am Juni en hetzereschen, haasserfëllten an transphobe Lieserbréif publizéieren an dann am Oktober ee weidere Meenungsartikel publizéieren? Wou ass meng Cancel Culture, wann ech se brauch? Firwat gouf den Här Campagna net „ewech gecancelt”? Ganz einfach – well et déi Cancel Culture, déi den Här Campagna beschriwwen huet, net gëtt. Géif se genee esou existéieren, da wier de rezente Meenungsartikel vum Här Campagna ni publizéiert ginn.

Géint der Schluss well ech mech awer nach un d’Generatioun vun de Boomer generell an alle Leit riichten, déi sech elo ugesprach fillen. D’Generatioun vun de Baby Boomer ass dofir bekannt, dass si maassgeeblech feministesch Fortschrëtter erkämpft huet. Si huet der Generatioun vun hiren Eltere gesot, dass et net okay ass, déi eege Fra ze schloen oder ze vergewaltegen, et war ënner anerem si, déi dofir gekämpft huet, dass d’Fra onofhängeg vum Mann ka schaffe goen an e Bankkonto opmaache kann. Si huet e wichtege Bäitrag géint Diskriminatioun a fir d’Gläichberechtegung gemaach. Mee firwat verspäre sech vun hinnen der sou vill? Firwat beharren sou vill Mënschen aus der Generatioun dorop, diskriminéierend Begrëffer ze benotzen, wéi z.B. d’N-Wuert oder d’Z-Wuert, wa si dach genee wëssen, dass dat ganz Mënschegruppe verletzt an diskriminéiert? Gläichzäiteg jäizen si haart op, wa si „Boomer” genannt ginn, obwuel dat keng diskriminatoresch Friembezeechnung ass, mee eng sozial Zouuerdnung fir Leit, déi graff tëschent 1955 an 1965 gebuer goufen. Dier fillt iech an ärer Fräiheet ageschränkt, well et net méi okay ass, d’N-Wuert ze benotzen, fillt dir iech och an ärer Fräiheet ageschränkt, well dir är Partner*in net méi schloen dierft? Nee, also wou ass d’Verhältnisméissegkeet?

Nee, sou wéi d’Cancel Culture ëmmer beschriwwe gëtt, existéiert se net. Jo, et gëtt e grousse Probleem mat Haass op dëser Welt, net zu lescht wéinst de soziale Medien. Nee, et ass net okay, wann d’J.K. Rowling, d’Kathleen Stock oder de Norbert Campagna ëffentlech transphob Äusserunge vu sech ginn. Dat ass Haass. Nee, et ass net okay, wann d’J.K. Rowling an d’Kathleen Stock fir hier transphob Aussoe Mordmenacë kréien. Dat ass Haass. Mee soulaang mir an der Gesellschaft méi iwwer de Winnetou diskutéieren, wéi iwwer de Fall vun der Dr Kellermayr, déi vu riets(extrem)em a verschwierungserzierlereschem Haass an de Suizid gedriwwe gouf, da si mir nach wäit dovun ewech, dësen Haass seriö ze huelen. Egal wéi mir dësen Haass nennen, Cancel Culture, Transphobie oder wéi och ëmmer. Haass ass Haass an huet näischt an der Fuerschungs-, an der Konscht- oder an der Meenungsfräiheet verluer.


1 https://www.woxx.lu/cancel-culture-eine-debatte-die-keine-ist/

2 https://www.ndr.de/kultur/buch/Ravensburger-zieht-Winnetou-Buecher-zurueck-Gefuehle-anderer-verletzt,winnetou178.html

3 https://www.100komma7.lu/article/aktualiteit/kulturell-fraiheeten

4 https://www.br.de/kultur/documenta-unter-antisemitismus-verdacht-100.html

5 https://www.tageblatt.lu/headlines/cancel-culture-es-ist-keine-fake-debatte-frau-jacobs/

6 https://www.theguardian.com/books/2015/dec/14/school-stops-teaching-huckleberry-finn-community-costs-n-word

7 https://www.pinknews.co.uk/2018/07/06/university-lecturer-says-trans-women-are-still-males-with-male-genitalia/

8 https://www.queer.de/detail.php?article_id=40368

9 https://www.wort.lu/de/politik/l-ecole-luxembourgeoise-et-le-drapeau-lgbtqia-62a700ecde135b9236600e59


0 Kommentare

Schreibe einen Kommentar

Avatar-Platzhalter

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.