Et ass sou wäit. Haut den Owend um 21 Auer geet zu Turin déi éischt Halleffinall vum Eurovision Song Contest 2022 un. Albanien, Lettland, Litauen, d’Schwäiz, Slowenien, d’Ukrain, Bulgarien, Holland, Moldawien, Portugal, Kroatien, Dänemark, Éisträich, Island, Griicheland, Norwegen an Armenien wëllen sech Haut fir d’Finall qualifizéieren. Just 10 Länner komme virun. Den Donneschden ass da mat Finnland, Israel, Serbien, Aserbaidschan, Georgien, Malta, San Marino, Australien, Zypern, Irland, Nordmazedonien, Estland, Rumänien, Polen, Montenegro, der Belsch, Schweden an Tschechien déi zweet Halleffinall. De Samschden ass dann déi grouss Finall. Et ass eng kléng Traditioun ginn, dass d’Eurofans hir eege Rankings erstellen. Dofir hunn ech iech och elo hei mäi Ranking mat méi oder manner kuerzem Kommentar zesummegestallt.

1. Ukrain: Kalush Orchestra – Stefania 🇺🇦
Wien hätt geduecht, dass ukrainesche Folklor mat Hip Hop sou eng verdammt gutt Mëschung ass? D’Lidd ass un d’Stefania gewidmet, eng Mamm, déi ëmmer do ass. “I’ll always find my way home, even if all roads are destroyed”. Och wannste kee Kand méi bass, d’Mama Stefania wäert dech ëmmer nach sou behandelen an dir e Schlofliddche sangen. Eng schéin Hymn, déi eigentlech u vill Mammen dierft geriicht sinn. D’Ukrain ass dëst Joer meng Gewënnerin, déi clever an authentesch Mëschung aus Hip Hop a Folklor ass perfekt gelongen. Dass ech keen Ukrainesch kann an den Text ouni Iwwersetzung net verstinn, stéiert mech guer net.
An éier elo sou Leit ukommen: Nee, et ass net aus Matleed, dass d’Ukrain meng 12 Punkte kritt. Ech hat et schonn um nationale Virentscheed virum Krich richteg gär gehat. Politesch ass dat Lidd och net, falls Leit domat ukomme sollten. “Jo mee da muss d’Ukrain d’Eurovision dat nächst Joer ausdroen”: Nee, muss d’Ukrain net, d’Ukrain dierf dat och un anerer ofginn. Lëtzebuerg hat dat och 1974 gemaach, well Lëtzebuerg net zweemol hannerteneen d’Eurovision organiséiere wollt.

2. Groussbritanien: Sam Ryder – SPACE MAN 🇬🇧
SPACE MAN vum Sam Ryder ass dat Lidd, dat dëst Joer denken ech, dat gréisste Potenzial op d’Douze Points huet. Eng Pop Nummer, déi staark un brittesch Gréisste wéi Elton John a Queen erënnert. Seng kristallkloer Stëmm ass definitiv net déi déifsten dëst Joer, awer zweiwelsfräi déi, mat der meeschter Power. D’Lidd huet net sou eng schwéier Stëmmung u sech pechen, wéi Stefania, firwat et menger Meenung no besser beim Public ukënnt. Generell dierft et dëst Joer de Nerv vun den Televoters treffen, déi all Dag soss genuch Negatives am Fernsee gesinn.

3. Italien: Mahmood & BLANCO – Brividi 🇮🇹
D’Erfollegsfabrik Sanremo bréngt eis och dëst Joer e mega Bäitrag: Nodeems de Mahmood 2019 mat Soldi an Israel Zweete ginn ass, probéiert hien et dëst Joer zesumme mam BLANCO. Zesumme sangen si eng melancholesch Ballad doriwwer, wéi aus enger gudder Bezéiung eng toxesch gëtt. En Trennungslidd also, där ginn et der dëst Joer erstaunlech vill. Ech beschwéiere mech net doriwwer, well ech déi Aart vun emotionalen, melancholesche Lidder wierklech gäre lauschteren.

4. Portugal: MARO – Saudade 🇵🇹
Portugal verzaubert eis dëst Joer an eng aner Welt. E rouegt Lidd, dat deels op Englesch, deels op Portugisesch gesonge gëtt. De Begrëff Saudade kann net 1 zu 1 iwwersat ginn. Et beschreift e nostalgescht Gefill, vu sech eng gutt, al Zäit zréckwënschen, dem Vermësse vun enger bestëmmter Persoun, mee och d’Péng, dass eppes am Liewe feelt, zesumme mam Gléck, well dat en Deel vun dengem Liewe war (Merci meng Twitter Follower:innen). Dat resuméiert d’Lidd och ganz gutt. Näischt geet méi sou richteg, zanter déi eng Persoun net méi do ass, déi fir ëmmer hätt solle bleiwen.

5. Tschechien: We Are Domi – Lights Off 🇨🇿
Ganz am Kontrast zu Portugal steet Tschechien – Lights Off ass eng Electro Pop Nummer, déi op Beats an op Tempo setzt. Kee Lidd bréngt mech dëst Joer sou un d’Danzen, wéi dat heiten (an ech danze wierklech net gären). Op eng gewëssen Aart a Weis ass dat Lidd zäitlos, et hätt och virun 10 Joer rauskomme kënnen an et wier e grousse Succès ginn. Ech hoffe just, dass de Gittarist op der ESC Bün seng Gittar wéi en Sträichinstrument spillt, dat gesäit nämlech fucking badass aus.

6. Frankräich: Alvan & Ahez – Fulenn 🇫🇷
Kelteschen Okkultismus aus der Bretagne? Yes Please! Eng modern Nummer déi eis bei engem Hexenritual mam Däiwel nokucke léist, an dann och nach komplett op Bretonesch. Heefeg kënnt dat net fir, dass Frankräich e Lidd an enger Minoritéitesprooch op d’Eurovisionbün schéckt. Fir d’Lescht war dat 2011 de Fall, wou den Amaury Vassili komplett op korsesch gesongen huet.                        

7. Litauen: Monika Liu – Sentimentai 🇱🇹
Ech fueren an der éischter Klass mat op déi Rees, déi d’Monika Liu eis ubitt. Nees e melancholescht Trennungslidd, et huet awer och eppes vun der Sovietdisko Ära an de frechen, stanky Funk am Hannergrond ass d’Kiischt um Kuch. Wou kann ech mäin Ticket entwäerten?

8. Nordmazedonien: Andrea Circles 🇲🇰
Deen menger Meenung no most underrated Song kënnt dëst Joer aus Nordmazedonien. An et ass och e Lidd iwwert eng Trennung. D’Lidd ass menger Meenung no och zimmlech zäitlos: wier et viru 15 Joer rauskomm, wier et och e richtegt gutt Lidd gewiecht. Zäitlos ass et och wéinst dem Text, well quasi all Mënsch sech zu engem gewëssen Deel domatt identifizéiere kann. “Du wëllst meng Grenzen net testen, ech hunn dir alles ginn, mee du wëllst net lauschteren, géi mir dach aus dem Kapp”.

9. Holland: S10 – De Diepte 🇳🇱
Den éischte Moment kléngt De Diepte no engem weideren Trennungslidd. D’S10 beschreift säin eegent Lidd als Love Song u seng eegen Trauer. Mat dem Lidd well hatt däne Leit, déi Mental Health issues hunn oder vun Zäit zu Zäit einfach traureg sinn, well eppes manner Flottes geschitt ass, soen, dass se net eleng sinn. Dat géif net heefeg genuch gesot ginn. Ganz speziell un De Diepte ass och, dass fir d’éischte Kéier zanter Jore komplett op Hollännesch gesonge gëtt.

10. Belsch: Jérémie Makiese – Miss You 🇧🇪
Duerch säin Talent huet de Jérémie Makiese déi belsch Versioun vun The Voice gewonnen, hien huet awer kaum Gesangserfarung op der Bün, well hien réischt wärend der Pandemie bekannt ginn ass. Den éischte Moment wierkt “Miss You” wéi eng James Bond Ballade, mee dat täuscht. No enger Minutt kënnt e fetten Drop an d’Lidd verwandelt sech an eng Pop Nummer mat Hip Hop Elementer aus den 90er. Och den zweete Rhythmuswiessel gléckt am Lidd gutt a wierkt net wéi eng random zesummegewierfelt Patch Work Nummer.

11. Däitschland: Malik Harris – Rockstars 🇩🇪
Rockstars fänkt als Ballade un. Eng Stëmm an e Piano. No an no setzen aner Instrumenter an, ugefaange mat den Drums. An der Mëtt wiesselt de Malik Harris op en ganz emotionale Spriechgesang em. Och herno de Wiessel op de Gesang wierkt ganz authentesch a stéiert net. Mam Text dierfen sech vill Nolauschter:innen identifizéiere kënne – eng Kéier nees e Kand sinn, d’Suergen an d’Gedanke fir e Moment roue loossen. Et geléngt him och wierklech d’Emotiounen aus dem Lidd op d’Nolauschter:innen z’iwwerdroen.

12. Lettland: Citi Zēni – Eat Your Salad 🇱🇻
Fun Bäiträg, et gi Leit déi haassen se um ESC, do gehéieren ech zou! Grad a sou Zäiten, wéi mir se elo hunn, heeschen ech sou eng witzeg, liicht Ënnerhalung ganz wëllkomm. Mäi favourite Fun Bäitrag kënnt dëst Joer aus Lettland. Net nëmme bréngt Citi Zēni eis hei e flotten Up Beat Rhythmus, dee slapt, si verbannen et och mat wichtegen ökologeschen Themen. D’Sexuell Referenzen am Text sinn op tiktok och scho Meme Material ginn. Et ass awer och catchy, “Eat your salad, save the planet, being green is sexy as fuck!”

13. Polen: Ochman – River 🇵🇱
Eng duerch an duerch stabil Nummer. Zanter Color Of Your Life dee beschte Bäitrag aus Polen an eng richteg modern Power Ballade.

14. Griicheland: Amanda Tenfjord – Die Together 🇬🇷
Op den éischte Bléck e schéint, Indie Love Song. Den Text vum Lidd ass um zweete Bléck awer genee sou creepy wéi Every Breathe You Take vu Police. Mee dat stéiert net. Wat mech allerdéngs stéiert ass dee schreckleche Vocodereffekt op dem Amanda hirer schéiner Stëmm an der éischter Stroph an an der Bridge. Ouni deen Effekt wier Griicheland op mannst a menger Top 5.

15. Armenien: Rosa Linn – Snap 🇦🇲
Eng angeneem Pop Nummer, déi vill Wäert op den Text leet. Do lount et sech och méi genee nozelauschteren, well déi eng oder aner clever Wuertspillerei dra virkënnt.

16. Slowenien: LPS – Disko 🇸🇮
Imagine this: Deng bescht Kolleege setzen un den Drums, der Gittar an dem Keyboard an deng beschte Frëndin um Bass. Zesumme sidd dir eng Schüler:inneband, déi aus Jux um ESC Virentscheed matmécht an dann och nach gewënnt. Elo dierft dir eng frësch Jazz Nummer op der internationaler Bün zu Turin spillen. Sou geet et der Schüler:innenband LPS aus Slowenien. LPS steet btw fir Last Pizza Slice. Jo, d’Lidd ass éischter ontypesch fir den ESC, trotzdeem fannen ech et wierklecht gutt an et ass heavy underrated.

17. Georgien: Circus Mircus – Lock Me In 🇬🇪
Merci, Merci, Merci Georgien, dass dir dat doten op den ESC schéckt. Et brécht mat alle Virstellungen, déi d’Leit iwwer den ESC hunn. Et ass de Géigendeel vun enger iwwerproduzéierter Popnummer, déi verschidden overrated Länner all Joer bréngen. Et ass eng artsy Approche u Musek. All bedeelegt Persoun huet sech austoben dierfen an hat Spaass dorun. Wann de Live Optrëtt sou änlech wéi de Museksvideo gëtt, da wäert et enorm Spaass maachen. Ech muss och zouginn, dass de Refrain sech och scho puer Mol a mäi Gehier agebrannt huet.

18. Serbien: Konstrakta – In Corpore Sano 🇷🇸
E ganz ongewéinlecht Lidd fir d’Eurovision, mécht awer absolutt kee schlecht Lidd doraus! Och d’Messages aus dem Text kommen authentesch eriwwer, soulaang du Serbesch verstees (maachen ech just leider net). Et geet souwuel em eng iwwerflächlech Gesellschaft awer och dorëms, dass den Zougang zur Medezin fir Kënschtler:innen a Serbien net gutt ass. An nach eppes: FIRWAT HU SI DÉI DEGUEULASSE IESSENSGERÄISCHER AM MUSEKSVIDEO ABAUE MUSSEN?!

19. Moldawien: Zdob şi Zdub & Fraţii Advahov – Trenuleţul 🇲🇩
Hey Ho, Let’s go! Folklore and Rock’n’Roll! Et hëlt mech direkt mat! Den Text vum Lidd ass allerdéngs héchst politesch: Et geet em eng Rees vu Chisinau op Bukarest an obwuel et zwee verschidde Länner sinn, wierkt alles d’nämmlecht, quasi wéi wann et ee Land wier. D’Lidd ass also e Message fir d’Reunioun vu Rumänien a Moldawien, eng eventuell Zukunft, déi vum groussen Noper am Osten menacéiert gëtt. Gespaant kënne mir alleguer op d’Live Performance sinn, well Zdob şi Zdub ass elo fir déi drëtte Kéier dobäi a si hunn sech ëmmer interessant Saachen afale gelooss.

20. Norwegen: Subwoolfer – Give That Wolf a Banana 🇳🇴
Yes please! Mega blöden Text, deen ech awer direkt beim éischte Kéier lauschtere matsange kann, mega blöd Dancemoves, déi ech direkt matmaache kann an en eigentlech bëllege Beat, deen awer slapt erginn zesummen e gudde Fun Bäitrag.

21. Schweden: Cornelia Jakobs – Hold Me Closer 🇸🇪
Schweden ass fir mech dëst Joer (wéi eigentlech ëmmer) massiv overrated. Jo, d’Cornelia Jakobs ka sangen. Wann ech Hold Me Closer awer héieren, dann héieren ech ëmmer just eng ofgespeckte Versioun vum Bonnie Tyler. Wann ech dann awer probéieren deen Zwang ze ënnerdrécken, d’Cornelia mam Bonnie ze verglächen, héieren ech just eng langweileg Schlagernummer raus. D’Lidd baséiert einfach ze vill op dem Cornelia Jakobs seng Stëmm, wär d’Lidd selwer awer méi interessant, villäicht e bësse méi rockeg, wier et direkt besser.

22. Finnland: The Rasmus – Jezebel 🇫🇮
Ech war mega hyped, wou ech matkrut, dass The Rasmus beim finnesche Virentscheed matmécht. Vum Lidd selwer, war ech dann awer e bëssen enttäuscht. Jo, et kléngt genee sou, wéi ech mir e Lidd vun The Rasmus virstellen, it ticks all the boxes. Awer iergendeppes feelt an ech weess net wat. Et ass awer och schwéier fir The Rasmus, déi zu Recht mat In The Shadows e Welthit haten, well Jezebel elo ëmmer mat dem Lidd verglach gëtt an déi meeschten da leider enttäuscht.

23. Dänemark: Reddi – The Show 🇩🇰
Reddi, eng Band bestoend aus Powerfraen a coolen, rockegen Outfits, déi un d’60er erënneren a Frisuren, déi un d’80er erënneren, passt alles, sou komesch et och kléngt. D’Lidd enttäuscht dann awer leider e bëssen. Et fänkt als Ballade un, da gëtt et ganz onerwaart awer eng Rocknummer, déi awer éischter flaach ausfält.

24. Australien: Sheldon Riley – Not The Same 🇦🇺
E glasklore Fall vun d’Lidd zitt de Sänger erof, well hien ass vill méi staark wéi d’Lidd et zouloosse well. De Sheldon Riley ass enorm talentéiert, dat huet hien bis elo schonn a verschiddenen Casting Shows bewisen. Mee dat Lidd gëtt him einfach keng Chance säin Talent richteg ze beweisen. Et bräicht méi Ups and Downs, et quasi permanent Up, just kuerz virum Schluss ass et gaaaanz kuerz Down, ze kuerz, soudass d’”Finall” vum Lidd mech net wierklech matrappt. Schued, well ech wéilt et gäre léiwer hunn.

25. Irland: Brooke – That’s Rich 🇮🇪
That’s Rich erënnert e bëssen un Hyper Pop – e gewote Schrëtt, dat huet bis elo nämlech just Australien probéiert an zwar d’lescht Joer mat Technicolor vum Montaigne. Technicolor war do och dat bessert Lidd an huet et net eemol an d’Finall gepackt. Couragéiert vun Irland, mee packen si et domat an d’Finall?

26. Schwäiz: Marius Bear – Boys Do Cry 🇨🇭
Eng onheemlech waarm Stëmm déi dech direkt ëmäermele well. Se léisst dech awer direkt lass, well d’Lidd dech 2 Minutten einfach nëmmen sou dohin dümpele léisst. Réischt da kënnt e Blosinstrument dobäi, wat d’Lidd direkt 10x méi interessant mécht. Halt just vill ze spéit. Mäi perséinleche Präis vum Lidd mam cuteste Museksvideo geet awer dëst Joer un d’Schwäiz.

27. Éisträich: LUM!X feat. Pia Maria – Halo 🇦🇹
DJ’s an Eurovision ass eng ganz geféierlech Mëschung, déi bis elo meeschtens an d’Bocks gaangen ass. D’Lidd lieft dovun, dass d’leit dorop danze kënnen – de Problem ass awer, dass mech dëst Joer aner Lidder méi un d’Danze kréien.

28. Albanien: Ronela Hajati – Sekret 🇦🇱
D’Ronela Hajati probéiert mat Sekret vill Saache gläichzäiteg an et ass mir einfach ze vill. Et gi Parts am Lidd, déi ech wierklech gutt fannen, mee och Parts, déi ech wierklech schlecht fannen. Et ass einfach e Potpourri. Deen een oder aneren Tempowiessel manner an et géing mir vill besser gefalen.

29. Kroatien: Mia Dimšić – Guilty Pleasure 🇭🇷
Guilty Pleasure ass definitiv net mäi Guilty Pleasure. D’Lidd gëtt mir net wierklech vill. Ech hoffe just, dass hier Performance op der ESC Bün eng aner ass, wéi am National Final, well déi Danzchoreo war zimmlech onnéideg.

30. Estland: STEFAN – Hope 🇪🇪
Uff. Wou soll ech ufänken? Country beim ESC ass ëmmer immens couragéiert. Mir fale spontan just The Common Linnets mat Calm After the Storm an, déi dat gutt (souguer richteg gutt) hikruten. Hope allerdéngs ass e Sammelsurium u schlechte Western Virurteeler a wann dat déi eenzeg Mesure ass, fir dengem Lidd e bësse Charakter ze ginn, ass dat e schlecht Zeechen.

31. Aserbaidjan: Madir Rustamli – Fade To Black 🇦🇿
Eng weider iwwerproduzéierten Nummer aus Aserbaidjan ouni Charakter. Dat Land wëll einfach ëmmer ze vill a keeft sech mat déi deierste Lidder fir den ESC a kritt trotzdeem, oder grad dowéinst, ni eppes op d’Rei. Next.

32. Zypern: Andromache – Ela 🇨🇾
Et ass dat Lidd vum ESC 2022 dat mir am mannsten am Kapp bleiwe wëll. Ech fannen et net schlecht, ech fannen et awer och wierklech net gutt.

33. Spuenien: Chanel – SloMo 🇪🇸
Jo, Spuenien ass net just aus versinn sou déif a mengem Ranking. Ech haassen alles un deem Lidd an desto méi ech driwwer nodenken, ëmsou méi déif senkt et. Fir unzefänken: Ech haasse Latino Lidder. Déi typesch Summer Latino Radiolidder sinn och dat, wat ech am meeschten um Summer haassen. Wat mech awer och gehierlos un deem Lidd stéiert, ass déi Performance – Eng weider Möchtegern Shakira Performance mat fette Beyoncé Moves, fir dass all Eurogay de rietsen Aarm an d’Luucht geheit a “Slaaaaaaaaayyy Queeen!” brëllt. Mech katzt déi Sort vu Gayfishing un an et nervt mech Haut nach, dass Fuego domat sou gutt duerch komm ass.

34. Montenegro: Vladana – Breathe 🇲🇪
Dat Lidd probéiert villes, mee et mécht net vill fir mech. Ech hunn traditionell Kläng aus dem Balkan eigentlech relativ gären, mee ech mengen dass dat Lidd et einfach ze vill pusht. Eng Info well ech awer net ausloossen: D’Lidd ass un dem Vladana hir Mam gewidmet, déi u Covid verstuerwen ass. Breathe.

35. Island: Systur – Með Hækkandi Sól 🇮🇸
Nach eng schrecklech schlecht Country Nummer op der Eurovision Stage. Et wierkt just wéi eng weird Eurovision Adaptioun vun der australescher Serie McLeod’s Daughters. Awer sou eng Low Budget Versioun, déi wierklech schlecht a langweileg ass.

36. San Marino: Achillo Lauro – Stripper 🇸🇲
Måneskin op Wish bestellt. Kléngen deet et souguer nach méi schlëmm.

37. Bulgarien: Intelligent Music Project – Intention 🇧🇬
All déi schrecklechste Virurteeler vun alem, 80er Rock an engem Lidd vereenegt. Dobäi komme schlecht englesch Lyrics, déi kaum Sënn erginn. Iwwer de Band Numm well ech léiwer net schwätzen.

38. Malta: Emma Muscat – I Am What I Am 🇲🇹
Dat Lidd huet manner Charakter a Qualitéit wéi all Lidd, dat jeemools a Reklamme vun der “Aktion Mensch” virkomm ass. D’Emma Muscat ass an der Präsentatioun vun dem Lidd och net glafwierdeg, well de Public him d’Messages einfach net ofkeeft.

39. Israel: Michael Ben David – I.M 🇮🇱
Schrecklech. Duerch an duerch schrecklech. De Michael Ben David ass eng sympathesch Persoun, déi sange kann, awer d’Lidd gëtt mir guer näischt. Et ass dat perfekt Beispill vu Gayfishing beim ESC. Performance an Text soll sou vill Stëmme wéi méiglech beim queere Public ofzéien, dass souguer dem RuPaul seng Lidder qualitativ méi héichwäerteg sinn, ass do zweetrangeg.

40. Rumänien: WRS – Llámame 🇷🇴
Rumänien huet menger Meenung no dat schrecklechste Lidd dëst Joer. Eng grausam Latino Nummer, déi op Danze baséiert. Dat huet eis dat schlëmmste warscheinlech nach erspuert, well den WRS ka besser danze wéi sangen. Ech well wierklech net méi dozou schreiwen.

Kategorien: Eurovision

0 Kommentare

Schreibe einen Kommentar

Avatar-Platzhalter

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.