Et ass Enn Januar, dat heescht d’Virentscheeder fir d’Eurovision 2023 lafe sech waarm. Dofir kucke mir eis an dësem Blogpost un, wéi eng Lidder a Kandidat*innen fir Liverpool scho fest stinn, wat eis Nopeschlänner bis elo sou verbrach hunn an zum Schluss geheie mir natierlech e Bléck op den ugekënnegte Comeback vu Lëtzebuerg d’nächst Joer.

🇦🇱 Albanien – Albina & Familja Kelmendi mat Duje

Wéi quasi all Joer mécht Albanien och dëst Joer den Optakt. Duje ass e Bäitrag, wéi mir e schonn aus Albanien gewinnt sinn, eng staark Fraestëmm, Sträich- a Blosinstrumenter déi en typesche Balkanklang uginn an ëmmer 100% ginn. De relativ repetitiven Text erzielt vun enger Famill, déi d’Léift verlooss huet an doduerch zerspréngt, passend dozou besteet d’Band aus enger Famill, déi weist, dass een och zesummen hale kann. Dat schéngt an Albanien gutt ukomm ze sinn. Fir den ESC schéngt dat Lidd awer, wéi mëttlerweil scho bal symptomatesch fir vill Bäiträg aus dem Balkan, ze vill gläichzäiteg ze wëllen a gëtt dem Publikum kee méi rouege Moment.


🇺🇦 D’Ukrain – TVORCHI mat Heart Of Steel

D’Ukrain huet hiren nationale Virentscheed trotz Stroumausfäll a Rakéitenugrëff duerch Russland duerchgezunn, nämlech a Metrosstatiounen ënner Kyiv. Gewonnen huet TVORCHI mat Heart Of Steel, enger ganz zolitter R&B Nummer mat engem Teint un Electronic. D’Lidd selwer schéngt net wierklech vill mam Krich ze dinn hunn, dofir gräift d’Performance awer kloer d’Thema vum Krich op, andeems mir ënnert anerem Gasmasken an duerchgestrachen Nuklearzeechen ze gesi kréien. D’Lidd u sech ass ganz okay, de Gesang zimmlech staark. Ech denken, dass d’Ukrain sech och dëst Joer relativ gutt wäert placéiere kënnen. Eng Top 5 Placéierung oder souguer eng zweet Victoire hannerteneen, halen ech awer fir ganz onwarscheinlech


🇧🇪 D’Belsch – Gustaph mat Because Of You

The Queers are here and we claim what belongs to us: Europop! All Trend feiert eng Kéier e Comeback, d’Belsch setzt dobäi beim ESC 2023 voll op den Europop aus den Ufank 2000er. Déi ganz Welt huet den Europop schnell nees fale gelooss, ausser d’Euroqueers! An d’Performance vum Gustaph ass definitiv en Homage un déi queer Zeen an hir Kultur, well am Hannergrond op der LED Leinwand ass déi eng an déi aner Dragqueen ze erkennen a bekannte Moves aus Dragshows, wéi zum Beispill dem Voguing. D’Lidd selwer kann trotz engem Touch Soul an der Europopfiesta net ganz iwwerzeegen. Interessant ass, dass d’Belsch fir d’éischte Kéier säit laangem en nationale Virentscheed ofgehalen huet. Laang hu Fernseesender (ofwiesselend aus der Wallonie an aus Flandern) d’Kandidat*innen intern erausgesicht.


🇫🇷 Frankräich – La Zarra

Frankräich, dat d’lescht Joer Zweetlescht ginn ass mécht de Géigendeel: Keen nationale Virentscheed. Dofir ass d’Kënschtler*in awer scho bekannt, nämlech wäert d’La Zarra eis franséisch Noperen zu Liverpool vertrieden. D’Lidd ass nach net ganz fäerdeg, mee eppes ass elo scho kloer – et wäert ganz op Franséisch sinn an d’Produzent*inne wäerten déi selwecht sinn, wéi bei sengem Lidd Tu t’en iras, wat bei Spotify 20 Millioune Clicks ugesammelt huet. Wäert dës staark a mysteriéis Fra Frankräich an England d’Victoire afueren? Mir dierfe gespaant bleiwen.


🇩🇪 Däitschland

Däitschland huet Haut, um 27. Januar, 8 vun am ganzen 9 Kandidat*innen, fir hiren nationale Virentscheed den 3. Mäerz, virgestallt. 6 weider Kandidat*innen dierfen sech op TikTok fir déi lëscht fräi Plaz ënnert de Kandidat*inne duerchsetzen. De 4. Februar, gi mir da gewuer, wien den*déi 9. Kandidat*in ass. Däitschland gëtt ënnert de Eurofans gären als Negativbeispill dofir opgezielt, wéi een en nationale Virentscheed grad net maache soll. An dëst Joer schéngt den NDR och endlech geléiert ze hunn. D’Qualitéit vun den ausgewielte Kandidat*innen ass nämlech ongewinnt héich.  Ënnert de fixe Kandidat*innen dierfe wuel Frida Gold am bekanntste sinn, déi mat Wovon Sollen Wir Träumen e groussen Erfolleg haten. Ënnert deene 6, déi sech nach op TikTok duerchsetze mussen, sinn och bekannte Leit dobäi: d’Leslie Clio bekannt duerch I Couldn’t Care Less a Malle Trash Ikke Hüftgold. Soubal alleguer d’Kandidat*inne fir de Virentscheed bekannt sinn, ginn ech eng Kéier méi detailléiert op se an.


🇱🇺 Lëtzebuerg

Am Dezember ass déi grouss Noriicht gedropped: De Bettel wëll, dass Lëtzebuerg 2024 nees bei der Eurovision matmécht. Lëtzebuerg soll also no 31 Joer Abstinenz erëm an déi grouss Welt vum ESC andauchen. Dorop hu vill Lëtzebuerger Eurofans an och international Eurofans laang gewaart, well och international ass déi Noriicht an den ESC Kreesser ganz positiv opgeholl ginn.

Wat mech elo natierlech stéiert, ass dass RTL elo déi Leit sinn, déi den Optrag kruten, fir Lëtzebuerg op d’Eurovision ze kréien. Firwat mech dat stéiert? Well RTL einfach kee Bock op ESC huet an och einfach net weess, wat den ESC ausmécht. Et ass nach net laang hier, do huet den RTL Artikelen doriwwer geschriwwen, dass den ESC just vun osteuropäesche Länner oder vun enger Nonn déi séngt kéint gewonne ginn. Dat ass natierlech dee gréisste Bullshit.

Eppes mussen RTL a Lëtzebuerg generell awer wëssen: Beim ESC geet et net primär ëm d’Gewannen. Et geet primär dorëm dobäi ze sinn, säi Land ze representéieren a Spaass a Freed un dësem europäesche Projet ze hunn. Natierlech ass et flott wann ee Land sech gutt placéiert oder souguer gewënnt, mee dat ass net d’Haaptzil.

Wat ech mir vun RTL wënschen, wier e qualitativ usprochsvollen nationale Virentscheed. Eng intern Selektioun ass fir déi kulturell Welt aus deem Land ëmmer eng traureg Geschicht. Et ass nämlech sou, dass et net wéineg hardcore Fans gëtt, déi all Joer verschidden Nationalvirentscheeder kucken, och wa si déi Sproochen net verstinn. Déi national Virentscheeder hunn also schonn e groussen, internationale Public. Dat ass natierlech e grousst Potential vir all déi Museker*innen, déi do matmaachen.

Jo, mee Lëtzebuerg ass dach ze kleng fir sou e Virentscheed, denkt sech elo déi eng oder aner Persoun. Do sinn ech enger anerer Meenung. Aner kleng Länner, déi just e bësse méi grouss wéi Lëtzebuerg sinn oder souguer méi kléng wéi mir sinn, kréien dat säit Jore problemlos hin. Dat bescht Beispill dierft Island sinn, déi säit Joren schonn de Söngvakeppnin, hiren nationale Virentscheed, organiséiert. Ouni deen, géinge mir Haut guer net den Daði Freyr kennen.

Aner Länner verbanne mam nationale Virentscheed ganz vill aner kulturell Zeenen aus hirem Land, sou mécht dat zum Beispill Estland, e Land mat 1,3 Milliounen Awunner*innen, mam Eesti Laul: Do weisen si net just d’Kandidat*innen, déi géinteneen untrieden, mee si weisen och Deeler aus der estescher Kultur, hir Traditiounen oder och Clips déi vun estesche Schauspiller*innen an Theatergruppe produzéiert ginn. En nationale Virentscheed muss also net just wéi eng topeg Casting Show wierken, mee ka breetgefächert vill kulturell Aspekter ofdecken.

Am Duerchschnëtt schneiden déi Länner mat gudden nationale Virentscheeder am beschten of. Zu deene gehéieren d’Ukrain, Schweden, awer och Italien. A grad bei Italien gëtt et ganz interessant. D’Sanremo Music Festival ass eng richteg Instanz an der italieenescher Musekswelt. De Festival ass quasi dat Museksevent an Italien an ass méi al wéi d’Eurovision. Fir genee ze sinn, koum d’Inspiratioun fir de Grand Prix Eurovision de la Chanson Européenne souguer vum Sanremo Festival. Wien an Italien d’Sanremo Festival gewënnt, huet sech och automatesch als italieneschen Act fir d’Eurovision qualifizéiert. An e gutt Museksfestival bréngt och gutt Kandidat*inne fir d’Eurovision ervir.

Als Fazit kann een also behaapten, dass Lëtzebuerg besser huet, e gudden nationale Virentscheed opzebauen. Am beschten am Kader vun engem nationale Museksfestival. Domat hätt déi ganz Lëtzebuerger Kulturzeen och eppes dovun.


0 Kommentare

Schreibe einen Kommentar

Avatar-Platzhalter

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.