Op enger Konferenz, op der och den Energieminister Claude Turmes present war, huet den ACL eng Rei Argumenter géint d’Elektromobilitéit bruet, déi mat Sécherheet populistescher Natur sinn, wann net souguer Fake News sinn. D’Kommentaren ënnert dem Artikel wibbelen och vu Fake News a falsche Virurteeler, mee dat ass een:t bei RTL mëttlerweil leider gewinnt an do hunn ech éierlech gesot och kee Bock drop an ze goen.1

Also, bleiwe mir beim ACL. Baséiert ginn déi Aussoen op de Fait, dass ab 2030 zu Lëtzebuerg keng Autoe mat Verbrennungsmotor méi kënne kaf ginn. Den ACL zeechent en Weltënnergangsszenario, wou da just nach Elektroautoen duerch d’Géigend fueren an eng Iwwerlaaschtung vum Stroumnetz provozéieren. Den ACL verheemlecht awer, dass realistesch gesinn ab 2030 de prozentualen Undeel un Elektroautoe staark klamme wäert, et awer Joren, wann net Joerzéngten dauere wäert, éier de Verbrenner komplett verdrängt gëtt.

Virun allem warnt den ACL virun enger Iwwerlaaschtung vum Stroumreseau, well ze vill béis Elektroautoen op eemol ze vill gudde Stroum aus der Leitung suckelen. Op déi Ängschten (ech muss déi Saachen halt beim Numm nennen) ass d’Creos schonn 2018 an engem Newsletter agaangen. An dësem News letter huet d’Creos verséchert, dass een:t nach ganz wäit wech wier vun enger Iwwerlaaschtung vum Stroumnetz. Déi ëffentlech Chargy Bornë sinn och mat engem smart charging System ekipéiert. Dëse reegelt wéi vill Stroum an déi eenzel Autoe rageet, wann puer Autoe gläichzäiteg um Luede sinn. Ausserdeem léisst dësen och méi Stroum an den Auto, wann a Realzäit grad vill Stroum mat Wandkraaft a Photovoltaik produzéiert gëtt2. Privat Chargy Bornë kënnen och mat dësem smart charging System ekipéiert ginn3. D’Creos gëtt ausserdeem un, dass si méi Stroumleitunge leeë wäerten, éier d‘Stroumnetz, mat smart charging, u seng Limitte geréit. Der ACL hir Ängschte sinn also maximal onbegrënnt.

Den ACL hannerfreet och d’Stroumpräisser, also ob se stabil bleiwe wäerten an d’Verbraucher:innen net méi déif an d’Täsch gräife mussen. Do recommandéieren ech dem ACL e kléngen Ausfluch an d’Geopolitik:
Eise Stroum gëtt zum gréissten Deel an der EU produzéiert. Lëtzebuerg huet also, wéi alleguer aner EU Memberstaaten, e groussen Afloss op d’Stroumpräisser. Wann een:t et esou well, da setze mir eis d’Stroumpräisser selwer. Et ginn och ënnerschiddlech héich Produktiounskäschte bei de verschiddene Produktiounsmethoden. Fir de Stroumpräis also niddreg ze halen, musse mir virun allem déi Stroumproduktioun ausbauen, déi am gënschtegsten ass. Dat sinn halt Solarenergie a Wandenergieanlagen.
Wou kënnt dann eise Benzin an Diesel hir? Déi kommen aus de Golfstaaten. Op déi hunn mir kaum bis guer keen Afloss, wat d’Präisser vum Ueleg ugeet. Si sinn och de Grond, firwat eis Benzinspräisser aktuell sou héich si – Fir Drock op de Westen ze maachen, produzéieren si manner Ueleg wéi gebraucht gëtt: Eng kënschtlech Verknappung an domat eng kënschtlechen Hausse an de Präisser. Am Westen hu mir keen Afloss dorop.5
Ënnert dem Stréch also: De Portmonni vun de Verbraucher:innen ass besser drun, wann mir op d’Elektromobilitéit setzen. Dat alles weess den ACL och, mee wann een:t dat éierlech kommunizéiere géing, da kéint een:t net sou einfach mat den Ängschte vun de Leit spillen.

Fazit: Den ACL ass net éierlech mat de Leit. Hien spillt mat den Ängschte vun de Leit – eng populistesch Mesure – verbreet Hallefwourechten, wann net souguer Fake News an dat alles nëmme fir Stëmmung géint d’Elektromobilitéit opzebauen. Dat ass Schued an traureg mat un ze kucken. Et kann een:t seng legitim Grënn hunn, sech géint en Elektroauto ze entscheeden, zB. wann een:t heefeg wäit an d’Ausland fuere muss, wou se net mat sou engem gudden Netz u Bornë verwinnt sinn, wéi mir, an de Bus oder den Zuch keng Alternativ sinn. Dat wiere gutt Grënn, sech als Privatmënsch géint en Elektroauto ze entscheeden. Mee dat legitiméiert keng populistesch Campagne vum ACL.


Quellen a Verweiser:

1https://www.rtl.lu/mobiliteit/news/a/1798597.html

2http://www.creosnews.lu/la-voiture-electrique-va-t-elle-mettre-les-reseaux-sous-tension/

3https://www.creos-net.lu/actualites/actualites/article/publication-dune-nouvelle-note-dinformation-chargement-a-domicile-dune-voiture-electrique.html

4https://www.dw.com/de/klimaschutz-kohle-wird-unrentabel-solar-windenergie-gewinnen-deutschland-eu-usa-china-erdgas/a-53905661

5https://www.tagesschau.de/wirtschaft/verbraucher/benzin-so-teuer-wie-vor-der-corona-krise-101.html


1 Kommentar

Joey Waells · Februar 9, 2022 um 3:43 pm

Sinn op dain Blog gelandt, an wei erwaard fannen ech keng neutral Berichter, do gesait een dat hei een blann hanenrt der Regierung an dei Greng steet, egaal waat sie verzaapen!
„Fazit: Den ACL ass net éierlech mat de Leit. Hien spillt mat den Ängschte vun de Leit – eng populistesch Mesure – verbreet Hallefwourechten, wann net souguer Fake News an dat alles nëmme fir Stëmmung géint d’Elektromobilitéit opzebauen. “
Ech emschreiwen dir et, well du jo ze naiiv bas fir et anzegesinn.
Fazit: D’Regierung ass net éierlech mat de Leit. Sie spillt mat den Ängschte vun de Leit – eng populistesch Mesure – verbreet Hallefwourechten, wann net souguer Fake News an dat alles nëmme fir Stëmmung fir d’Impfung opzebauen.

D’Liewen dreint sech nett nemmen em sexualiteit, grow up .

Schreibe einen Kommentar

Avatar-Platzhalter

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.