All Vëlosfan kennt des Situatioun: Argumenter géint Vëlosinfrastrukturen, déi wann een:t méi genee hikuckt, keng Argumenter sinn. Dofir sinn hei meng 3 liiblings Fake Argumenter géint Vëlosweeër an aner Infrastrukturen.

„Ech gesinn dach keen:t mam Vëlo fueren, fir wien solle mir da Vëlosweeër bauen?“

Dat Argument ass eng Verdréinung vun Ursaach a Konsequenz. Dass keng Vëlosweeër do sinn, ass d’Ursaach dofir, dass sou wéineg Leit mam Vëlo fueren, net ëmgedréint. Vill Leit géingen nämlech léiwer mam Vëlo fueren, mee et ass de Leit ze geféierlech, well et net gutt genuch a sécher genuch Vëlosinfrastrukture ginn. Genausou géingen och méi Leit ëffentlech Verkéiersmëttel notze wann d’Offer besser wier. Mee do deet sech jo grad zum Gléck vill.

All Vëlosfan kennt des Situatioun: Argumenter géint Vëlosinfrastrukturen, déi wann een:t méi genee hikuckt, keng Argumenter sinn. Dofir sinn hei meng 3 liiblings Fake Argumenter géint Vëlosweeër an aner Infrastrukturen. „Ech gesinn dach keen:t mam Vëlo fueren, fir wien solle mir da Vëlosweeër bauen?“ Dat Argument ass eng Verdréinung vun Ursaach a Konsequenz. Dass keng Vëlosweeër do sinn, ass d’Ursaach dofir, dass sou wéineg Leit mam Vëlo fueren, net ëmgedréint. Vill Leit géingen nämlech léiwer mam Vëlo fueren, mee et ass de Leit ze geféierlech, well et net gutt genuch a sécher genuch Vëlosinfrastrukture ginn. Genausou géingen och méi Leit ëffentlech Verkéiersmëttel notze wann d’Offer besser wier. Mee do deet sech jo grad zum Gléck vill. Fun Fact: „Wer Straßen säht, erntet Autos“ – dat ass eng Beobachtung déi souguer stëmmt. E gutt Beispill ass do Los Angeles. Zu LA gouf et schonn ëmmer massiv Probleemer mat Stau a Verkéier generell. D’Léisung war méi Stroossen bauen, well: méi Stroossen = Stau verdeelt sech besser = manner Stau. Kléngt logesch! Ass awer falsch! Zu LA hu méi Stroossen just ëmmer méi Stau a Verkéiersprobleemer bruecht. Well et motivéiert d’Leit en eegenen Auto ze benotzen, am Plaz vum Vëlo oder den ëffentleche Verkéiersmëttel. Bei der Vëlosinfrastruktur gëllt dat nämmlecht. Besser Vëlosweeër féiert zu méi Vëlosfuerer:innen. Also firwat maache mir net „Wer Fahrradinfrastruktur säht, erntet Fahrradfahrer:innen“ doraus? „Eeler Leit fueren dach kee Vëlo!“ Falsch. Mäin Studentenexil ass jo Münster. Déi Vëlosstad an Däitschland (zwar huet Karlsruhe Münster mëttlerweil iwwerholl an d’Hollänner laachen iwwer d’Standarden aus dem Münsterland, mee et ass ëmmer nach em Welte besser wéi zu Lëtzebuerg). A well ech hei vill mam Vëlo ënnerwee sinn, gesinn ech och zimmlech gutt, wien alles an d’Pedallen trëtt. Déi meeschte Leit si Student:innen. Ass kloer, well et ass einfach aus ville Grënn mega praktesch. Et muss een:t keng Parkplaze sichen, kee Benzin bezuelen, et kann een:t säi Vëlo quasi iwwerall ofstellen asw. Mee direkt no de Student:inne kommen d’Rentner:innen. Et huet mech ufanks e bëssen iwwerrascht, mee et ass eigentlech ganz logesch. All Mënsch braucht kierperlech Beweegung an an enger Stad, déi eng gutt a sécher Vëlosinfrastruktur huet ass Vëlofueren eng gutt Manéier fir och am Alter fit ze bleiwen. Ausserdeem trauen sech vill Senioren net méi mam Auto ze fueren an da bleiwen do nëmmen nach déi ëffentlech Verkéiersmëttel an de Vëlo iwwereg, fir sech autonom fort ze beweegen. Zu Lëtzebuerg hunn ech d’Gefill, dass et just zwee Vëlosmodeller ginn: Mountainbikes a Sportsvëloen. Deem ass awer net esou. En Citybike, hei och nach „Hollandrad“ genannt fiert sech vill méi angeneem duerch eng Stad. Eppes wat ech hei zu Münster och ganz oft gesinn, si sougenannt „Parallel Tandems“: Zwou Persounen, meeschtens Rentner:innen, op engem Vëlo niewenteneen a lass geet de Spaass. Och gesinn ech ëmmer méi Senioren op Pedelecs, déi quasi ouni Ustrengung duerch d’Géigend jauwen. Och an Holland konnt een:t beobachten, dass vill Seniore Vëlofueren. Do kommen altersbedéngt Krankheeten och méi seele fir. Am Verdacht steet do de béise Vëlo, deen d’Leit fit hält. „Bei schlechtem Wieder an am Wanter fiert keen:t Vëlo!“ Et gëtt kee schlecht Wieder fir de Vëlo, mee schlecht un de Vëlo ugepassten Infrastruktur! Reen mécht an der Reegel Vëlosfuerer:inne wéineg aus: Eng gutt Reenjackett oder eng klassesch „Allwetterjacke“ a scho gëtt een:t net méi naass. Méi problematesch gëtt et awer am Wanter bei Schnéi an Äis. Mee do gëtt et eng ganz simpel Léisung: Wanterdéngscht. Hei zu Münster ass et genee sou normal déi Haapvëlosaxen ze streeën an de Schnéi wech ze raumen, wéi op de Stroossen. An Holland dat nämmlecht, firwat also net och bei eis? Dat waren dräi beléifte Fake Argumenter géint Vëlosinfrastrukturen a firwat si komplett Banann sinn. Dëse Blogartikel well ech awer mat mengem Liblingsargument pro Vëlo ophalen: Vëlofuere mécht einfach enorm vill Spaass!
Fahrradstraße Hittorfstraße zu Münster

Fun Fact: „Wer Straßen säht, erntet Autos“ – dat ass eng Beobachtung déi souguer stëmmt. E gutt Beispill ass do Los Angeles. Zu LA gouf et schonn ëmmer massiv Probleemer mat Stau a Verkéier generell. D’Léisung war méi Stroossen bauen, well: méi Stroossen = Stau verdeelt sech besser = manner Stau. Kléngt logesch! Ass awer falsch! Zu LA hu méi Stroossen just ëmmer méi Stau a Verkéiersprobleemer bruecht. Well et motivéiert d’Leit en eegenen Auto ze benotzen, am Plaz vum Vëlo oder den ëffentleche Verkéiersmëttel. Bei der Vëlosinfrastruktur gëllt dat nämmlecht. Besser Vëlosweeër féiert zu méi Vëlosfuerer:innen. Also firwat maache mir net „Wer Fahrradinfrastruktur säht, erntet Fahrradfahrer:innen“ doraus?

„Eeler Leit fueren dach kee Vëlo!“

Falsch. Mäin Studentenexil ass jo Münster. Déi Vëlosstad an Däitschland (zwar huet Karlsruhe Münster mëttlerweil iwwerholl an d’Hollänner laachen iwwer d’Standarden aus dem Münsterland, mee et ass ëmmer nach em Welte besser wéi zu Lëtzebuerg). A well ech hei vill mam Vëlo ënnerwee sinn, gesinn ech och zimmlech gutt, wien alles an d’Pedallen trëtt. Déi meeschte Leit si Student:innen. Ass kloer, well et ass einfach aus ville Grënn mega praktesch. Et muss een:t keng Parkplaze sichen, kee Benzin bezuelen, et kann een:t säi Vëlo quasi iwwerall ofstellen asw. Mee direkt no de Student:inne kommen d’Rentner:innen. Et huet mech ufanks e bëssen iwwerrascht, mee et ass eigentlech ganz logesch. All Mënsch braucht kierperlech Beweegung an an enger Stad, déi eng gutt a sécher Vëlosinfrastruktur huet ass Vëlofueren eng gutt Manéier fir och am Alter fit ze bleiwen. Ausserdeem trauen sech vill Senioren net méi mam Auto ze fueren an da bleiwen do nëmmen nach déi ëffentlech Verkéiersmëttel an de Vëlo iwwereg, fir sech autonom fort ze beweegen.

Vëlosfuerer:innenstatistik Holland
Statistik vu Vëlosfuerer:innen an Holland no Alter sortéiert1

Zu Lëtzebuerg hunn ech d’Gefill, dass et just zwee Vëlosmodeller ginn: Mountainbikes a Sportsvëloen. Deem ass awer net esou. En Citybike, hei och nach „Hollandrad“ genannt fiert sech vill méi angeneem duerch eng Stad. Eppes wat ech hei zu Münster och ganz oft gesinn, si sougenannt „Parallel Tandems“: Zwou Persounen, meeschtens Rentner:innen, op engem Vëlo niewenteneen a lass geet de Spaass. Och gesinn ech ëmmer méi Senioren op Pedelecs, déi quasi ouni Ustrengung duerch d’Géigend jauwen. Och an Holland konnt een:t beobachten, dass vill Seniore Vëlofueren. Do kommen altersbedéngt Krankheeten och méi seele fir. Am Verdacht steet do de béise Vëlo, deen d’Leit fit hält.

„Bei schlechtem Wieder an am Wanter fiert keen:t Vëlo!“

Et gëtt kee schlecht Wieder fir de Vëlo, mee schlecht un de Vëlo ugepassten Infrastruktur! Reen mécht an der Reegel Vëlosfuerer:inne wéineg aus: Eng gutt Reenjackett oder eng klassesch „Allwetterjacke“ a scho gëtt een:t net méi naass. Méi problematesch gëtt et awer am Wanter bei Schnéi an Äis. Mee do gëtt et eng ganz simpel Léisung: Wanterdéngscht. Hei zu Münster ass et genee sou normal déi Haapvëlosaxen ze streeën an de Schnéi wech ze raumen, wéi op de Stroossen. An Holland dat nämmlecht, firwat also net och bei eis?

Dat waren dräi beléifte Fake Argumenter géint Vëlosinfrastrukturen a firwat si komplett Banann sinn. Dëse Blogartikel well ech awer mat mengem Liblingsargument pro Vëlo ophalen: Vëlofuere mécht einfach enorm vill Spaass!


Verlinkung:

1www.statista.com/statistics/620201/average-biking-distance-per-person-per-day-netherlands-by-age/

Kategorien: Transport

0 Kommentare

Schreibe einen Kommentar

Avatar-Platzhalter

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.