Meme aus Pokémonspiller: "Wat d'adr entwéckelt sech? Gléckwonsch, d'adr huet sech zur AfD entwéckelt"

D’AfD’iséierung vun der adr ass ofgeschloss

Laang konnt beobacht ginn, wéi d’adr ëmmer méi vun enger riets-konservativer Partei entfernt an sech zu enger Sort AfD op lëtzebuergesch entwéckelt. Mëttlerweil ass dës Entwécklung ofgeschloss a si flirten ëmmer méi mat Schwurbler:innen a Rietsextremist:innen. An dësem Blogpost verallgemengeren ech reegelméisseg „den adr“, domat mengen ech eenzel Politiker:inne vun der Partei. Weiterlesen…

#EtGeetDeckDuer

De 4. Dezember ass d’Marche Blanche Demo vun de Schwurbler:innen nawell eskaléiert. Ech sinn doriwwer frustréiert, rosen, traureg an ech schumme mech. Ech well an dësem Blogpost eng Kéier probéieren ze analyséieren, wat do geschitt ass. Ech war net sur Place. Ech benotze Material aus Artikele vun online Zeitungen an aus de soziale Medien. Ech Weiterlesen…

Bous & Scheierbierg am Schnéi

Meng Iddie fir d’Gemeng Bous

Zanter Méint spillen ech mëttlerweil scho mam Gedanken, fir d‘Gemengewalen 2023 ze kandidéieren. Dowéinst maachen ech mir och schonn zanter Méint Gedanken doriwwer, wat zu Bous alles kéint verbessert ginn, wou ech mech asetze kéint asw. An dësem Blogpost well ech dofir meng gréissten Iddie präsentéieren, an déi scho vill Gedankeschweess gefloss ass. Mee Weiterlesen…

Von Kris, vor
Vu op d'Rue de la Fontaine

Wéi wier et mat méi Bierger:innenabannung Gemeng Bous?

D’Bierger:inne vu Bous gi kaum an Entscheedungen agebonnen, déi d’Gemeng trëfft an d’Informatiounen, déi d’Gemeng raus gëtt, sinn och relativ limitéiert. Dat ass en Zoustand, deen absolut net mengem Demokratieverständnis aus dem 21. Joerhonnert entsprécht. Wat mécht eng Gemeng aus, déi aus klengen Dierfer besteet an eng Majorzgemeng ass? Genau, den enke Kontakt tëschent Bierger:innen Weiterlesen…

#Querdenkentöten

De Mord um Alex, e Student den an Idar-Oberstein an enger Tankstell gejobbt huet, schockéiert grad ganz Däitschland. Säin Mäerder – e Maskenverweigerer a Pandemieleegner. Wat ass geschitt? De Mäerder wollt an der Tankstell, wou den Alex geschafft huet, Béier kafen. Mee well hie keng Mask unhat, duerft den Alex hien net zerwéieren. De Weiterlesen…

Lëtzebuerg mir musse schwätzen

Mir musse schwätzen iwwer ons Demokratie an ons Walen. Et ginn nämlech Zoustänn zu Lëtzebuerg, déi mir net sou stoe loosse kënnen, soss kéint ons Demokratie drënner leiden. Nee, mir riskéieren net an en totalitäre System ze verfalen, eis Demokratie huet just Feeler, déi ausgebessert musse ginn. Eent dovun huet mat onse Walbezierker ze dinn. Weiterlesen…