Et ass e kompletten Zoufall, mee e puer Deeg nodeems ech mäin Blogartikel zum Walsystem zu Lëtzebuerg geschriwwen hunn, huet Reporter zum nämmlechten Thema publizéiert. An dësem Blogartikel well ech op e puer Zeilen aus dem Artikel agoen (ech hunn de Blogartikel net direkt publizéiert, well ech fir d’éischt eemol e puer Artikele sammele wollt, fir dass ech am Ufank der direkt puer matenee publizéiere kann). Wann dir en Abo beim Reporter hutt, kënnt dir hei den Artikel liesen:
👉 https://www.reporter.lu/luxemburg-reform-wahlsystem-demokratie-mit-dem-taschenrechner/

“[…] kaum eine andere politische Frage kann für Parlamentarier so existenzbedrohend wirken wie eine Anpassung des Wahlsystems. […] Dadurch könnte ein neues Wahlverfahren selbst bei unveränderten politischen Mehrheiten das Ende der parlamentarischen Karriere eines Abgeordneten bedeuten.”

Déi Zeilen do fannen ech immens interessant, well et mengen ech ee vun de Grënn ass, firwat de Walsystem nach net geännert gouf: 1. aus Bequeemlechkeet an 2. well den Deputéiert:en den Aarsch geet, den eegene Sëtz beim neie Walsystem ze verléieren. Dobäi sollen d’Deputéiert:er sech fir d’Bevëlkerung asetzen an net dofir, hiren eegene Kickes ze retten. Do sollten eigentlech déi eegen Interessen hannert deene vun der Bevëlkerung stoen an dofir dierft dat keen Argument géint eng Reform vum Walsystem sinn.

Déi selwecht Rechnung, déi ech am anere Blogartikel gemaach hunn, huet wuel och de Reporter gemaach. Si sinn och op den Entschloss komm, dass et grouss Ongläichheete bei der Gewiichtung vun den eenzele Bezierker gëtt an dass wann een:t dat ausgläiche wéilt, den Zentrum Sëtz verléiert an de Rescht der gewënnt.

“[“]Dass eine Mehrheit der Bevölkerung kein Wahlrecht besitzt, bleibt das größte Problem in Luxemburg“, sagt der Politologe Philippe Poirier. Zwar hätten die Luxemburger dem Ausländerwahlrecht 2015 per Referendum eine Absage erteilt. Doch das ändere nichts am anhaltenden Demokratiedefizit[.]” Den Här Poirier huet domat e ganz wichtege Probleem op de Punkt bruet. Bei de Chamberswalen 2018 waren d’Lëtzebuerger:innen nach an enger ganz knapper Majoritéit par Rapport zu den Auslänner:innen zu Lëtzebuerg. Dat wäert warscheinlech 2023 ëmgedréint de Fall sinn. Kënne mir dann iwwerhaapt nach vun enger Demokratie schwätzen, wann d’Majoritéit vun der Bevëlkerung am Land net matbestëmmen dierf? Mech erënnert dat ganz ferm un d’Ufäng vun der Demokratie, wou just Männer mat vill Goss walberechtegt waren. Also eng Elite. Ech wäert mech definitiv schummen, wann mir zu Lëtzebuerg quasi rëm just eng minoritär “Elite” hätten, déi wielen dierfen.

Dass mir de Referendum vun 2015 ëmmer nach als Legitiméierung benotzen, fir d’Auslänner:innenwalrecht net un ze packen ass och ganz peinlech. Mir kënnen eis nach alleguer zimmlech gutt un d’Ëmstänn erënneren, déi zum Resultat vun dem Referendum gefouert hunn. “Ech ginn dem Bëttel dach keng Stëmm!”, Populismus an eng verfeelte politesch Opklärung zu de Sujete waren d’Grënn. An déi ganz komplizéiert Formulatioun “fakultatiivt Walrecht” mat deem sech vill Leit net aktiv ausernee setze wollten, dierf een natierlech och net vergiessen. Mir dierfen de Referendum net als Virwand benotzen, fir d’Walrechterweiderung op d’Auslänner:innen awer och op 16-järeg Mënschen, net méi un ze schwätzen. Dat si wichteg Punkten, déi zu Lëtzebuerg onbedéngt mussen ëmgesat ginn, fir eis Demokratie ze verdeedegen!

D’Argument vum Simone Asselborn-Bintz géint Duebelmandater “Wenn nur Schöffen und Bürgermeister nicht gleichzeitig ein Abgeordnetenmandat ausführen dürfen, sitzt danach die kommunale Opposition im Parlament. Das ist auch schwer zu rechtfertegen” ass iwwerdeems komplett Banann a stëmmt einfach net. Och wann een an der Gemeng an der Koalitioun sëtzt an an d’Chamber gewielt gëtt, kann an der Gemeng eng aner Persoun aus der eegener Partei norutschen. D’Koalitioun besteet dann ëmmer nach an d’Chamber wäert net voll vu “kommunaler Oppositioun” sinn. An enger Majorzgemeng ass dat mam Norutschen eng aner Saach, vu dass dann net onbedéngt eng Persoun aus der nämmlechter Partei noréckelt. Mee do ginn et awer och weeder Koalitioun nach Oppositioun. Natierlech kann eng gewielte Persoun och ëmmer nach refuséieren an d’Chamber ze goen a seng Positioun an der Gemeng weiderhi bestreiden.

Ech hunn elo souwuel am aneren, wéi och an dësem Blogartikel virun allem kritiséiert, awer selwer kaum Léisunge proposéiert. Dofir zielen ech elo hei e puer Punkten op, déi ech ganz wichteg fir eng Reform am Walrecht fannen:

  • Auslänner:innenwalrecht an domat eng Vergréisserung vun de Sëtz an der Chamber
  • Walrecht ab 16
  • Ofschafe vun der Walflicht
  • Reduktioun op 1 oder 2 Walbezierker
  • D’Verdeelung vun de Sëtz pro Bezierk virun all Wal nei ausrechnen
  • D’Spëtzekandidat:inne solle separat zu de Parlamentarier kënne gestëmmt ginn, soudass een an all Bezierk déi nämmlecht Spëtzekandidat:inne wiele kann. Domat gëtt och de “Brain Drain” vu Politiker:innen aus dem Norden an Osten a Richtung Zentrum a Süde reduzéiert.

Kuerz nach zum Auslänner:innenwalrecht: Dat muss natierlech u Konditioune gestréckt sinn. Ech si mir selwer net ganz sécher, wéi déi Konditiounen am beschten ausgesi sollen. Aktuell fannen ech et realistesch, wann d’Auslänner:innen an engem Zäitraum vun de leschte 5 Joer zu Lëtzebuerg gewunnt hunn an/oder an de leschten 3 Joer zu Lëtzebuerg geschafft hunn, fir d’Walberechtegung ze kréien.

Kategorien: Demokratie

0 Kommentare

Schreibe einen Kommentar

Avatar-Platzhalter

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.