Dat ass e Virworf, deen een als Member bei déi Gréng nawell heefeg ze héiere kritt. Grad wann Wale sinn a virun allem aus Aktivist:innenkreeser wéi Fridays for Future. Fir eng kuerz a knapp Äntwert ze ginn: eng gréng Partei, déi sou gréng ass, wéi se selwer well sinn, géing et net an eng Regierung packen. Ech gi souguer sou wäit, dass ech denken, dass sou eng gréng Partei et net eemol op 5% packe géing.

Dat huet vill mam Opbau vun eiser Gesellschaft ze dinn. Déi grouss Majoritéit vun der Gesellschaft besteet nämlech aus Boomer. Also aus Leit, déi +/- tëschent 1955 a 1965 gebuer sinn. Déi Grupp u Leit hunn domat och de gréissten demokratesche Pouvoir. Leider ass et awer och esou, dass déi Generatioun sech net wierklech fir e méi radikalen Ëmwelt- a Klimaschutz interesséiert. Fir et e bëssen zynesch aus ze drécke läit et dorun, dass déi Generatioun déi grouss Auswierkunge vun der Klimakris net méi erliewe wäerten. Dat ass natierlech immens pauschaliséiert, well et och vill Boomer ginn, déi sech ganz wuel dofir interesséieren, mee leider sinn déi an der Ënnerzuel.

Well Politik ëmmer eng demographieorientéiert Saach ass, ass een als Partei ëmmer am Gaang Kompromësser an ze goen. Kompromësser mat de Wieler:innen, éier een:t iwwerhaapt gewielt gëtt. Eng gréng Partei gesäit sech dowéinst gezwongen, sech ze méissegen, fir iwwerhaapt gewielt ze ginn an domat politesch Muecht ze kréien.

Gréng Parteie sinn also an engem Dilemma. Si gi vun Aktivist:inne kritiséiert, net gréng genuch ze sinn, obwuel si dat selwer och wéilten. Mee wann si et maache géingen, da géingen si Wieler:inne verléieren.

Mech nervt dat och enorm. Ech gesi mech nämlech als Fundi a géing och gäre méi fir Klima an Ëmwelt fuerderen. Mee ech weess och, dass déi „bitter to swallow pill“ déi ass, dass eng manner radikal gréng an der Regierung, eng besser gréng ass, wéi eng schwaach, radikal gréng an der Oppositioun. A mir wëssen awer alleguer, dass een Ëmwelt- a Klimathemen deenen aneren net iwwerloosse kann.

Kategorien: déi gréng

0 Kommentare

Schreibe einen Kommentar

Avatar-Platzhalter

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.