D’lescht Woch hat ech, als Reaktioun op en Artikel, e Lieser*innebréif geschriwwen. Wéi gewinnt, ass deen net publizéiert ginn. Ech weess net, wat ee maache muss, fir dass et publizéiert gëtt. Mee dat stéiert mech net, frech fannen ech just, dass een net emol eng Äntwert vun de Redaktioune kritt, wann de Bréif net an enger Zeitung verëffentlecht gëtt. Bon, ech wënschen iech vill Spaass, beim Liesen 🙂

Géif, reng hypotheetesch gesinn, eng Lëtzebuerger Dageszeitung e Lieser*innebréif vu mir publizéieren, an dem ech mech iwwert Zoustänn vun enger „racaille“ un „avocats déguelasses“ am Stater Palais de la Justice beschwéiere géif, déi viru Geriicht mat allem dervu kënnt, géif ech dann, natierlech reng hypotheetesch gesinn, fräigesprach ginn, wann ech wéinst Opruff zum Haass ugeklot géif ginn? Ëmmerhi wéilt ech mat sou engem hypotheetesche Meenungsbäitrag op eng akut Problematik hiweisen a géif op kee Fall d’Grenze vun der fräier Meenungsäusserung iwwerschreide wëllen. Ausserdeem géif ech an dem reng hypotheetesche Bréif och net alleguer d’Affekot*inne – weder explizitt nach implizitt – als „racaille“ a „déguelasse“ bezeechne well ech „am Stater Palais de la Justice“ geschriwwen hätt, a mech domat just op e puer Leit mat dem Beruff, déi an der Stad täteg sinn, bezéie géif. Obwuel mäi Bäitrag an dem hypotheetesche Fall bei Lieser*innen e Gefill vun Eekel an Haass op verschidde Jurist*innen aus der Stad ausléise kéint, kéint bei mir keng béis Intentioun nogewise ginn an ech géif fräigesprach ginn?

Hypotheetesche Fall a Spaass beiseite, de prominente Fall vum Gaston Vogel sengem Fräisproch weist op eng schockéierend a frappant Aart, wéi wéineg eis Gesetzer an eis Richter*inne géint de gesellschaftszerräissenden Haass ausriichte kënnen oder wëllen. Grad elo an enger Zäit, wou den Haass, souwuel offline, wéi och online, eis Gesellschaft ëmmer méi a verschidde Lager spléckt, erweist sech eis Justiz alt nees als net kapabel, adequat mat Haass ëmzegoen. Dat ass traureg.


Den ugeschwatenen Artikel: https://www.wort.lu/de/lokales/deshalb-wurde-gaston-vogel-freigesprochen-63d92af1de135b923629588e


0 Kommentare

Schreibe einen Kommentar

Avatar-Platzhalter

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.