Nee, China huet dat net wierklech fir. Mee dat ass d‘Zesummefaassung vun enger Verschwierungserzielung, der ech an engem Kontext begéint sinn, wou ech net mat gerechent hat. Mee ech muss e bëssen dofir aushuelen.

Ech kucken eigentlech kaum nach Fernsee. Wann da kucken ech Saachen iwwer d’Mediathéiken, déi mech interesséieren. Grad Privatfernsee kucken ech wierklech kaum nach. A wann ech Fernsee kucken, da meeschtens wann ech bei mengen Eltere sinn a grad ee leeft. Am Ufank vun der Pandemie, ech weess mol net méi genee wéini, war sou ee Moment: Meng Elteren, mäi Brudder, mäi Frënd an ech waren an der Kichen, kuerz virum Mëttesiessen an de Fernsee war un (jo, meng Elteren hunn ee Fernsee an der Kichen, deal with it). Et war eng Emissioun um History Channel, wou ech de Numm net vu kennen. An der Emissioun „decken“ se komesch Saachen „op“, déi op Satellittebiller am Internet ze gesi sinn. Ech hu mir net vill dobäi geduecht, et kléngt nom nämmlechte Content wéi vu mediokere Youtube Channels, déi mat wéineg Opwand vill Views generéieren.

Satellitebild Chineseschen Eiffeltuerm
Satellittebild vum chineseschen Eiffeltuerm, e méi neit Bild, wéi dat wat am Fernsee gewise gouf.

Mee déi Emissioun huet mech wierklech schockéiert. Op Satellittebiller hunn se nämlech eng riseg Baustell matzen a China fonnt. An der Mëtt stoung eng Kopie vum Eiffeltuerm. Zu dem Moment war scho ganz laang gewosst, dass China lauter europäesch Stied quasi nobaut, an och Paräis sou eng Stad ass. So, case closed, déi Emissioun huet Kopie vu Paräis op Satellittebiller fonnt. Denkste. Déi Emissioun huet doraus eng 1a, geféierlech Verschwierungserzielung produzéiert. China géif Paräis 1 zu 1 nobauen, fir dass déi chineesesch Arméi den Amarsch a Paräis trainéiere kéint.

Dat ass kee Witz! Dat huet déi Sendung legit als „déi am warscheinlechsten zoutreffend Erklärung“ fir dës Satellittenopnahme verkaf. Ech hu mir leider net verhalen, wéi déi Sendung heescht a konnt dofir net recherchéieren, wéini se gedréit gouf. Ech si mir awer wierklech sécher, dass deemools scho laang bekannt war, dass China europäesch Stied kopéiert. Ëmmerhin si schonn 2011 Fotoe vun der éisträichescher Kopie a China opgetaucht. Dat chineesescht Paräis ass och schonn zanter Jore fäerdeg „gebaut“. Firwat huet History Channel dës geféierlech Verschwierungserzielung net aus dem Programm geholl? Wat huet History Channel eigentlech dovun, den europäesche Public mat sou enger Verschwierung ze fidderen?

Jo, okay, History Channel ass bekannt dofir, qualitativ schrottwäerteg Emissiounen ze produzéieren an auszestralen, déi hire Viewer:inne vun der Existenz vun Aliens iwwerzeege wëllen. Wëssenschaftlech Fakte sinn um History Channel wierklech just ganz seelen ze fannen. Et huet mech trotzdeem schockéiert. Well et eben an dësem Fall keng harmlos Verschwierung ass, wéi den 1.000 Beweis, dass et de Sasquatch sollt ginn. Nee, et ass eng potenziell geféierlech Verschwierung, China hätt aktiv Pläng, Frankräich ze bekrichen. An da leeft dat och nach matzen am Dag um Fernsee. Ech si gewinnt sou e bullshit am Internet op Telegram oder de komeschen Ecken op Youtube ze fannen. Mee net am Fernsee. Gutt, villäicht ass dat och normal an ech hunn dat verdrängt, zanter ech kee Fernsee méi kucken.

Heiansdo stellen ech mir Haut nach d’Fro, wéi vill Leit dat gleewen, wat se an der Emissioun do gesinn hunn. Ech weess just, dass dat deemools um Kichendësch bei eis an enger Diskussioun ausgeaart ass. Der ginn et der leider heefeg op dem Dësch, wéinst de Sender déi op dem Fernsee gekuckt ginn. Leschtens nach, well den däitschen RTL behaapt huet, Charkiw wier eng pro-russesch Stad, wat komplett falsch ass. Charkiw ass eng majoritär russeschsproocheg Stad, wat keng pro-russesch Stad doraus mécht. Dat sinn déi Feelinformatiounen, déi beim däitschen RTL a co leider heefeg verbreet ginn a vun ze ville Leit gekuckt ginn. Et beweist op alle Fall, dass mir nach vill a Saache Mediekompetenz maache mussen.


0 Kommentare

Schreibe einen Kommentar

Avatar-Platzhalter

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.