An de Schwurbelchats ass mëttlerweil d’Info duerchgesickert, dass zwou bekannte Persounen aus der Schwurbelszene, beim Kloertext vum RTL invitéiert sinn. Dass mënsch antidemokratesche Beweegungen eng Méiglechkeet bitt, virun dausende vu Leit, hir antidemokratesch Theesen am Fernsee ze verbreeden, fannen ech méi wéi problematesch. Mee dorëms geet et an dësem Blogpost net. An dësem Blogpost probéieren ech iech, unhand vun engem fiktive Beispill, einfach ze erklären, wat False Balancing ass.

A menger fiktiver Talk Show Fakten op den Dësch dréint sech Haut alles ronderëm Zocker. Déi zwou Expert:innen aus der Grupp A sinn duerch hir Studien iwwerzeegt, dass Zocker schiedlech fir de Kierper ass. Si treffen op déi zwou Expert:innen aus der Grupp B, déi duerch hir Studien iwwerzeegt sinn, dass Zocker gutt fir de Kierper ass. Den Debat an Fakten op den Dësch leeft 90 Minutte laang an en ass komplett fair opgedeelt. Um Enn hunn d’Expert:innen aus Grupp A an aus Grupp B jeeweils 45 Minutte laang Fakten an Zuelen aus hire Studien opgezielt. Keng Grupp geet kloer als Gewënner:in aus der Diskussiounsronn raus. Och d’Moderatioun war, an aller Professionalitéit, komplett neutral an huet kenger Säit d’Partie gehalen.

Wéi wierkt dat op de Public?

De Public ass heterogen. Et sinn der drënner, déi selwer vill Anung iwwer Zocker hunn. Dat sinn der awer net vill. De Gros weess net immens vill doriwwer. Déi meescht maachen sech e bëssen Zocker an de Kaffi oder an den Téi. Si wëssen, dass Zocker a ville Séissegkeeten dran ass an dass Zocker séiss schmaacht. Méi wëssen se net doriwwer (Nott: natierlech weess den Duerchschnëttsmënsch méi iwwer Zocker, mee dat hei ass e fiktiivt Gläichnis). De Public gesäit also, wéi wärend 90 Minutte Grupp A a Grupp B hir Argumenter a Resultater, aus hire jeeweilege Studien, fair opgedeelt präsentéieren. Et steet 50:50. Also denkt de Public sech um Enn vun deenen 90 Minutte „Ah Bon. Sou wéi et ausgesäit, gëtt et jo kleng richteg Äntwert op déi Fro, op Zocker schiedlech ass oder net. Si sinn sech jo kloer net Eens ginn. Vu dass si jo alleguer Expert:inne sinn, hunn si jo alleguer iergendwou Recht.“

D’Realitéit gesäit aneschters aus

Wat de Public allerdéngs net am Fakten op den Dësch gesinn huet, ass dass d’Expert:inne weltwäit net 50:50 agestallt sinn, wat déi Fro ugeet. A Wierklechkeet sti 95% vun den Expert:innen op der Säit vu Grupp A a soen, dass Zocker schiedlech fir de Kierper ass. Hannert der Grupp B stinn allerdéngs just 5% vun de weltwäiten Expert:innen (Nott: dës Zuele si fräi erfonnt fir dëst Gläichnis!). De wëssenschaftleche Konsens läit an dësem Fall bei der Grupp A. De Public weess dat awer net. De Public konnt sech just bei Fakten op den Dësch zu dem Thema informéieren. Si hu keng Zäit a kennen sech net gutt genuch mam Thema aus, fir akribesch alleguer Studien duerchzeliesen a sech selwer e Bild dovun ze maachen. Si sinn op dat Bild ugewisen, dat Fakten op den Dësch hinne liwwert, fir sech dann dorop eng Meenung ze bilden. Leider huet Fakten op den Dësch gemengt, aus Fairness misste béid Säite gläichermoosse behandelt ginn, dat huet allerdéngs d’Bild vun der Realitéit verzerrt.

Hei nach eng gutt Grafik vu mimikama.at, déi False Balancing ganz einfach duerstellt. En Artikel vu mimikama dozou ass ënne verlinkt.

False Balance: Klassisches System
https://www.mimikama.at/wp-content/uploads/2021/06/fbt1.jpg.webp

Fazit

Wat maachen ech elo mat dem Wëssen? Ma wann et elo tatsächlech zu der Situatioun kënnt, wou de Kloertext zwou Schwurbler:innen invitéiert an als Géigepol zwou Expert:innen invitéiert huet, da bedenkt, dass d’Schwurbler:innen a Wierklechkeet eng ganz krass Minoritéit sinn an net 50% vun der Bevëlkerung entspriechen. Si entspriechen nämlech bei wäitem net eemol 1%.


Verweiser:

https://www.mimikama.at/aktuelles/false-balance-problem/


0 Kommentare

Schreibe einen Kommentar

Avatar-Platzhalter

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.